Header for 17. Motion de M. Michel Wolter relative a la démission de Mme Corinne Cahen, Ministre de la Famille et de l’Intégration

17. Motion de M. Michel Wolter relative a la démission de Mme Corinne Cahen, Ministre de la Famille et de l’Intégration

Dës Ried hunn ech den 01/04/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “17. Motion de M. Michel Wolter relative a la démission de Mme Corinne Cahen, Ministre de la Famille et de l’Intégration” gehalen.

1.

M. Sven Clement (Piraten). Also, ech kann dem David Wagner nëmme Recht ginn, Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen: Dat do ass näischt, wat engem Spaass mécht.

M. Georges Engel (LSAP). Maacht Iech net esou schäinhelleg!

(Interruptions)

M. Sven Clement (Piraten). Jo, ech maache mech net schäinhelleg, well dat doten ass wierk lech eppes, wat mir kee Spaass mécht. A Schäin hellegkeet ass, wann een anere Leit eppes virwerft, wat ee selwer vläicht och viru senger eegener Dier misst kieren. Do kucken ech dann op de Kolleeg Gilles Baum, deen als Éischt der CSV eppes vum Frëndeskrees seet, awer geflëssentlech ënner schléit, datt et de Cercle Eugène Schaus gëtt, deem och de „Journal“ gehéiert, …

(Interruptions)

… an op där anerer Säit eng LSAP, déi jo och e Frëndeskrees huet. Also wannechgelift, kommt, mir kucken emol eng Kéier …

M. Dan Kersch, VicePremier Ministre. Sot eis emol, wéi Dir dat gereegelt hutt mat de Finanzen!

(Brouhaha)

Une voix. Ass elo Discussion générale?

M. Dan Kersch, VicePremier Ministre. Sot eis emol, wéi Dir dat mat de Finanze gereegelt hutt!

Une voix. Elo geet et zwar duer!

Une autre voix. Informéiert Iech fir d’éischt, ier Der esou Saachen hei behaapt!

M. Sven Clement (Piraten). Dir sidd genausou concernéiert vum Frëndeskrees vun der CSV wéi … (Brouhaha général)

M. Fernand Etgen, Président. Wannechgelift!

M. Gusty Graas (DP). Wéi heescht deen Här do vu Réimech, hein?

Une voix. Ganz gutt!

(Interruptions diverses)

M. Georges Engel (LSAP). Dat ass de Clou!

M. Sven Clement (Piraten). Jo, jo! Mir kënne jo gären eng Kéier kucken, wann d’Cour des comptes sech emol eng Kéier géif …

M. Fernand Etgen, Président. Loosst Iech net stéieren, Här Clement!

M. Sven Clement (Piraten). Nee, ech loosse mech net stéieren, Här President, merci awer. Ech sinn emol gespaant, wann d’Cour des comptes eng Kéier géif déi Frëndeskreesstrukture vun all de Par teien auserneeplécken!

Une voix. Ganz gären!

(Brouhaha général)

M. Sven Clement (Piraten). Mir sinn Demandeur, se kënne gären eng Kéier dat maachen.

Une voix. Demandeur, eng ganz gutt Iddi.

M. Sven Clement (Piraten). Sou, dat wär emol aus der Welt geschaaft.

Une voix. Nee, nach laang net!

(Exclamations et protestations)

M. Sven Clement (Piraten). Jo, okay, gutt! Gären, Här Baum.

M. Fernand Etgen, Président. Erlaabt Der, datt den Här Cruchten Iech eng Fro stellt?

M. Sven Clement (Piraten). Ganz gären, Här President.

M. Yves Cruchten (LSAP). Ech weess net, wéi ech dat elo als Fro soll dréien, well ech wëll just eng Informatioun ginn. Ech wëll just soen, dass d’Konte vun dem Frëndeskrees vun der LSAP all Joer mat de Konte vun der Partei un d’Cour des comptes ge schéckt gi fir Approbatioun, a mir loosse se och nach vu bausse vun engem auswäertegen Expert indépendant préiwen. Net dass iergendee mengt, dass do iergendeppes net an der Rei wär!

M. Fernand Etgen, Président. Merci, Här Cruchten. An elo geet d’Wuert zréck un den Här Clement.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här Cruchten, fir déi Info. Ech wousst dat wierklech net.

(Brouhaha et hilarité)

M. Gusty Graas (DP). Dir wësst nach villes net!

M. Sven Clement (Piraten). Pardon, mee ech fan nen et awer eng Frechheet vum Här Engel, mer emol als Éischt ze ënnerstellen, et géif mech net interes séieren. Et interesséiert mech nämlech tatsächlech.

A merci, Här Cruchten, fir déi Informatioun.

(Interruptions diverses)

Sou. Da wollt ech awer drop agoen, datt hei ënner stallt gëtt, datt hei just d’CSV eppes fuerdert an datt dräi aner Parteie geflëssentlech hannendrun dackele géifen, nodeem déi dräi Parteien, mir in clus, hei virdru Bedenke geäussert hunn, konkreet probéiert hunn, och matzeschaffen! An ech hunn et virdru souguer a menger Ried gelueft, wéi de Pre sident vun der Santéskommissioun probéiert huet, hei op e gemeinsame Strang ze komme vun enger Motioun, déi eis da schlussendlech net wäit genuch gaangen ass, a wat ech him och gesot hunn an deene Gespréicher, déi mer haten, a gesot hunn: „Dat doten ass eppes, wat mir net kënne matdroen.“ A schlussendlech war eebe kee gemeinsamen Terrain d’entente ze fannen. An dat huet dozou ge féiert, datt mer elo an engem Impasse sinn, deen eeben deen Impasse ass, dee mer hunn.

An ech wëll net, datt mer erëm en Debat ofschléis sen, wéi mer et elo an deene leschten dräi Deeg zweemol duerch de Gilles Baum erlieft hunn. Fir d’éischt en Dënschden an der Reglementskommis sioun. Déi Leit, déi derbäi waren, wëssen, vu wat ech schwätzen. Mir hu säit Wochen un engem Text iwwert dréngend parlamentaresch Froe geschafft.

Mir hu konstruktiv geschafft. Mir sinn ëmmer erëm dohinnerkomm, an all Kéiers den Dag vun der Sëtzung hate mer op eemol erëm eng Géigepropos vum Här Baum an der EMailBoîte, net annoncéiert nach owes direkt no der Sëtzung, nee, se huet ëmmer dann eng Woch gedauert, a mir sinn ëmmer direkt domadder konfrontéiert ginn.

(Interruption par la présidence)

Mee déi Diskussioun ass ofgeschloss.

(Interruption par la présidence)

Dann an der Santéskommissioun ofgeschloss. Et soll keen der Oppositioun soen, mir géifen net de Kompromëss sichen! Mir hunn e gesicht, mee d’Majoritéit huet e refuséiert. An duerfir sti mer haut, duerfir hu mer elo e Blocage …

M. Fernand Etgen, Président. Här Clement, Är Riedezäit ass scho largement depasséiert!

M. Sven Clement (Piraten). Jo, Här President, ech huelen …

Une voix. Bei villen aneren och, an do sidd Der net esou streng!

M. Fernand Etgen, Président. An Dir schwätzt och net zur Motioun méi.

Une voix. Mir hunn eis e Beispill un der DP geholl.

Une autre voix. Den Här Baum huet guer net zu der Motioun geschwat.

M. Sven Clement (Piraten). Et gëtt dréngend Zäit, datt mer an der Reglementskommissioun déi Fro vun den Enquêtëkommissiounen opgräifen an datt mer do eng kloer Propositioun hikréien, well et ass en Hon, datt mer hei nach ëmmer iwwert d’Enquêtëkommissioune schwätzen, déi mer souwi sou net kréien, well fir eng Enquêtëkommissioun 31 Stëmme gebraucht ginn. Wat fir ee Parlament mécht dann esou eppes? Wéi ee Parlament léisst esou eppes mat sech maachen?

M. Fernand Etgen, Président. Merci, Här Clement. An dann huet d’Madamm Josée Lorsché d’Wuert gefrot.

M. Marc Goergen (Piraten). Da ka si nach iwwert dee grénge Frëndschaftskrees zielen.

Mme Josee Lorsche (déi gréng). Merci, Här President.

(Brouhaha)

Watgelift? Mir mussen um eelef Auer doheem sinn.

Ech schwätzen och net méi wéi e puer Minutten, Här Graas, keng Suerg!

(Brouhaha et hilarité)

Et stellt ee just fest, datt sech hei an der Chamber dach verschidden Allianze schmieden, siefe se elo helleg oder net helleg, dat ass net u mir, fir dat ze beurteelen. Ech wëll awer feststellen, …

M. David Wagner (déi Lénk). Wéi zu Beetebuerg.

Mme Josee Lorsche (déi gréng). … datt mer haut net an enger Stärestonn vum Parlament hei sinn.

M. Fernand Etgen, Président. Hei, wannechgelift, e bësse méi roueg!

Mme Josee Lorsche (déi gréng). An dat bedaue ren ech ganz staark am Numm vun der grénger Fraktioun.

Als Gréng stelle mir eis eigentlech ëmmer méi d’Fro, ëm wat et der CSV a verschiddenen Acolytte vun der Oppositioun eigentlech geet, …

(Brouhaha)

Plusieurs voix. Oo!

Une voix. Sidd Dir och Acolyte?

Mme Josee Lorsche (déi gréng). … ëm Inhalter an Ziler …

M. Gilles Roth (CSV). Här President, sidd Dir President oder net?

Mme Josee Lorsche (déi gréng). … an ëm Zesummenhalt oder …

M. Fernand Etgen, Président. Wannechgelift, wann et e bësse méi roueg wier, géif ech och alles héieren!

(Interruptions)

M. Sven Clement (Piraten). Ech mengen, den Acolyte hutt Der héieren, ne?