Header for 10. Motion de M. Roy Reding relative à la mise à disposition de la Chambre des Députés de toute la convention entre l’État, RTL Group, CLTUFA et Bertelsmann AG

10. Motion de M. Roy Reding relative à la mise à disposition de la Chambre des Députés de toute la convention entre l’État, RTL Group, CLTUFA et Bertelsmann AG

Dës Ried hunn ech den 28/01/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “10. Motion de M. Roy Reding relative à la mise à disposition de la Chambre des Députés de toute la convention entre l’État, RTL Group, CLTUFA et Bertelsmann AG” gehalen.

1.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Ech fannen et sympathesch, datt hei genau dat nämmlecht nach eng Kéier gefuerdert gëtt, fir dat d’Geriicht mer Recht ginn huet. Et ass awer, men gen ech, insofern wichteg, iwwert déi Motioun of zestëmmen, well d’Geriicht ganz kloer gesot huet an dem Arrêt, datt eng Demande vun den Depu téierte muss virleien, fir spezifesch Dokumenter, fir d’Consultatioun dovunner ze kréien. Ech géif mech esou wäit aus der Fënster leenen a soen, datt eng Motioun, déi fuerdert, datt d’Chamber Asiicht an eppes kritt, eng kollektiv Demande vun alle 60 De putéierte wär, fir Asiicht an dat Dokument ze kréien. Deementspriechend gesinn ech näischt, wat eis géif drun hënneren, dës Motioun ze stëmmen, tout au contraire. Si géif verhënneren, datt Dir, Här President, mat 60 eenzelnen Demandë fir dat nämmlecht Dokument konfrontéiert wäert.

2.

M. Sven Clement (Piraten). Ganz gutt!

3.

M. Sven Clement (Piraten). De Vott ass amgaan gen!

Mme Josée Lorsché (déi gréng). … Ech … Däerf ech schwätzen?

(Brouhaha général)

Ech kann net stante pede hei mat menge Leit schwätzen. Dat muss awer op d’mannst d’Recht sinn, dass ee sech kuerz kann austauschen.

M. Sven Clement (Piraten). D’Motioun ass vun 2017, Madamm Lorsché!

M. Fernand Etgen, Président. Jo, de Vott ass amgaangen. An de Vott …

Mme Josée Lorsché (déi gréng). Do waren eis Deputéiert nach net derbäi!

M. Fernand Etgen, Président. … ass ofge schloss.

Déi, déi e Vote par procuration wëllen ofginn, sollen d’Hand an d’Luucht hiewen.

(Appel nominal pour votes par procuration)

(Interruption)

M. Léon Gloden (CSV). Här President, wann een net däerf mat ofstëmmen, wann een e Conflit d’in térêt huet, da kann een och keng Procuratioun ginn.

M. Fernand Etgen, Président. Genau dat!

M. Léon Gloden (CSV). Dat ass e Principe gé néral!

M. Fernand Etgen, Président. Et ass dat, wat ech am Fong elo net wollt soen. Merci, Här Gloden, jo. Domadder hu mer follgend Resultat: Mir hunn 29 JoStëmmen an 29 NeeStëmmen. D’absolutt Majo ritéit läit bei 30. An domadder ass dës Motioun ofgeleent.

(Conformément à l’article 51 (2), la motion est reje tée par 29 voix contre 29 voix.)

M. Sven Clement (Piraten). Här President, Point d’ordre wannechgelift!

(Brouhaha)

Pardon, mee ech gesinn op den Ecran vun de Vot ten an ech gesinn, datt bei déi gréng d’Majoritéit net ofgestëmmt huet. An ech hunn hei net héieren, datt d’Leit eenzel, esou wéi d’Reglement dat vir gesäit bei engem Appel nominal, sech gemellt hät ten. Et kann net sinn, datt Dir als President hei ein fach sot, déi gréng hätten x oder y ofgestëmmt. Pardon, si hunn net ofgestëmmt, si hu sech net ge mellt, da gëlle se als net gestëmmt. Mir kënnen hei net ufänken, à la tête du client einfach emol Votten ze verdeelen. Et ass grav genuch, datt Leit hei ree gelméisseg sech ieren a sech net mellen an domad der Iech an d’Laberente bréngen, mee dat doten, dat ass du jamaisvu!

4.

M. Sven Clement (Piraten). Mathematesch geet et net!