Iwwer mech

Wien sinn ech?

Ech gouf den 19. Januar 1989 zu Lëtzebuerg gebuer, deemols hu béid meng Elteren op Banken zu Lëtzebuerg geschafft. Ech sinn zu Beggen als eelstent vun 3 Kanner opgewues an ech hu fréi gemierkt datt een sech am Liewen gäere mol verännert. Meng Mamm huet de Beruf am Bureau un de Krop gehangen fir als Chargé an der Morale schaffen ze goen, fir mech de Virdeel datt ech keng Kommioun hu misste maachen. Wéi meng Elteren sech getrennt hunn, hunn ech erlieft wat et heescht wéi séier een ofrutsche kéint. Meng Mamm huet op Dokteschvisitte verzicht fir datt mir Kanner näischt sollten dovunner matkréien.

Vu 16 Joer un, hunn ech all Summer geschafft fir mäin eegent Geld ze verdengen an och op der Uni hunn ech niewebäi geschafft well et soss finanziell ganz enk gi wier. Politiséiert gouf ech direkt ab 7ème am Aline Mayrisch wou ech mech mat engem ganz politesche Schülerkomitee fir méi Fridden a besser Konditiounen fir Schülerinnen a Schüler agesat hunn. Trotz villem Engagement a genee sou ville Feelstonnen, ënnert anerem och well ech op Première nach mat op d’EM vun de Junioren am Volleyball war (mir hu Gold ënnert de klenge Länner gewonnen!), hunn ech meng Première B mat assez bien ofgeschloss a konnt Wirtschaftsinformatik op Saarbrécken studéiere goen.

Och während dem Studium huet mech den Engagement net lassgelooss, sou datt ech 2009 d’Piratepartei zu Lëtzebuerg matgegrënnt hunn an hiren éischte President gouf. Ech hat es einfach genuch fir modern Politik Leit z’iwwerloossen déi den digitale Liewensraum net verstanen hunn. Gläichzäiteg hunn ech zu Saarbrécken éischt Koalitiounserfahrunge sammele konnten, a wor vun 2012-2014 héchste Studentevertrieder op der Uni mat dem Appui vu gréngen, liberalen a Sozen.

2012 hat ech am Kader vun der Médicoleak-Affär eng Sécherheetslück opgeluecht déi 55.000 Persounen betraff huet, an amplaz de Problem ze léisen krut ech d’Police heem geschéckt. 3 Joer huet d’Prozedur gedauert an um Enn gouf et eng Strof vu 500 € an domadder e klore Beweis datt d’Verfolgung disproportionnéiert wor. Well ech awer keng Suen hat fir an Appel ze goen, hu mer d’Uerteel akzeptéiert.

2014 huet et mech dunn no zwee Walkämpf net méi op d’Uni zeréck gezunn an ech hu mam Jerry Weyer zesummen eng Firma gegrënnt. Haut kënne mer op eng Success Story zeréckblécken mat e puer Produiten déi richtege Succès kennen. Dorënner virun allem taxx.lu.

Gläichzäiteg gouf ech 2013 mam Christine gepacst a mir hunn eis dunn 2017 och richteg bestued.

Am Oktober 2018 gouf ech fir d’Piraten am Zentrum an d’Chamber gewielt, och wann wéineg Leit domadder gerechent haten, sou hunn ech emmer dru gegleeft. An der Chamber setzen ech mech zanterhier fir méi Biergerbedeelegung an Transparenz an. De Kampf fir méi Transparenz a besser Kontroll vun der Regierung huet zum Arrêt Clement gefouert, deen déi ganz Chamber vis-à-vis vun der Regierung gestäerkt huet.

Och wa meng direkt Famill nie politesch aktiv war, sou hunn ech (entfernte) Familljememberen an alle Parteie gehat, vun CSV iwwert DP bis hi bei déi gréng. Politik huet awer emmer eng grouss Roll gespillt, an zwar mam Tenor datt Politik fir d’Leit muss do sinn an datt een Ongerechtegkeete bekämpfe muss. A genee dofir setzen ech mech och elo an der Chamber an! Déi kleng a grouss Ongerechtegkeeten ze benennen an ze bekämpfen.

A menger Fräizäit géif ech gäeren nach Sport (Volleyball) maachen mee fannen déi Zäit net, dofir sinn ech nach als Arbitter aktiv a ginn esou dem Sport eppes zeréck, ausserdem hunn ech mat menger Duechter Mia genuch Beschäftegung, sou datt et mir sécher net langweileg gëtt.

Ech si benevol aktiv am Comité vum Volley-Club Belair, der ONGD Guiden a Scouten fir eng Welt an am Volleyballsverband (FLVB).

Wat vertrieden ech an der Chamber?

Ech kéint et jo einfach maachen a soen: “Eise Programm”!

Och wann dat natierlech stëmmt sou wor mäi Fokus am Ufank vun der Legislatur virun allem op Digitalisatioun a Biergerbedeelegung. Wéinst de Krisen ronderem d’Covid-19-Pandemie an och den Ukraine-Krich hunn ech awer och nach aaner Aspekter missten ënnert een Hut kréien. Haut setzen ech mech an fir eng Welt wou mir keen vergiessen, keen well e krank oder aarm ass zu Lëtzebuerg awer och keen international well e grad iwwerfall gëtt.

Hei e puer Themen déi ech vertrieden an deene Kommissiounen wou ech feste Member sinn

Finanzen

Als Staat brauche mir gesond Staatsfinanzen fir sécher ze stellen datt de Staat senger Aufgab gerecht gëtt. Leider huet déi aktuell Regierung eng Gratis-Mentalitéit a well virun allem Kaddo’e verdeelen. Ech setze mech dofir an, datt d’Realitéit net aus den Aen verluer gëtt an datt mer virun allem eppes maachen fir kleng a mëttel Salairen & Pensiounen z’entlaaschten. Steierfräie Mindestloun, eng eenzeg Steierklass a méi héich Spëtzesteiersäz fir Leit déi méi wéi 200.000 € / Joer / Persoun verdengen gehéieren op meng Agenda.

Tripartite

Am Kader vun den Tripartite Verhandlungen verlaangen ech méi Transparenz, méi Matbestëmmung a virun allem datt mir net vergiessen fir wien mir dat maachen. Et geet net duer mat der Géisskaan iwwert d’Land ze goen, Trickle-Down-Economics fonctionnéieren net. Mir brauchen dofir gezielten Hëllefen do wou se Sënn maachen a keng Subventiounen fir d’Dividenden vun erfollegräiche Firmen auszebezuelen.

Mëttelstand

D’Réckgrat vum Mëttelstand sinn d’Indépendanten. Dofir musse mir ophalen ee géint deen aneren auszespillen an zesummen Léisunge sichen fir datt jiddereen um Erfolleg vum lëtzebuergesche Modell ka matwierken.

Economie

An der Wirtschaftspolitik setzen ech mech fir eng smart Industrialiséierung an. Mir brauchen Aarbechtsplaze fir jiddereen an nëmme mat Banken oder Assurance packe mer dat net. Dofir fuerderen ech eng Stäerkung vum Handwierk, eng gezielten Usiedlungspolitik an e Masterplang fir Lëtzebuerg bei erneierbaren Energien zum Leader z’entwéckelen.

Santé & Sport

Mir hu vun Ufank un fir e sënnvollen Ëmgang mat der Covid-19-Pandemie plädéiert, baséierent op Wëssenschaft an net op Bauchgefiller. Dofir hunn ech ëmmer nees Zuele gefuerdert an ech si batter enttäuscht wéi flappseg d’Regierung dës Pandemie gemanaged huet. Beim Sport musse mer dofir suergen datt d’Verbänn weiderhi fonctionnéiere kënnen an dat obwuel vill Benevoler an de Pensiounsalter kommen.

Digitalisatioun

Digitalisatioun muss fir d’Leit do sinn an net emgedréint. Dat beweisen ech all Dag am Betrieb an zwar well de Staat et haut nach net gebak kritt. Ech setze mech dofir an datt de Staat sengen Aufgabe gerecht ka ginn esou datt keen op der Streck bleift.