fbpx
 

Questions ParlementairesRespekt vun Ordonnancen am Impfzenter

April 23, 20210
https://sven.lu/wp-content/uploads/2021/04/vaccination-covid-19-ESA9MDW.jpg

D’Patientevertriedung an den UCL hunn an engem Communiqué matgedeelt, dass et zu ville Fäll géing kommen, wou Ordonnancen oder soss Recommandatioun vun  Hausdokteren, déi Persounen, déi fir eng Covid-Impfung invitéiert goufen, dobäi hunn, net a Consideratioun geholl ginn. Laut Patientevertriedung géif just no eventuellen Allergië gekuckt ginn. Dëst kann zu Onsécherheete fir déi Betraffe féieren.  Laut der Santé hunn 668 Leit, déi an engem Impfzenter ee Vaccin proposéiert kruten, dëse Vaccin refuséiert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Santé net der Meenung, dass d’Recommandatioune vum Hausdokter, deen d’Persoun an hier gesondheetlech Situatioun kennt, sollte respektéiert ginn?

  2. Wat fir eng Prozedur gëtt am Impfzentrum befollegt, wann eng Persoun eng Recommandatioun/Ordonnance vun engem Hausdokter virleet, déi vum Usage vun enger Zort Vaccin ofréit? Wien huet dat lescht Wuert bei der Offer vun engem Vaccin?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4148

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Sven Clement
Contact
+352 20 60 66
+352 20 60 66 – 66
Sensibilité politique PIRATEN, 22, rue de l’Eau, L-1449 Luxembourg.