fbpx
 

Questions ParlementairesVerspéide Weiderreeche vu Rechnungen un d’CNS

September 23, 20210

No enger Visitt beim Dokter ass et fir vill Mënschen ee Reflex, hier bezuelte Rechnung direkt weider un d’CNS ze schécken. D’Consultatioun bei engem Spezialist ka scho mol e puer Honnert Euro kaschten, a vill Leit sinn drop ugewisen, dës Sue schnellstméiglech erëm vun der CNS rembourséiert ze kréien. Elo kann et awer virkommen, dass een net drun denkt, seng Doktersrechnung un d’CNS fir ee Rembrousement weider ze ginn, an dës dann anzwousch an engem Tirang verschwent. Dëst ka virun allem bei Persoune mat Demenz oder anere Krankheeten oder Aschränkungen, déi d’Erfëlle vun alldeeglechen Aufgaben erschwéieren, e Problem sinn. Laut Artikel 84 vum Code de la Sécurité Sociale huet een Assuré maximal 2 Joer Zäit fir d’Rechnung weider ze ginn. Duerno gëtt d’Rechnung net méi rembourséiert, och wann den Assuré virdrum Delai d’Recht op ee Remboursement hat.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Rechnunge sinn an deene leschte 5 Joer bei der CNS agaangen déi wéinst engem Iwwerschreide vum Delai ofgeleent goufen?

  2. Ass de Minister net der Meenung, dass den Artikel 84 sollt eng Ausnam vun dësem Delai virgesinn, am Fall wou een Assuré ënnert enger psychescher oder physescher Krankheet leit, wéi zum Beispill Altersheimer, Depressiounen oder schwéiere Mobilitéitsaschränkungen an ee Certificat medical fir dës Krankheet ka virleeën?

  3. Wéi steet de Minister zu dësem Delai vun 2 Joer? Ass de Minister der Meenung, dass dësen Delai laang genuch ass?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5004

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Sven Clement
Contact
+352 20 60 66
+352 20 60 66 – 66
Sensibilité politique PIRATEN, 22, rue de l’Eau, L-1449 Luxembourg.