Situatioun vu Persounen mat Handicap

Handicap ka vill Gesiichter hunn, visibler an onsichtbarer, dofir ass et wichteg datt mir an der Chamber ëmmer den Intérêt vun der ganzer Populatioun am Aen behalen, an eben och oppassen datt keen duerch de Raster fällt an datt u jiddereen, och déi Leit déi en Handicap hunn, geduecht gëtt.

Meng Philosophie am Parlament ass et fir sech ëmmer nees d’Fro ze stellen wiem mir grad umgaange sinn ze hëllefen a wien eventuell net vun den Decisiounen profitéiert. A vue datt ech haptsächlech d’Regierung kontrolléiere soll, fällt mir dat relativ liicht. Een esou en Dossier wou et wichteg ass d’Regierung ëmmer nees z’interpelléieren ass d’Situatioun vu Persounen mat Handicap.

19/04/2022

Bréif

Suivi vum Dossier iwwert d’Organisatioun vun engem Débat d’orientation iwwert d’Situatioun vun Aarbechter mat Handicap

19/04/2022