Header for Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 4 décembre 1967 concernant l’impôt sur le revenu

Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 4 décembre 1967 concernant l’impôt sur le revenu

Dës Ried hunn ech den 28/01/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 4 décembre 1967 concernant l’impôt sur le revenu” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir wëssen, datt et vun der Plaz aus net ëmmer einfach ass, datt jidd wereen alles héiert. Dofir zéien ech et vir, hei erop ze kommen, virun allem, wann ech e bëssen an d’Geschicht puiséiere ginn, well de 5. November 2014 huet dëst héicht Haus, vun deem ech dee mools nach net Member war, decidéiert, den Échange automatique zu Lëtzebuerg anzeféieren an esou d’Bankgeheimnis fir d’Netresidenten op en Enn ze bréngen.

Deemools sot den Här Finanzminister, datt et héich Zäit gi wier, well ouni dat Gesetz wier Lëtzebuerg den 01.01.2015 bei der OECD op d’schwaarz Lëscht komm an d’Finanzinstituter an eisem Land hätten net méi kënnen um internationale Marché fonctio néieren. Lëtzebuerg stoung deemools nach net op enger schwaarzer Lëscht, mee op der groer a mir haten nach eng Gaalgefrist vun net emol zwee Méint.

Haut steet Lëtzebuerg bei der OECD net méi op der groer Lëscht a mat dësem Gesetz solle mer dann elo zesumme mat den aneren EUStaate Länner op dëser Welt motivéieren, fir hire System ze änneren an esou Steierhannerzéiung weltwäit ze reduzéie ren. E bëssen ironesch ass dat jo schonn: Mir Lët zebuerger, déi als grot Schof jo, e Steierparadäis, bref, d’Wieder ass net esou schéi wéi an all deene Länner, déi hei am Gesetz genannt ginn gegollt hunn a fir vill Leit am Ausland an, wéi mer d’lescht Woch gewuer goufen, och fir eng Rëtsch vu lëtze buergeschen Europadeputéierten nach ëmmer gël len, mir sollen elo mam gudde Beispill virgoen.

Mat dësem Gesetz sollen elo Primmen an Interêten net méi u Firmen ausbezuelt ginn, déi op der schwaarzer Lëscht vun der EU stinn. Länner wéi d’Seychellen oder d’FidschiInselen, déi op dëser Lëscht stinn, respektéieren deels d’BEPSKrittären net, deels hu se aner Steierpraktiken, déi net mat eise Standarden iwwereneestëmmen.

D’Europäesch Kommissioun ass 2018 dovunner ausgaangen, datt de Staaten all Joer bis zu enger Billioun Euro a Steierrecetten duerch Steierhanner zéiung verluer ginn eng eenorm Zomm! Wann ee sech virstellt, wéi vill Vaccinen, Masken, Respira teuren een dovu kafe kéint, wann ee sech virstellt, wéi vill een an de Gesondheetssystem investéiere kéint, an den Educatiounssystem oder de Sozial budget! Bref, déi Sue feelen.

U sech misst da jo och jiddereen heibannen an awer och dobausse mat dësem Gesetz averstane sinn, ma wéi ech den Avis vun der Chambre de Commerce gelies hunn, koum ech mer dann awer e bësse vir wéi an enger Zäitkapsel. D’Chambre de Commerce sot an hirem Avis nämlech, datt d’Zën sen awer nach solle kënnen ausbezuelt ginn, falls nëmmen d’Firma zu Guam ugesidelt ass an net d’Cheffen oder d’Associéen. Si mer dach éierlech: Kee Firmechef ass zu Guam ugemellt, seng Firma awer schonn. Domat wier d’Gesetz komplett aus gehiewelt. Als Begrënnung soe se dann: „Dat ass, fir Duebelbesteierung ze vermeiden.“ Et misst een de Firmen och méi Zäit loossen, fir dës Dispositiou nen ëmzesetzen, soudatt der Finanzplaz kee Schued géif entstoen.

Duebelbesteierung vermeiden, waarden, bis déi grouss Länner et ëmgesat hunn deen Discours misst ville vun eis heibannen dach bekannt virkom men. Dat ass nämlech deen Discours, mat deem Lëtzebuerg iwwer 14 Joer laang probéiert huet, säi Bankgeheimnis iergendwéi ze schützen. D’Häre Frieden a Juncker hätten dat Lidd warscheinlech am Schlof kënne sangen. Ma anscheinend ass dë sen Discours och no 2014 nach ëmmer an der Moud an dat sollt eis e bëssen ze denke ginn.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir Piraten fannen, datt et keng Ausnamen am Kampf géint Steierhannerzéiung dierf ginn. Steierhanner zéiung ass kee Kavaléiersdelikt! Firmen a Persou nen, déi esou vill Suen hunn, datt se kënnen Experte bezuelen, fir et virum Staat op d’Säit ze schafen, wësse ganz genau, wat se maachen. Dat si keng Onschëlleger! An och wa Lëtzebuerg sech bei dë sem Theema wierklech net ze bretzen brauch, esou sollte mer d’EU dach zu 100 % an hirer Missioun ën nerstëtzen, fir de Steierhannerzéier d’Liewen esou schwéier wéi méiglech ze maachen! Dofir ass dëse Projet, grad ewéi all anere Schrëtt a Richtung méi Transparenz a Saache Steieren, een, dee mir nëm me kënnen ënnerstëtzen.

Ech soen Iech Merci.