Header for 5. Question elargie no 64 de M. Sven Clement relative a la prise en chare des patients dans la Grande Region

5. Question elargie no 64 de M. Sven Clement relative a la prise en chare des patients dans la Grande Region

Dës Ried hunn ech den 19/01/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “5. Question elargie no 64 de M. Sven Clement relative a la prise en chare des patients dans la Grande Region” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, Madamm Ministesch, d’Covid19Pandemie ass aktuell net nëmme fir eise Gesondheetssystem eng grouss Erausfuerderung, mee bréngt och an eisen Nopeschlänner d’Spideeler un hir Grenzen. A well d’Capacitéite limitéiert sinn, musse säit enger ganzer Rei Méint scho verschidden Agrëffer an Traitementer, déi kënne verluecht ginn, verréckelt oder souguer bis op onbestëmmten Zäit annuléiert ginn. Fir Lëtzebuerg bedeit dat och, datt eng Rei medezinnesch Traitementer, déi viru Covid nach am Ausland konnte gemaach ginn, elo just nach hei am Land méiglech sinn, well eis Nopeschlänner keng Patienten aus dem Ausland, oder an deem Fall aus Lëtzebuerg, méi unhuelen.

Well Lëtzebuerg am Beräich vun der Medezinn awer ëmmer enk mat sengen Nopere kooperéiert huet, gëtt et eng ganz Rei Operatiounen an Traitementer, fir déi et an der Groussregioun spezialiséiert Klini cken a Praxisse gëtt, wärend zu Lëtzebuerg d’Capa citéiten derfir feelen. Dat war iwwert déi lescht Joren eebe geliefte Kooperatioun an der Groussregioun.

Sou ass et duerchaus méiglech, datt ee gewësse Behandlungen elo zwar zu Lëtzebuerg kréie kann, dem Medezinner hei am Land awer, am Verglach zu deenen am Ausland, vläicht d’Erfarung feelt, vläicht d’Capacitéit feelt voire d’Ekipementer limitéiert sinn, well se eebe bis virun der Covid19Pandemie konnten op den Echange mat eisen Noperen zielen an d’Patientinnen an d’Patiente ganz einfach iwwert d’Grenz konnte goen, fir sech do behandelen ze loossen oder och diagnostizéieren ze loossen.

Déi aktuell Situatioun werft soumat d’Fro op iwwert d’international Kooperatioun an der medezinnescher Versuergung innerhalb vun der Groussregioun, net nëmme wärend der Covid19Pandemie, mee och doriwwer eraus. Mir mussen elo och schonn drun denken, wéi mer an Zukunft mat deene Situatiounen ëmginn.

Dofir wéilt ech der Ministesch dës konkreet Froe stellen: Wéi eng Traitementer an Agrëffer kënne lëtzebuergesch Patienten aktuell iwwerhaapt nach am Ausland maache loossen?

Wéi huet d’Madamm Ministesch sech derfir enga géiert, och wärend der Pandemie eng grenziwwer schreidend Zesummenaarbecht bei der Prise en charge vun Netcovidpatienten ze fërderen? An ass d’Madamm Ministesch zefridde mat der Aart a Weis, wéi oder wéi vläicht och net méi wärend dëser Pandemie an der Groussregioun kooperéiert gouf, wann et ëm de Gesondheetssecteur geet?

Jiddweree vun eis, mengen ech, huet ënnerstëtzt, datt mir als Lëtzebuerger Patientinnen a Patienten, déi soss méi e schlechten Traitement kritt hätten, hei zu Lëtzebuerg traitéiert hunn, wéi et néideg war. Dat wëll ech guer net a Fro stellen. Meng Fro ass éischter an déi ëmgedréite Richtung gemënzt: Wéi ass et de Patientinnen a Patienten vu Lëtzebuerg ergaangen, déi e Besoin haten, am Ausland soignéiert ze ginn?

D’Covidpandemie kéint ee jo derzou verleeden, ze denken, datt et besser wär, Lëtzebuerg an Zukunft méi onofhängeg vu sengen Noperen ze maachen. Plangt d’Ministesch, laangfristeg d’Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg am Beräich vun der Medezinn ausze bauen, oder soll d’Kooperatioun am Gesondheets beräich an der Groussregioun, ganz au contraire, verstäerkt ginn, fir datt och a Krisenzäiten an no der Krisenzäit dës kann oprechterhale ginn? Ginn et dofir scho Pisten?

Ech soen Iech Merci.