Header for 9. Débat de consultation au sujet du Rapport sur le Fonds spécial de soutien au développement du logement

9. Débat de consultation au sujet du Rapport sur le Fonds spécial de soutien au développement du logement

Dës Ried hunn ech den 10/06/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “9. Débat de consultation au sujet du Rapport sur le Fonds spécial de soutien au développement du logement” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Fir d’Spannung erauszehuelen: Mir Piraten wäerten déi Motioun matstëmmen, an ech soen Iech och fir wat. Haut eréischt ass an Däitschland eng Studie publizéiert ginn, datt zwar d’Insolvenzen, also d’Faillitte bei de Betriber méi geréng ausgefall si wéi een dat gefaart hat, datt et awer dofir e ganz bedenklechen Ustig vun de sougenannte Privatin solvenze gëtt, also vun deene Faillitten, déi eenzel Persounen oder Famillje betreffen Leit, déi also potenziell och net Proprietär vun eppes sinn, mee déi loune ginn; déi, déi souwisou schonn an der Pre karitéit stiechen.

A genau déi Leit gëllt et elo nach an der Sortie de crise ze schützen, fir datt se net duebel ënnert d’Rieder kommen, nämlech elo eng Kéier, an dann, wa se dann nach virun d’Dier gesat goufen oder, well se sech hire Loyer net méi leeschte kënnen, eppes méi Klenges hu misse sichen. Wou een dat dann am Moment soll fannen, dat loossen ech dem Nolauschterer als Exercice, well esou einfach ass dat net.

Da muss ee sech d’Fro stellen: Wéi kënne mer déi elo schützen? Jo, ech deelen natierlech der Madamm Ahmedova hir Angscht, datt et zu enger Explosioun vun de Loyere ka kommen, soubal de Gel opgehuewe gëtt. Mee genau dat Argument misst derfir schwätzen, et elo mol nach ze verlän geren, fir datt mer nach eng Kéier Zäit hunn, Loft ze huelen an eis eng richteg Léisung auszedenken, an net et elo opzehiewen an dann ze hoffen, datt mer iergendwéi eng Léisung fannen. Duerfir wäerte mir dës Motioun matstëmmen.