Header for 5. Dépôt d’une résolution par M. Sven Clement

5. Dépôt d’une résolution par M. Sven Clement

Dës Ried hunn ech den 29/06/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “5. Dépôt d’une résolution par M. Sven Clement” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten), auteur. Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen: Juni, dat ass de Pride Month. Dat ass de Mount, wou mer d’Villfalt sollen zelebréieren. An ech mengen, déi lescht Wochen an Deeg ass vill op internationalem Platto iwwert de Reebou a seng Verbindung mam Fussball geschwat ginn, mee et sinn awer och vill Initiativen, deelweis op lokalem, deelweis op natio nalem an deelweis op supranationalem Plang, ge holl ginn, fir d’Villfalt ze zelebréieren.

Engersäits huet d’Europaparlament den 11. Mäerz dëst Joer eng Resolutioun ugeholl, fir d’EU als LGBTIQ Freedomzone ze deklaréieren. Dat ass eng Initiativ, déi och vun e puer Stied a Gemengen zu Lëtzebuerg scho gemaach gouf. Esch, d’Stad Lëtze buerg, awer och zum Beispill Rëmeleng sinn do ze nennen, soudatt mer mëttlerweil hei zu Lëtzebuerg e puer Flecken hunn, déi als lokal Freedomzones deklaréiert sinn. Da si mer natierlech Deel vun der Europäescher Unioun, déi sech integral als LGBTIQ Freedomzone deklaréiert huet.

An da kënnt Der Iech denken, wat d’Initiativ vun dë ser Resolutioun ass. Dat ass nämlech, genau deen nämmlechte Support fir d’Villfalt och als Chamber zum Ausdrock ze bréngen, an domadder géif dës Resolutioun u sech eis alleguerten hei invitéieren, fir ganz Lëtzebuerg offiziell zu enger LGBTIQ Free domzone ze erklären. Ech denken, datt dat dem éischte Pouvoir vum Land ganz gutt géif zu Ge siicht stoen, fir hei e staarkt Symbol ze setzen, grad an Zäiten, wou et a verschiddene Länner éischter an déi aner Richtung zréckgeet a wou een hei als Lëtzebuerg kéint een Zeeche fir Oppenheet a Plura lismus setzen.

Ech soen Iech Merci.

Résolution