Header for 5. Déclaration du Gouvernement relative à OpenLux suivie d’un débat)

5. Déclaration du Gouvernement relative à OpenLux suivie d’un débat)

Dës Ried hunn ech den 09/02/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “5. Déclaration du Gouvernement relative à OpenLux suivie d’un débat)” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, déi rezent journalis tesch Recherchen hu Lëtzebuerg alt nees alt nees, muss ee leider soen mat Praktiken zur Steierop timiséierung voire Steiervermeidung an Zesummen hang bruecht. Et kann ee soen alt nees, well et e bëssen zur Gewunnecht gëtt. All puer Joer gi mer erëm eng Kéier an der internationaler Press wéinst eiser Finanzplaz geschleeft.

Am Géigesaz zu LuxLeaks 2014 war d’Regierung dës Kéier awer immens séier, well si huet eng Minutt no Mëtternuecht nach quasi éier d’Artikele konnte gelies ginn reagéiert an och nach mat liichte GuerillaTaktiken eng Domän enregistréiert, fir bei Google besser geranked ze sinn, wann een no #openlux sicht; ech mengen, PRméisseg gutt reagéiert, séier reagéiert. Mat dëser Reaktioun weist d’Regierung awer nëmmen, dass se net onbe déngt un enger Verbesserung vun der Situatioun interesséiert ass, well se seet u sech: „Mir ginn eis Erklärungen, mee strukturell ass jo alles gutt.“

D’Regierung betount, datt mer all international an EUMoossnamen zum Theema Steiervermeidung an Antiblanchiment respektéieren. Ech mengen, dat misst vu sech aus d’office de Fall sinn! Mir kënne jo net higoen a soen: „Ma nee, mir respektéieren déi net!“ Stellt Iech emol vir, mir géifen ëffentlech kom munizéieren: „Mir respektéieren eppes net!“ Dat wär, mengen ech, e richtege Skandal. An dofir sinn ech frou, wierklech frou, datt mer déi international Standarde respektéieren.

Mee et muss ee sech awer d’Fro stellen, ob alles, wat legal ass, dann och eethesch korrekt ass, ob alles, wat legal ass, och gerecht ass. Ech stelle mer déi Fro, well d’Finanzplaz Käschten huet, a Steier optiméierung voire aggressiv Steieroptiméierung huet Kollateralschied, generéiert Kollateralschied, zum Deel hei zu Lëtzebuerg, wou d’Loyeren an d’Luucht ginn, d’Wunnengspräisser an d’Luucht ginn, d’Liewenskäschten an d’Luucht ginn, mee och an anere Länner, wou d’Staatskeese méi eidel sinn, wéi se misste sinn, an doduerch d’Infrastruktur an de Koup fält. Jo, ass alles, wat legal ass, eethesch kor rekt?

A wa mer bei der Eethik sinn, da muss ee sech d’Fro stellen, mat wat fir enge Leit Lëtzebuerg an Zukunft Geschäfter maache wëllt.

Ass dat eng grouss brasilianesch Multinational, déi a Brasilie kriminell verurteelt gouf an hir Suen elo duerch Restrukturatiounen hei zu Lëtzebuerg a Sécherheet brénge wëllt, fir datt kee Procureur a Brasilien direkten Zougrëff drop kann hunn?

Muss dat den Alisher Usmanov sinn, deen op der Lëscht vun deenen aacht Leit vum Navalny steet, déi direkt mat senger Arrestatioun ze dinn hunn? Deen an de FinCENDokumenter (ndlr. Financial Crimes Enforcement Network) opgefall ass? Dee vum Atlantic Council virgeworf krut, datt en e ver stoppte Staatsinvest an amerikanesch sozial Netz wierker gemaach hätt? Dee säi Fliger, en A340, iwwer Lëtzebuerg kaaft huet? Musse mir mat esou Leit Geschäfter maachen?

Musse mir mat der Alfa Group Geschäfter maa chen? D’Alfa Group, och erëm e grousst russescht Konglomerat, déi mat der LetterOne SA op der Stä replaz sëtzt eng schéin Adress! , déi et souguer bis an de Mueller Report an Amerika gepackt huet, well se an de Lien zwëschent der TrumpCampagne an dem Kreml involvéiert waren musse mir als Lëtzebuerg mat esou Leit Geschäfter maachen? Meng Äntwert dorobber ass: Nee, musse mer net! Mir mussen eis d’Outile ginn, fir eng gerecht Finanz plaz ze hunn. Eng Finanzplaz, déi net nëmmen am Déngscht vum internationale Kapital steet, mee och am Déngscht vun de Biergerinnen a Bierger hei zu Lëtzebuerg.

A wat d’Madamm Ministesch de Moie gesot huet, datt Soupçonen natierlech un d’CRF (ndlr. Cellule de renseignement financier) weidergi ginn, begréissen ech. Ech si frou, datt mer an engem Rechtsstaat liewen. Ech mengen, d’Geriichter ginn net midd ze affirméieren, datt mer zu Lëtzebuerg an engem Rechtsstaat liewen. Dofir ass et esou dréngend néi deg, datt mer déi Fäll weiderginn. Ech stelle mer awer d’Fro: Firwat geschitt dat elo eréischt? Firwat hu mer net am RBE, am LBR an op anere Plazen Automatismen, déi esou Leit detektéieren? Firwat waarde mer drop, datt mer eng Déclaration de soup çon kréie vun engem Nottär, engem Affekot oder enger Bank, déi sech deelweis géigesäiteg ëmmer nach als Éischt vertrauen, anstatt datt mer selwer nach en ExanteContrôle maachen, éier mer d’Leit aschreiwen?

Ech hu gëschter an der Press gelies: „Dee Mafiosi, dee sech an den RBE mat sengem eegenen Numm androe léisst, dee muss jo e selten dämleche Ma fiosi sinn!“ Ma warscheinlech hat en net opgepasst, oder e war sech net bewosst, wéi publik dat zu Lëtzebuerg ass. Oder et war him och vläicht ein fach egal, well e sech geduecht huet: „Et ka sou wisou keen dat kucke goen.“

Wéi och ëmmer et ass, mir mussen e bessere Contrôle kréien. Mir brauchen e Regëster, deen zu Lëtzebuerg fonctionéiert dat hu mer, doriwwer si mer frou, mir hunn dat deemools matgestëmmt a mir géifen et och haut nach eng Kéier matstëmmen, mee mir mussen och Drock maachen an Europa, fir datt mer esou e Regëster net nëmmen zu Lëtzebuerg hunn, mee datt mer en transnationalen, en euro pawäiten RBE hunn, deen och kann automatiséiert ofgeglach ginn, fir esou komplizéiert Firmestrukture méi einfach opzedecken. Ech mengen, dat wär e grousse Schrëtt a Richtung méi Transparenz. Mee Transparenz aleng ass et net, mir brauchen och eng gerecht Finanzplaz.