Zur Persoun

Sven Clement - Deputéierten

Ech hunn am Oktober 2009 d’Piratepartei Lëtzebuerg matgegrënnt a wor hiren éischte President während 10 Joer. 2018 ass mir dunn zesumme mam Marc Goergen am Süden de Sprong an d’Chamber gegléckt wou mir zanterhier fir Transparenz a Biergerbedeelegung kämpfen.

Mäin ursprüngleche Fokus an der Chambersaarbecht wor d’Digitalisatioun an Transparenz, mee d’Covid-19-Pandemie an den Ukraine-Krich hunn dozou gefouert datt ech mech thematesch méi breed opgestallt hunn. Esou decken ech haut nierft menge klasseschen Themefelder och Aussen- a Gesondheetspolitik oof.

Bekannt gouf ech als éischt wéinst Medicoleak, wou ech trotz etheschem Verhalen, vun der deemoleger Regierung als Hacker ugeklot gouf. Trotz Perquisitioun a Verhéier sinn herno nëmmen 500 € Geldstrof bliwwen a mäi Vertrauen an de Rechtsstaat rëm hiergestallt.

Den Asaz fir méi Transparenz am Kader vum RTL-Konzessiounsvertrag huet zum sougenannten “Arrêt Clement” gefouert, deen d’Rechter vun Deputéierten vis-à-vis vun der Regierung gestäerkt huet.

Berufflech sinn ech Entrepreneur am digitale Beräich, wou ech mech 2014 mam Jerry Weyer selbststänneg gemaach hunn. Hautesdags sinn ech Gérant vun AccountTech, der Mammegesellschaft vun ënnert anerem taxx.lu a salary.lu zwee Logicielen déi et net misst ginn wann de Staat seng Hausaufgaben an der Digitalisatioun richteg gemaach hätt. D’Ziel mat all deene Projeten ass et datt d’Digitalisatioun de Leit hëlleft amplaz hinnen zur Laascht ze falen.

Privat sinn ech zanter 2017 mam Christine bestuet an zanter dem 1. September 2021 si mir glécklech Elteren vun eisem Meedchen dem Mia.

A Stéchwierder

Gebuer den 19. Januar 1989 an der Stad, bestued, 1 Kand
2008 Première B (Mathématiques-Informatique) am Lycée Aline Mayrisch mat Mention “assez bien”
2011 Bachelor of Science Ofschloss vun der Universität des Saarlandes an der Wirtschaftsinformatik mat “gut
2010 – 2014 Member am AStA zu Saarbrécken a vun 2013 – 2014 AStA Virsëtzenden
2012 Affaire Medicoleak – Opdeckung vun engem Sécherheetsproblem deen 55.000 Leit betraff huet, an de François Biltgen huet léiwer Plainte gemaach wéi d’Passwuert z’änneren
2014 Ofbroch vum Masterstudium fir Clement & Weyer Consulting ze grënnen
2013 Spëtzekandidat bei de Chamberwalen fir d’Piraten (2,94 %); 2014 Spëtzekandidat bei den Europawalen (4,23 %); 2017 Gemengewalen Stad Lëtzebuerg (2,64 %); 2018 Spëtzekandidat bei de Chamberwalen (6,45 %)
zanter 2018 – Deputéierten fir d’Piraten, an där Zäit ënnert anerem den Arrêt Clement erkämpft an domadder d’Chamber insgesamt an hirer Kontrollfonctioun gestäerkt

Fonctiounen an der Chamber

Dir fannt mäi Profil och ënnert: https://www.chd.lu/fr/deputy/957

Président – Commission de vérification des pouvoirs


Membre – Commission des Finances et du Budget

Membre – Commission des Comptes

Membre – Commission spéciale “Tripartite”

Membre – Commission du Règlement

Membre – Commission du Contrôle de l’exécution budgétaire

Membre – Commission des Classes moyennes et du Tourisme

Membre – Commission de l’Economie, de la Protection des consommateurs et de l’Espace

Membre – Commission de la Santé et des Sports

Membre – Commission de la Digitalisation, des Médias et des Communications

Membre – Groupe interparlementaire du scoutisme

Membre effectif – Délégation luxembourgeoise auprès de la Conférence interparlementaire sur la stabilité, la gouvernance économique et la gouvernance au sein de l’Union européenne (SCEG)

Membre suppléant – Délégation auprès de l’Assemblée parlementaire de l’OTAN

Membre suppléant permanent du Bureau – Bureau


Observateur – Conférence des Présidents

Observateur délégué – Sous-Commission “Télétravail” de la Commission du Travail, de l’Emploi et de la Sécurité sociale

Observateur délégué – Sous-Commission « Avenir de l’Europe » de la Commission des Affaires étrangères et européennes, de la Coopération, de l’Immigration et de l’Asile

Observateur délégué – Commission des Affaires étrangères et européennes, de la Coopération, de l’Immigration et de l’Asile

Observateur délégué – Commission de la Culture

Observateur délégué – Commission de l’Education nationale, de l’Enfance, de la Jeunesse, de l’Enseignement supérieur et de la Recherche

Observateur délégué – Commission des Institutions et de la Révision constitutionnelle

Observateur délégué – Commission du Travail, de l’Emploi et de la Sécurité sociale