fbpx
 

Questions ParlementairesSantésservicer am Summer

August 26, 20210

An de Summerméint profitéiert eng Villzuel vun de Residente vum normalerweis gudde Wieder, fir Congé ze huelen a sech vun der Aarbecht z’erhuelen. Och wann dëse Summer d’Covid Zuelen ee gutt Stéck iwwert deene vum leschte Juli/August louchen, war och am Santésberäich eng Entspanung z’erkennen par rapport zu de Wanterméint, esou dass och hei d’Personal profitéiert huet, fir sech e wéineg Congé ze huelen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi ginn an de Summerméint d’Servicer vun de verschiddene Spideeler ënnerteneen ofgestëmmt, fir all néideg Traitementer vun de Patienten am Land z’assuréieren? Ginn an deem Kontext all Joer landeswäit Pläng ausgeschafft, oder läit dës Responsabilitéit eleng bei den eenzele Spideeler?

  2. Ginn d’Patienten am Fall wou hiren Dokter net erreechbar ass, automatesch vun der Spidolsadministratioun un aner Doktere weidergeleet oder läit et um Patient selwer, fir een adequaten Ersatz ze fannen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4905

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Sven Clement
Contact
+352 20 60 66
+352 20 60 66 – 66
Sensibilité politique PIRATEN, 22, rue de l’Eau, L-1449 Luxembourg.