Header for 5. Résolution de M. Yves Cruchten relative à l’intervention auprès des parlements de nos pays avoisinants afin de leur faire part des inquiétudes des parlementaires luxembourgeois concernant l’espace Schengen

5. Résolution de M. Yves Cruchten relative à l’intervention auprès des parlements de nos pays avoisinants afin de leur faire part des inquiétudes des parlementaires luxembourgeois concernant l’espace Schengen

Dës Ried hunn ech den 07/05/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “5. Résolution de M. Yves Cruchten relative à l’intervention auprès des parlements de nos pays avoisinants afin de leur faire part des inquiétudes des parlementaires luxembourgeois concernant l’espace Schengen” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Här Presi dent, léif Kolleeginnen a Kolleegen, dat heiten ass fir mech en emotionaalt Theema. Meng Ur groussbom ass als Kand vun enger Lëtzebuer ger Famill deemools am Preisesche gebuer ginn, wat duerno awer erëm Frankräich ginn ass. Si huet also schonn direkt bei der Gebuert eng aner Nationalitéit gehat wéi de Rescht vun der Famill. Si gouf dunn duerch eng Okkupa tioun respektiv duerch eng Liberatioun nach eng Kéier ëm eng Nationalitéit bruecht. A schlussendlech ass si duerch Bestiednis, dat war deemools nach esou, erëm Lëtzebuergerin ginn. Meng Urgroussbom hat dräi Nationalitéiten. Dräi Nationalitéiten aus der Groussregioun. Ech selwer hunn an der Groussregioun studéiert. Ech hu mech an der Groussregioun op der Uni derfir agesat, datt d’Studente méi einfach kéin ten iwwert d’Grenze mobill sinn, andeem mer et am Kader vun der Universität der Großre gion jiddwerengem erméiglecht hunn, u sech op méi wéi enger Plaz an eiser schéiner Grouss regioun ze studéieren. Och dat ass Zesumme liewen! A grad dat ass Zesummeliewen! Lëtze buerg war ëmmer e Land, wou d’Grenzen dach relativ oppe waren.

Souguer wann d’Douanieren do stoungen, dann haten d’Lëtzebuerger, wéi een dat am Weste vum Land ka gesinn, mat de Schmugg lerpfaden hir Weeër a Mëttelen, fir dach awer hir Hénger vun Arel vum Maart ze kréien. Res pektiv och iwwert d’Musel gouf et e reegen Austausch, deen net onbedéngt ëmmer gutt …

(Interruptions et hilarité)

… gesi war vun den Douanieren. An dat hu mer mam SchengenAccord, deen no enger lëtzebuergescher Stad benannt ass, dunn och enterinéiert an Europa.

Mir hunn en Accord, deen dat Zesummeliewen an der Groussregioun hei nach méi wichteg gemaach huet. An ech mengen, datt et wich teg ass, genau deen ze erhalen. An haut, zwee Deeg virum Europadag, ass et ëmsou méi wichteg, als Parlament nach eng Kéier drun ze erënneren, wéi wichteg déi grenziwwerschrei dend Zesummenaarbecht ass. An duerfir be gréissen ech, an duerfir hunn ech och déi Reso lutioun mat ënnerschriwwen, déi eis opfuer dert, deen Austausch ze verstäerken, besser a méi zesummen ze schwätzen a konkreet Ak tiounen och zesummen unzegoen.

Well nëmmen, wa mer an der Groussregioun zesummestinn, da si mer op eemol net méi esou kleng vu Berlin aus, da si mer net méi esou wäit vu Paräis ewech, mee dann hu mer Partner, déi vill méi no u Berlin an u Paräis sinn an déi dat dann och kënnen an hir jeeweileg Haaptstied matdroen. An duerfir ass déi Ze summenaarbecht och mat de regionale Vertrie dungen esou wichteg. An duerfir fannen ech et ganz gutt, datt déi Resolutioun haut hei ka ge stëmmt ginn.

Ech soen Iech Merci.