Header for Proposition de modification du Règlement de la Cham bre des Députés relative aux propositions de loi

Proposition de modification du Règlement de la Cham bre des Députés relative aux propositions de loi

Dës Ried hunn ech den 20/05/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Proposition de modification du Règlement de la Cham bre des Députés relative aux propositions de loi” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir, mir alleguerte sinn d’Legislativ. Mir all zesummen, all Deputéier ten an all Deputéiert heibannen, sinn d’Legislativ.

Mee wann ech mech hei esou ëmkucken, da kënnen heibanne wuel déi wéinegst behaapten, datt se an dëser Legislaturperiod oder och an deene lesch ten zéng Joer eng Gesetzespropositioun age reecht hunn, geschweige denn, datt iwwert dës Pro positioun och nach am Plenum ofgestëmmt gi wier.

Dat ass bei der Majoritéit verständlech, well d’Texter komme jo vun der Regierung; d’Regierungsbeamte schreiwe se a se ginn dann och an de Kommissioune prioritär behandelt, esou wéi et an eisem Reglement steet.

Mir Piraten hu vläicht an enger jugendlecher Eupho rie, déi een eis jo gären noseet, schonn eng ganz Rei Propositions de loi agereecht, mee dat ass eigent lech net d’Reegel. Déi meescht vun eis heibanne maachen dat éischter rar. An datt d’Majoritéit dann natierlech Projetdeloie méi séier aviséiert kritt, méi séier gestëmmt kritt, ass d’Reegel. Dat ass näischt Neies. Dat ass och keng nei Entwécklung. Nee, et ass eppes, mat deem een e bëssen esou geléiert huet ze liewen. An dobäi ass et awer eng geféierlech Situatioun, well u sech d’Gewaltentrennung tëscht Exekutiv a Legislativ seet, datt et d’Legislativ ass, bei där d’Originn vun den Texter sollt sinn. An et ass dës Legislativ, déi mer haut stäerken.

Mir begréissen duerfir dës Propositioun, déi zum Zil huet, den Traitement vun de Gesetzespropositiounen ze beschleunegen. Eng modern a participativ Demo kratie brauch méi wéi eng Chamber, an där d’Majori téit dat duerchsetzt, wat d’Regierung proposéiert.

Natierlech wäert dësen Text d’Gesetzesproposi tiounen net éischter gestëmmt kréien. Do maache mer eis näischt vir. Dat, wat mer awer doduerjer garantéieren, ass, datt se hei am Plenum, do wou se hi gehéieren, an der Ëffentlechkeet diskutéiert kënne ginn.

Et gëtt iwwregens nach e weidere Quack, an dat hu mer am Debat vun där heite Propos gesinn: Wann nämlech en Deputéierten an dat huet de Kolleeg David Wagner, mäi fréiere Kolleeg David Wagner, nämlech och schonn dës Legislatur eng Kéier gewi sen , wann een nämlech als Deputéierte vun der Oppositioun seng Proposition de loi zréck an de Plenum kritt, wann een dann all d’Avisen an alles huet, muss een e Rapport schreiwen, deen an der Kommissioun majoritär ugeholl gëtt, wat dann zu där kokasser Situatioun féiere kann, datt een als Auteurrapporteur hei steet an als Éischt als Rapporteur seet: „Also ech erzielen Iech elo dat, wat d’Kommissioun zu mengem Text zréckbehalen huet; iwwregens, d’Majoritéit seet, datt en net gestëmmt gëtt“, an dann duerno d’Kap wiesselt an als Auteur vun der Propos erëmkënnt a seet: „Also ech géif awer gär derfir stëmmen, mee d’Majoritéit ass eeben anerer Meenung.“ Dat ass och eng kokass Situatioun. Do misst ee sech och eng Kéier d’Fro stellen, wéi een dat bei de Propositiondeloie generell handhaabt, well et awer eng duebel Kap ass, déi net onbedéngt ëmmer fonctionéiert.

Ech fannen et awer gutt, wann dat heiten dozou féiere wäert, datt mer hei am Plenum méi heefeg iwwer Propositiondeloie kënnen diskutéieren an datt mer se net, wéi elo grad vun der Madamm Cecchetti virgedroen, zéng Joer drop nach ëmmer um Rôle matschleefen. Ech mengen, do kéint een och eng Kéier eng Fréijoersbotz maachen an e puer Saache vum Rôle sträichen, déi manifestement keng Chance méi hunn, jee eng Kéier an de Plenum ze kommen. Mir wäerten dës Propos hei matstëmmen.

Merci.