Header for 12. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet du régime du chômage partiel ainsi que des différentes aides aux entre prises

12. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet du régime du chômage partiel ainsi que des différentes aides aux entre prises

Dës Ried hunn ech den 21/10/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “12. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet du régime du chômage partiel ainsi que des différentes aides aux entre prises” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, fir d’éischt e grousse Merci un de Marc Spautz, deen trotz sengem klenge Foussaccident nach ëmmer ganz aktiv ass an hei Heured’actualitéen op den Ordre du jour setze léisst, déi awer relevant a wichteg sinn.

Et ass nämlech esou, datt de Chômage partiel an och do schléissen ech mech menge Virriedner un a soen der Regierung Merci, datt se dee bis an d’nächst Joer era verlängert huet e wichtegt Theema ass, en Theema, wat et eis erlaabt huet, an der Kris séier an dach relativ onbürokratesch, zumin dest an enger éischter Phas, ze reagéieren an domadder ze verhënneren, datt Leit op d’Strooss ge sat goufen.

Et ass richteg, wann ee seet: „Et ass besser, elo an de Maintien dans l’emploi ze investéieren, wéi herno Chômeuren ze finanzéiere respektiv nei Aarbechts plaze mussen ze schafen.“ Mir wëssen alleguerten: Nei Aarbechtsplaze schafen ass méi schwéier wéi bestoender ze erhalen!

Nichtsdestotrotz muss ee bei deem ganze Luef, deen inhärent domadder ass, d’Kafkraaft vun de Leit ze erhalen, iwwerhaapt d’Leit a Loun an Aar becht ze halen, awer e bëssen och e kritesche Réckbléck woen. E kritesche Réckbléck an deem Sënn, datt net alles perfekt gelaf ass.

Beim Chômage partiel war et esou, datt et direkt am Ufank Konfusioune gouf, wéi ee Formulaire dann elo ze benotze wär an ob déi Demanden dann elo eng zweete Kéier anzereeche wären oder net, wat zu onnéidegen administrativen Aarbechte bei deene betraffene Betriber gefouert huet. Jo, ech verstinn absolutt, Här Minister, datt dat eng nei Pro zedur war, datt et eng Prozedur war, déi an deem Mooss nach ni erprouft war, glécklecherweis nach ni gebraucht gouf. Nichtsdestotrotz war et esou, datt awer hei eng Rëtsch Betriber hu missen en Dossier …

M. Dan Kersch, Ministre du Travail, de l’Emploi et de l’Économie sociale et solidaire. Bal 15.000 Betri ber ware méi …

M. Sven Clement (Piraten). Jo!

M. Dan Kersch, Ministre du Travail, de l’Emploi et de l’Économie sociale et solidaire. … wéi zefridde mat der Prozedur, Här Clement. Huelt dat einfach emol zur … Mir waren normalerweis bei 30! 15.000 Betriber hunn innerhalb vu kierzester Zäit hir Suen ausbezuelt kritt.

M. Sven Clement (Piraten). Här President, … M. Dan Kersch, Ministre du Travail, de l’Emploi et

de l’Économie sociale et solidaire. An da kommt Dir heihinner an Dir schwätzt …

M. Sven Clement (Piraten). … ass dat eng Fro vum Minister …

M. Dan Kersch, Ministre du Travail, de l’Emploi et de l’Économie sociale et solidaire. … mir vu Formu lairen!

M. Sven Clement (Piraten). … oder einfach eng Ënnerbriechung? Ech froe just.

M. Fernand Etgen, Président. Här Clement, Dir kënnt roueg weiderschwätzen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Ob déi 15.000 Betriber dann esou frou an zefridde sinn, dat loossen ech emol dohigestallt. Wou ech sécher sinn, dat ass, datt d’Employéen, déi dovun ner profitéiert hunn, wa se hir Suen da kruten, frou an zefridde waren, datt se e Loun kruten.

Komme mer zu de Betriber, déi laut dem Minister, an en huet dat elo grad esou gesot, alleguerte scheinbar zefridde sinn. Ma déi Betriber, déi kruten Avancen ausbezuelt. A bei deenen Avancë louch e Bréif derbäi, dee se och ënnerschriwwen hunn, fir hir Avancen ze kréien, datt se géifen den Tropperçu rembourséieren. Sou wäit, sou gutt, souwäit abso lutt richteg an net ze contestéieren.

Wat awer dann e bëssen zu engem Couac am Pro zess gefouert huet, ass, datt déi meescht Betriber mindestens eng Persoun, nämlech meeschtens de Gerant, hunn, déi als Independant affiliéiert ass an déi kee Chômage partiel zegutt hätt, déi awer an der Masse salariale vum Betrib matgerechent gouf, soudatt d’Betriber Avancë kruten, zumindest gesäit et vu baussen esou aus, déi sech op d’gesamt Masse salariale bezunn hunn, obwuel et Indepen dantë gouf, déi net eligibel waren. Dat huet derzou gefouert, datt elo eng ganz Rëtsch Betriber an ech soen et nach eng Kéier: zu Recht Avancen hu mis sen zréckbezuelen. Hei wär et vläicht besser ge wiescht, wann een, soubal een dee Problem gesinn hätt, d’Avancen hätt kënnen upassen.

Well, an dat däerf een net vergiessen, mir wäerten eng Rëtsch Betriber hunn, déi hir Avancen, déi se ze vill kruten, fir aner Zwecker genotzt hunn. Net alle guerten, de Gros ass éierlech. De Gros huet säi Bescht gemaach. An de Gros mécht säi Bescht, fir déi Suen zréckzebezuelen, déi en dem Staat elo schëlleg ass, déi en net zegutt hat. Mee natierlech sinn dat Suen, déi fort wäerte sinn. Genausou wäerte mer an deenen nächste Wochen a Méint och nach vu Fäll héieren, wou et zu Abuse koum. Och déi musse mer séier opklären, an ech hu keen Zwei fel drun, datt mer déi wäerte séier opklären. Et soll een awer net esou maachen, wéi wann a 15.000 Fäll et alles Gold gewiescht wär.

An da komme mer vläicht nach ganz kuerz op all déi Plazen, wou de Chômage partiel vläicht net gräift. Mir hunn eng ganz Rëtsch Secteuren, wou mer aus deem engen oder anere Grond op aner Hël lefe vum Staat ugewise waren, déi net nëmmen de Chômage partiel betraff hunn. An och do musse mer kucken, datt mer an deenen nächste Wochen a Méint weiderkommen, datt mer eeben, zum Beispill am Kultur an Evenementssecteur, net mat Auslafe vum Chômage partiel fir de Gros vun de Secteuren och dës Hëllefen astellen. Mir mussen eis bewosst sinn: Dës Kris wäert fir verschidde Secteuren zu ënnerschiddlechen Zäitpunkten auslafen. Dës Kris wäert eis nach méi laang begleeden. An duerfir musse mer d’Mesuren, déi mer huelen an déi mer geholl hunn, och deementspriechend an der Dauer upassen, fir datt déi eenzel Secteure secteurbaséi ert zum richtege Moment déi richteg Hëllefe kréien.

Ech soen Iech Merci.