Header for Proposition de modification du Règlement de la Chambre des Députés visant à in sérer dans le Règlement de la Chambre des Députés une possibilité de rendre publics les procèsverbaux du Bureau et de la Conférence des Présidents

Proposition de modification du Règlement de la Chambre des Députés visant à in sérer dans le Règlement de la Chambre des Députés une possibilité de rendre publics les procèsverbaux du Bureau et de la Conférence des Présidents

Dës Ried hunn ech den 12/05/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Proposition de modification du Règlement de la Chambre des Députés visant à in sérer dans le Règlement de la Chambre des Députés une possibilité de rendre publics les procèsverbaux du Bureau et de la Conférence des Présidents” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Här Presi dent, Dir Dammen an Hären, den 30. Abrëll hunn ech dës Proposition de modification du Règlement deposéiert, déi initial als Zil hat, fir, mëttels engem Vott, d’Procèsverballe vun der Conférence des Présidents a vum Bureau kën nen ëffentlech ze maachen.

Mäin Zil, an dat verstoppen ech net, war, fir eng generell Dispositioun ze fannen, eppes, wat et erméiglecht hätt, fir Transparenz net nëmmen am État de crise ze schafen, mee wat deene jeeweilege Gremien d’Chance ginn hätt, selwer ze entscheeden, wéini eppes public kéint ginn oder net. D’Diskussiounen an der Kommissioun hu sech awer, entgéint menger Hoffnung, eenzeg an eleng op d’Verëffentleche vun de besote Rapporte wärend dem État de crise beschränkt.

Eis Propositioun huet virgesinn, datt awer d’Membere vun deene jeeweilege Gremien an do rejoignéieren ech de Marc Baum, wann et och nach ëm d’Stëmmrecht an deene Gre mie geet, wou am Moment ëmmerhi ganzer aacht Deputéierter vu 60 net mat engem Stëmmrecht an der Conférence des Présidents vertruede sinn, notamment d’ADR, déi Lénk an d’Piraten , datt déi Memberen, déi e Stëmm recht hätten, also largement d’Majoritéit ent scheet hätt, ob, a wa jo, ënner wéi enger Form eppes verëffentlecht gi wier.

Bref, dës Propositioun gouf net zréckbehalen, an an der Diskussioun, déi och vum Rapporter, deem ech Merci soe fir de Rapport a fir d’Vir aarbecht, duergeluecht gouf, gouf eng nei Pro positioun ausgeschafft, déi dunn an der Kom missioun de Konsens fonnt huet, mam Zil, datt mer iwwerhaapt eppes géife kréien, datt mer wéinstens d’Dier e bësse géifen opmaachen. Et ass wäit ewech vu „Fënstere grouss oprappen an déi Gremie …

(Interruption)

… méi transparent maachen“. Et ass definitiv just e Spalt wäit, wou eng Dier opgemaach gëtt. Et ass awer e wichtege Spalt, well grad an dësem État de crise, an dat gouf vum Léon Gloden jo och ugeschwat, gëtt et Procèsverballen, déi awer d’Interaktioun zwëschent den zwou Instanzen, den zwee Pouvoiren, der Exekutiv an der Legisla tiv, illustréieren. An ech mengen, an do war sech och an deenen AdhocReuniounen u sech jidd wereen eens, datt mer zumindest dat missten ëf fentlech maachen. An ech soen dofir och all deene bedeelegte Parteien natierlech Merci, a) fir d’Ënnerstëtzung vum Prinzip, datt mer wéinstens e bëssen Transparenz erakréien.

Ech perséinlech hätt mer méi gewënscht. Ech sinn ugetrueden, fir méi Transparenz an d’Politik ze bréngen, fir méi Oppenheet eranzebréngen. A wann ech heimadder e klenge Bäitrag zumindest haut ka leeschten, da sinn ech frou. Mee ech hunn awer och eng Tréin am A, datt mer net méi wäit konnte goen, datt mer eis net getraut hunn, méi wäit ze goen.

Jo, ech héieren hei schonn: „Trau dech!“ Majo, sot dat Äre Vertrieder an deene jeeweilege Kom missioun: „Traut Iech!“ Kommt, mir trauen eis, méi transparent ze sinn! Kommt, mir trauen eis, der Populatioun ze weisen, wat an deene Gremie viru sech geet! Dat meescht dovunner ass admi nistrativ. Dat meescht dovunner ass net emol „de l’art pour l’art“, mee et ass Aarbecht! Et weist, datt tatsächlech, fir esou eng Plenière wéi haut ze organiséieren, et net duergeet, einfach nëmme Projetdeloien op eng Lëscht ze setzen, mee datt et eeben och drëm geet, d’Disponibilitéiten ze kucken, ze kucken, wéi eng Projete prioritär musse sinn.

All dat bleift weiderhi virun der Ëffentlechkeet verstoppt! D’Chamber fënnt just an den normale Kommissiounen an an der Plenière statt. D’Aar becht hannendru bleift weiderhin e Mystère! Mir hätte kënne méi wäit goen. Mir maachen et haut net. Dat ass d’Tréin am A. Ech sinn awer ganz frou, datt mer haut Unanimitéit kënne fan nen, fir zumindest dëse Krisenorgan, dee mer do ad hoc geschafen hunn, méi transparent ze maa chen.

Ech soen Iech Merci.