Header for 7. Heure d’actualité du groupe politique LSAP au sujet de la Co opération luxembourgeoise

7. Heure d’actualité du groupe politique LSAP au sujet de la Co opération luxembourgeoise

Dës Ried hunn ech den 10/06/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “7. Heure d’actualité du groupe politique LSAP au sujet de la Co opération luxembourgeoise” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, fir d’alleréischt wëll ech der Madamm Mutsch an der LSAP Merci soe fir d’Ufro vun dëser Aktualitéitsstonn, well et ass e wichtegt Theema.

Mir Piraten sinn och frou, datt d’Kooperatiounsas sisen dëst Joer erëm konnte stattfannen an esou erëm mat den Acteuren um Terrain iwwert d’Lëtze buerger Entwécklungshëllef konnt diskutéiert ginn.

D’Piraten freeë sech virun allem, datt d’Égalité du genre also ee vun den dräi Kärtheeme vun der Lëtzebuerger Entwécklungshëllef festgehale gouf.

Covid huet vill Projeten no hanne verréckelt an d’Zu kunft vu ville Kanner op d’Spill gesat. Laut den Zuele vun der Unesco wäerte 24 Millioune Schüle rinnen a Schüler de Wee an d’Schoul net méi zréck fannen. Covid eleng huet d’Käschte fir de Bildungs system an äermere Länner laut dem Global Educa tion Monitoring Report ëm 50 Milliarde klamme gelooss. Virun allem Meedercher a Kanner mat Han dicap hunn hir Chance op Bildung an deene leschte Wochen, Méint, jo, an deem leschte Joer verluer. Dës Kanner gi vun hiren Elteren erëm schaffe geschéckt.

Laut Unicef kéint d’Unzuel vu Kanneraarbechter esou déi éischte Kéier zanter 20 Joer erëm klammen.

D’Kanner an hir Eltere wäerten Hëllef brauchen, fir erëm aus dësem Lach erauszefannen.

D’Piraten si frou, datt d’Gläichberechtegung bei all zukünftegem Investissement vu Lëtzebuerg sollt eng Roll spillen. Allerdéngs liest een am Plang vun der Regierung ganz vill vun der Gläichberechtegung tëscht Mann a Fra an net vill iwwert d’Rechter vun der LGBT+Community. Mir all wëssen, datt Per soune wéinst hirer Sexualitéit oder hirem Geschlecht nach ëmmer a ville Länner ausgeschloss oder sou guer bestrooft ginn. Dorun huet och d’Deklaratioun vun der EU, sech selwer als LGBTIQfreeZone also fir sech do dergéint ze stellen net direkt eppes geännert, och wann et e ganz wichtegt Zeeche war. „Leave no one behind“ soll jo ee vun eise Mottoen a puncto Entwécklungshëllef sinn. A genau dorop poche mir Piraten och weiderhin. Fir eis musse Länner, déi Hëllef vu Lëtzebuerg kréien, sech net nëmme fir e politescht Matsproocherecht fir Fraen an eng Reduktioun vu Gewalt asetzen, mee se mussen och kloer weisen, datt LGBTQ+Persoune bei hinnen als gläichwäerteg Membere vun der Gesell schaft unzegesi sinn, an dëst och net spéitstens 2030, mee elo direkt.

D’Piraten fuerderen, datt d’Kooperatiounspolitik vun eisem Land onofhängeg vun eise wirtschaftlechen Interessen ass. Duerfir sti mer der Prioritéit vun der Regierung, fir d’Finanzsecteuren an dëse Länner a puncto Digitaliséierung a Cybersecurity weiderze dreiwen, dach e bësse skeptesch géintiwwer.

Natierlech mussen déi sougenannt „FSPen“ (ndlr: Financial Service Provider) an dëse Länner hir Ser vicer kënne sécher ubidden, an natierlech huet Lëtzebuerg e groussen Knowhow weiderzeginn.

Mee de Saz an ech zitéieren “As […] populations gain extended access to financial services, they can undertake investments in essential social ser vices, which in turn improves their livelihoods” ass dach awer e bëssen ze kuerz gefaasst, well d’Mën schen am Mali am Moment wuel aner Suergen hu wéi de sécheren Accès op eng Bank.

Ech selwer hunn et am Senegal erlieft, wéi schwie reg d’Situatioun um Terrain ass, och wa Mikrokre ditter zur Verfügung stinn, och wann et Mutualitéite gëtt. An do schwätzen ech nach net vun enger mul tinationaler Bank, mee wierklech vun enger Mutuali téit, déi um Terrain probéiert, Mikrokreditter ënner eneen ze vermëttelen. Mee dat ass net déi éischt Suerg vun de Leit!

Déi éischt Suerg vun de Leit um Terrain ass meesch tens, eng gutt Bildung ze kréie fir hir Kanner, wa se sech dat leeschte kënnen. Haaptsächlech eeben och fir Kanner, déi vläicht aus nach méi prekäre Situa tioune kommen, haaptsächlech och behënnert Kanner. Dat ass e risege Problem, well déi Schoul systemer si meeschtens net ekipéiert.

Dann hu mer de Problem vu Koranschoulen, eppes, wat souwisou och e ganz abstruust Konzept ass, wann ee sech dat hei zu Lëtzebuerg eng Kéier ukuckt, mee bei deem Kanner awer wéinstens an do gesäit een dann och d’Kompromësser an der Entwécklungspolitik nach iergendeng Bildung kréien! Soss wär d’Alternativ, datt se schaffe geschéckt ginn.

Mee den Accès zur Bank oder en digitale Bankeser vice, wéi mir dat kennen, gëtt et do net. Ech si ganz éierlech: Ech hunn och e bëssen Zweifel dorunner, ob eis Finanzplaz, déi scho Richtung Webbanking, Digi tal Banking, Mobile Banking geet, iwwerhaapt direkt déi richteg Kompetenzen huet, fir mat engem afrika neschen Handysprovider kënnen ze kooperéieren, bei deem et nach ëm ganz aner Zougäng zum Banke system geet, wéi dat hei zu Lëtzebuerg respektiv an der éischter Welt am Moment de Fall ass.

Wéi gesot, Lëtzebuerg huet eng gewëssen Expertis, an déi solle mer och weiderginn. Mee Piliere wéi Gläichberechtegung an Aarbechtsplazen am Secteur vun der Nohaltegkeet schafe sinn awer fir eis méi wichteg Prioritéiten, wéi datt mer Digitaliséierung a Cybersecurity vu Financial Service Providers stäer ken.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir si mat den Ziler vun der Regierung, esou wéi se an den Assisë presentéiert goufen, grondsätzlech aversta nen. Bildung, Gläichberechtegung an de Kampf géint op Geschlechter baséierend Gewalt dierfen net eréischt 2030 bei all eise Projeten eng Roll spillen, mee mussen haut schonn den Eckpeiler vun eiser Entwécklungspolitik sinn.

Mir sinn duerfir mat der genereller Richtung aversta nen, wat d’Kooperatiounspolitik ugeet. Mee mir wël len drop hiweisen, datt mer eis als eent vun deene räichste Länner op dëser Welt dach méi e héicht Zil misste setzen, wéi nëmmen „do not harm“.

Ech soen Iech Merci.