fbpx
 

Questions ParlementairesSchoultransport wärend der Quarantän

September 22, 20200
https://sven.lu/wp-content/uploads/2020/09/elementary-school-kids-arrive-at-school-from-the-s-NKXWB2P.jpg

An der Kommissiounssëtzung zur Santé vum 21.09.2020, wou et ëm d’Konditioune fir eng mise en quarantaine gaangen ass, huet den Direkter vun der Santé erkläert, dass Schüler, déi ënnert Quarantän stinn an awer nach an den Unterrecht dierfen, net sollen den ëffentlechen Transport benotzen.  Vill Elteren hunn awer net d’Méiglechkeet, fir hiert d’Kand op anerem Wee an d’Schoul ze bréngen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat recommandéiert de Ministère den Eltere vun engem Kand, dat a Quarantän ass an awer nach an d’Schoul muss goen, a punkto Schoultransport? Wéi sollen d’Léit d’Kand an d’Schoul bréngen, wann net iwwert den ëffentlechen Transport? 

  2. Proposéiert de Ministère, am Fall wou d’Elteren net iwwert een eegenen Auto verfügen oder aus beruffleche Grënn hier Kanner net féiere kënnen, eng speziell Transport-Méiglechkeet fir dës Kanner? 

  3. Falls de Ministère keng Alternativ proposéiert: Dierfe Kanner, déi net ouni den ëffentlechen Transport an d’Schoul kommen, an esou engem Fall doheem bleiwen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2870

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Sven Clement
Contact
+352 20 60 66
+352 20 60 66 – 66
Sensibilité politique PIRATEN, 22, rue de l’Eau, L-1449 Luxembourg.