Header for 9. Motion de M. Michel Wolter relative à l’élaboration d’une étude indépendante externe afin d’analyser et d’évaluer les faits sur venus depuis la mifévrier dans la maison de retraite « Um Lauterbann » à Niederkorn

9. Motion de M. Michel Wolter relative à l’élaboration d’une étude indépendante externe afin d’analyser et d’évaluer les faits sur venus depuis la mifévrier dans la maison de retraite « Um Lauterbann » à Niederkorn

Dës Ried hunn ech den 18/03/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “9. Motion de M. Michel Wolter relative à l’élaboration d’une étude indépendante externe afin d’analyser et d’évaluer les faits sur venus depuis la mifévrier dans la maison de retraite « Um Lauterbann » à Niederkorn” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, et ass sécherlech eppes, wat ee betraff mécht. Mee d’Betraffenheet däerf eis net dervunner ofhalen, ze kucken, wat d’Ursaache sinn.

Ech sinn der Meenung, datt d’Demarche, déi den Här Wolter hei gewielt huet, eng ganz pertinent ass, nämlech eng onofhängeg extern Etüd ze fuerderen.

Et ass sécherlech esou, datt mir an der Chambers kommissioun kënnen driwwer schwätzen, dat ass, mengen ech, den zweeten Invite, deen den Här Wolter a senger Motioun geschriwwen huet, näm lech datt d’Chamber au courant gehale gëtt, de Grand public awer och.

Et geet hei net drëm, nëmmen eng politesch Analys ze maache, et geet hei drëm, en Audit ze maachen.

Mee mir soen dat ëmmer esou gären, Auditen. Mir kucken: Wat ass lass, wat ass geschitt? Hei stelle sech Froen, et stelle sech politesch Froen: Wie wousst wéini wat, a wat huet en dobausse gesot?

Mee et stelle sech awer och eng Rëtsch strukturell Froen: Wéi ass an deem Haus mat der Santé ëm gaange ginn, mat der Gesondheet vun de Leit ëm gaange ginn? Goufen d’Gestebarrièrë respektéiert?

Wa jo, wéi konnt et dozou kommen? Wann nee, wien ass ultimement responsabel?

Et ass en Établissement public, en huet eng Mi nistre de tutelle, mee virun allem huet en eng ganz Chaîne hiérarchique, déi jo hei awer eventuell eng Responsabilitéit huet, déi engagéiert ass. An duer fir mengen ech och net, datt et un der Chamber ass, hei Police ze spillen. Et ass un der Chamber, fir iw wert d’Erkenntnisser vun esou enger externer an ono fhängeger Analys informéiert ze ginn an dann déi politesch Konklusiounen ze zéien.

Mee d’Konklusioune selwer, mengen ech, déi éischt, musse vun enger onofhängeger externer Etüd kom men. Well wéi solle mir anescht politesch Konklu siounen zéien, wa mer net wëssen, wat wierklech um Terrain virgefall ass? Ech mengen net, datt eise Chambersreglement hiergëtt, aus der Santéskom missioun eng Enquêtëkommissioun iwwer en Al ters heim ze maachen. Ech mengen, datt een hei wierklech eng onofhängeg Enquête brauch. An da muss d’Chamber hir Aarbecht maachen, an dat ass um politesche Plang.