Header for Projet de loi portant dérogation temporaire à l’article L. 21112 du Code du travail

Projet de loi portant dérogation temporaire à l’article L. 21112 du Code du travail

Dës Ried hunn ech den 28/10/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant dérogation temporaire à l’article L. 21112 du Code du travail” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’Personal am Santéssecteur steet elo erëm virun haarde Wochen. A wann et da mat Wochen duergeet! Säitdeem d’Kris ugefaangen huet, sinn dës Leit konstant am Asaz, fir eise Gesondheetssystem um Lafen ze halen. Si haten zanter dem 29. Februar keng Paus, keng wierklech Summervakanz. De Moien nach, um Radio, huet een en Direkter vun engem Spidol héiere soen, datt sech bei senge Leit esou vill Congéen opgestaut hätten, datt en awer sou lues quasi forcéiert wär, se an de Congé ze schécken, fir datt se him net géifen ëmkippen. Dës Leit hunn Heroesches bis elo geleescht!

Mir Piraten verstinn, datt dëse Gesetzesprojet hei leider noutwendeg ass, fir datt eis Laboen, Alters heemer a Klinicke mat hirer Aarbecht nokommen. Wann een erëm muss fäerten, datt de System fréier oder spéider op e Kollaps zousteiert, geet et leider net anescht.

Duerch dës Mesuren, déi jo scho virun e puer Méint vun der Regierung ëmgesat goufen, kënnen eventu ell Personalenkpäss deelweis an ech betounen: deelweis! ausgeglach ginn. Esou kann d’Personal verschidden Deeg méi Stonne schaffen, huet awer duerfir da méi laang Pausen. Falls d’Personal aus engem Altersheem zum Beispill wärend dëse ver längerte Pause géif ufänken, ënner Covid19Symp tomer ze leiden, ass d’Chance méi geréng, datt se hir Kolleeginnen a Kolleegen op der Aarbecht uge stach hunn, well se ware jo schonn e puer Deeg doheem. Wann dëst Gesetz also richteg benotzt gëtt, kann et d’Santé publique souguer stäerken.

Duerch dës Mesurë bräicht een och manner oft e Wiessel op enger Statioun. D’Unzuel vun de Persou nen, déi innerhalb vun enger Woch mat de Patien ten oder Bewunner a Kontakt sinn, géif esou re duzéiert ginn. A perséinlech, muss ech éierlech soen, wéi den Här Minister eis sot, datt bis elo d’Personal an 33 Betriber vun dëser Mesure betraff war, huet mech dat awer iergendwou berouegt. Et war net déi Hellewull u Betriber, wéi een am Ufank hätt kënne fäerten.

Mir begréissen, datt d’Personaldelegatioune res pektiv d’Gewerkschaften ëm en Avis musse gefrot ginn. An och d’Tatsaach, datt de Minister sech ver flicht, all déi accordéiert Demanden an engem Re gëster anzedroen, dee Woch fir Woch aktualiséiert gëtt, fënnt eis Zoustëmmung.

An deene leschte Wochen a Méint si jo och vill Stëmmen aus der Groussregioun ze héiere ge wiescht, mir Lëtzebuerger hätten eis Nopeschlän ner quasi eidelkaaft, hinne massiv Leit ewechrekru téiert. An och de Moien um Radio war dat erëm e Message, dee kloer kommunizéiert gouf: „Ech däerf net méi.“ Oder besser gesot: „Ech krut staark un d’Häerz geluecht, net méi an d’Nopeschlänner re krutéieren ze goen.“ Dat ass ze verstoen. Et ass ze verstoen, datt d’Nopeschlänner och an enger Krise situatioun hir Leit brauchen. An datt, wann do op eemol all Lach hei zu Lëtzebuerg mat Leit vun en zwousch anescht gefëllt gëtt, dat forcement en zwousch anescht Lächer oprappt, soudatt mer deem Däiwelskrees net géifen entkommen.

An trotz all deene Rekrutementer, déi mer gemaach hunn, schéngt et personaltechnesch nach ëmmer net duerzegoen. Mir waren trotz dëse Rekrutemen ter net op déi jëtzeg Situatioun virbereet.

D’lescht Woch eleng huet de CHL gemellt, datt hin nen 90 Leit géife feelen. D’Hôpitaux Robert Schu man hu vu 60 Leit Stand gëschter geschwat, mat der Indikatioun, datt der haut warscheinlech erëm géifen derbäikommen.

(Discussion à l’arrièreplan)

Dat weist: Dëse Gesetzesprojet ass néideg!

Mee et muss een och ganz kloer soen, datt en den Aarbechtssecteur definitiv fir jonk Leit esou net méi attraktiv mécht.

(Discussion à l’arrièreplan)

Här Di Bartolomeo, ech géif de Mikro ausmaachen; dann héiere mir Äert Zwëschegespréich net.

Mir hunn elo scho Problemer, jonk Leit dervun ze iwwerzeegen, eng Karriär am Gesondheetssecteur unzegoen, an déi lescht Méint an ech fäerten, leider och déi kommend wäerten de Rekrutement an deem Secteur net méi einfach, mee éischter méi schwéier maachen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, dëse Gesetzesprojet ass eng provisoresch Plooschter. E verhënnert déi schlëmmst Bluddungen. Et ass Mé decine d’urgence. Et ass eng kuerzfristeg Nout léisung, déi awer derzou féiere kéint, datt mer laangfristeg negativ Konsequenzen hunn, wat de Rekrutement an d’Ausbildung vum Santéssecteur betrëfft. Mir mussen also hei dréngend laangfristeg Léisunge fannen, well nëmmen esou kënne mer de Gesondheetssecteur op stabill Féiss setzen.

Dat gesot, stëmmen d’Piraten dëse Projet mat engem kräischenden A mat, well mer e brauchen, mee mir hoffen, datt mer de Gesondheetssecteur virun deem säit Joerzéngte schweelende Burnout kënne retten.

Ech soen Iech Merci.