Header for 4. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet du projet Google et plus particulièrement sur les incidences de ce projet sur l’environnement naturel et les questions de l’énergie (consommation et approvisionnement)

4. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet du projet Google et plus particulièrement sur les incidences de ce projet sur l’environnement naturel et les questions de l’énergie (consommation et approvisionnement)

Dës Ried hunn ech den 27/03/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “4. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet du projet Google et plus particulièrement sur les incidences de ce projet sur l’environnement naturel et les questions de l’énergie (consommation et approvisionnement)” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten).- Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech mengen, d’Madamm Hansen huet et gesot: Google, wa mer deen Numm eng Kéier géifen ersetzen duerch iergendeen anere klengen, mëttelstännege Betrib op der Welt, da géife mer ganz anescht driwwer schwätzen, respek- tiv, et wär guer net esou wäit komm, datt mer driwwer schwätze géifen, well se wahrschein- lech déi Terrainen net kritt hätten, se hätte wahrscheinlech keng Versprieche fir Ressourcë kritt. Se hätte wahrscheinlech gesot kritt: „Ma Äre Projet, esou schéi wéi e kléngt, fir déi puer Aarbechtsplaze wäerte mer eis déi Aarbecht net maachen!“

(Interruption)

An ech mengen, wann een dann emol eng Kéier sech bedenkt …

Une voix.- Dir lieft an der Vergaangenheet.

(Interruption par M. Henri Kox)

M. Sven Clement (Piraten).- Den Här Kox schwätzt léiwer iwwer aner Saache wéi Google, wann ech dat esou richteg matkréien hei vu lénks.

Une voix.- Léiwer net!

M. Sven Clement (Piraten).- Ech fannen et awer bedenklech, datt mer iwwer esou e Rise- projet esou wéineg an esou rar eppes gewuer ginn.

D’Regierung schreift sech gären d’Transparenz op de Fändel. A wann et dann ëm déi grouss Projete geet, ëm déi Projeten, déi si souguer selwer als strategesch wichteg deklaréiert, da soll den Debat net gefouert ginn, da solle mer d’Prozeduren ofwaarden, da solle mer drop waarden, datt vläicht iergendwann eng Kéier eng Decisioun getraff ass an et ze spéit ass, iergendeen demokratesche Contrôle driwwer ze exercéieren.

Dat fanne mir bedenkenswäert. Mir sollten eis definitiv hei méi intensiv mat grousse Projete beschäftegen. Mir sollten eis d’Fro stellen iwwert d’Landesplanung, doriwwer, wou eis Ekonomie soll higoen. An ech mengen, dat ass en Debat, deen hei am héijen Haus sollt ge- fouert ginn. Mir sollten net iwwer eenzel Betri- ber mussen diskutéieren, mä mir sollte kënnen iwwert déi grouss Leitlinnen diskutéieren.

Ech fannen et schued, datt mer e grousse Be- trib brauchen, fir och dat nach eng Kéier op d’Tapéit ze bréngen.

Perséinlech muss ech soen, Digitaliséierung ass méi, wéi nëmme Serveren an en Datazenter ze stellen. An ech wëll just eng Kéier, an domad- der kommen ech och op en Enn, soen: Aarbechtsplazen entstinn net eleng duerch Ser- veren an Datazenteren, Aarbechtsplazen ent- stinn duerch Leit, déi mat deene Ressourcë schaffen. Ob deen Datazenter zu Lëtzebuerg, zu Léck oder soss enzwousch steet, ass u sech fir d’Aarbechtsplazen am grousse Stil egal. Hei geet et ëm eng Drëps op de waarme Steen, wat d’Aarbechtsplazen ugeet, awer ëm en Ozean, wann et ëm Ressourcëverbrauch geet. Villmools Merci.