Header for Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 29 août 2008 sur la libre circulation des personnes et l’immigration

Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 29 août 2008 sur la libre circulation des personnes et l’immigration

Dës Ried hunn ech den 28/03/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 29 août 2008 sur la libre circulation des personnes et l’immigration” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten).- Merci, Här President. Och Merci dem Rapporteur Marc Angel fir deen exzellente mëndlechen awer och schrëftleche Rapport, deen eis jo, wéi meng Virriedner gesot hunn, relativ kuerzfristeg zou- gaangen ass an dee mer dunn och relativ kuerzfristeg hu missen traitéieren.

Mir hoffen, datt no dësem Brexit-Chaos erëm e bësse méi Rou an d’parlamentaresch Aarbecht kënnt an et doduerjer och méiglech gëtt, dann an deenen Delaien, déi mer eis jo selwer ginn hunn, erëm parlamentaresch Aarbecht ze maa- chen, fir esou eben Haselegkeeten ze verhën- neren. Ech mengen, et gehéiert zur Demokra- tie, datt ee sech och mat Texter kann eng gewëssen Zäit auserneesetzen, datt mer do e bësse Safeguards agebaut hunn. Nichtsdesto- trotz markéiere mer och eisen Accord fir dëse Projet.