Header for 6. Heure d'actualité du groupe politique CSV au sujet du nouveau pacte sur la migration et l'asile

6. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet du nouveau pacte sur la migration et l’asile

Dës Ried hunn ech den 15/10/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “6. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet du nouveau pacte sur la migration et l’asile” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, „Everybody has to step up and take responsibility“, esou sot d’EUKommis siounspresidentin an hirer Ried zur Lag vun der EU zu Bréissel. Si sot och, datt d’Migratioun wichteg ass fir de Wuesstem, d’Innovatioun an d’Sozialdy namik an der EU. A mir als Europäer mussen eis endlech der Verantwortung dëse Mënsche géintiw wer bewosst ginn.

Lëtzebuerg hat am Kontext vu senger EURotspre sidentschaft probéiert, fir eng gerecht Verdeelung vun de Schutzsichenden an Europa opzestellen. Dat huet, wéi mer wëssen, net geklappt.

Mir Piraten sinn d’accord, datt méi Kooperatioun an dësem Dossier gefuerdert ass. Woumat mer awer net d’accord sinn, ass der Kommissioun hire Léisungswee. D’Kommissioun proposéiert näm lech, de Problem vun der ongerechter Verdeelung vun de Flüchtlingen an Asyldemandeuren duerch eng gemeinsam Abschibepolitik ze léisen. Dat heescht, amplaz datt Europa e koordinéierten Effort mécht, fir dëse Mënschen, déi viru Krich a Verfoll gung geflücht sinn, ze hëllefen, mécht Europa elo alles derfir, dass déi Leit esou séier wéi méiglech vun hei verschwannen.

Dës Leit, déi als illegal Migrante bezeechent ginn, sinn nëmmen op illegalem Wee an Europa komm, well d’EU hinne keen anere Choix léisst! Fir dës Leit ass illegal Migratioun oft dee leschten Auswee, fir sech an hir Famill ze schützen. Ech gleewen un e Recht op Fräiheet, un e Recht, selwer ze decidéie ren, wou a wéi ee liewe wëllt, an dat alles am Res pekt vum Gesetz vun do, wou een da lieft. Sech fräi ze beweegen däerf awer net illegal sinn. Ma awer genau dës Illegalitéit gëtt duerch dëse Migratiouns an Asylpakt nach verstäerkt.

Wa Polen an Ungarn keng Flüchtlinge wëllen ophue len, hëllefe se elo, fir se mat Schëffer, Fligeren a Busser erëm heemzekréien. Dat Ganzt nennt sech da „return sponsorship“. A si mussen deemno wéi net emol dësen Transport organiséieren! Wa se Ita lien och nëmmen e Computerprogramm zur Säit wëlle stellen, mat deem se dann d’Donnéeë vun Demandeure besser sortéiere kënnen, jo, da geet dat schonn duer. Méi bëlleg kann ee sech kaum aus der Affär zéien.

An trotzdeem gëtt behaapt, et hätt een an Europa zesummegeschafft an de Problem vun der Migra tiounspolitik, Zitat: „geléist“! D’Kommissioun seet, datt hire Pak d’Ursaache vu Mënscheschmuggel soll bekämpfen a gläichzäiteg Flüchtlingen an Drëttstaaten ech ginn dervun aus, datt se domad der d’Türkei mengt soll hëllefen.

Dozou ginn et zwou Saachen ze soen:

Éischtens hätt Europa kee Problem mat Mënsche schmuggel, wa mer et de Leit net quasi onméiglech maache géifen, regulär a sécher an Europa ze kom men a bei enger Grenzkontroll Asyl unzefroen. D’Leit musse jo nëmmen op dës Schmuggler zréck gräifen, well mer d’Schëffer erëm zréck op d’Mëttel mier zéien, Mënsche mat Tréinegas a Matraquen zréckdrängen a Clôturë vun zéng Meter Héicht oder méi opriichten.

Wa mer muer domat géifen ophalen, hätten dës organiséiert Verbriecherbanden, déi d’Leit a Gefor bréngen, muer kee méi, deen hinne säi gesamt Erspuernis géif ginn, fir an Europa ze kommen.

D’Direktiv 2001/51 vum Conseil, déi sech betitelt huet „sanctions pécuniaires aux transporteurs de passagers“ misst ofgeschaaft ginn! Well genau dës Direktiv féiert derzou, datt een eeben net kann an engem Hierkonftsland de Fliger huelen a legal an d’EU kommen, fir hei Asyl ze froen, well keen eenze gen Operateur vun enger Airline seet: „Ech ginn de Risiko an, datt ech duerno muss bezuelen.“ Dat ka bis zu 500.000 Euro pro Infraktioun kaschten. Wann ech Chef vun enger Airline wär, géif ech dee Risiko och net huelen.

Resultat: Et kann een zwar vu Kairo aus zum Beispill e Vol „one way“ Richtung Europa buche fir ënner 500 Euro, mee ouni Pabeieren, ouni Visa geet dat net. Resultat: D’Leit si forcéiert, 5.000 oder méi Euro ze bezuelen, fir sech an iergendengem Gum miboot iwwert d’Mëttelmier schipperen ze loossen an dobäi liewensgeféierlech Risiken anzegoen. Zweetens, fir grad vun der Türkei ze behaapten, datt se sech gutt ëm d’Flüchtlinge këmmere géif, ass gewot. D’EU huet vun 2016 bis 2019 ëm déi 6 Mil liarden Euro iwwerwisen, fir datt si sech ëm déi Leit këmmeren, déi mir jo net hei wollten hunn. An elo ginn dës Leit an der Türkei festgehalen, an engem Land, dat an deene leschte Joren derfir bekannt ginn ass, datt reliéis a politesch Meenungen ënner dréckt ginn, e Land, an deem reliéis a sexuell Fräiheeten net méi wierklech toleréiert ginn.

Mir hunn haut schonn iwwert d’Türkei geschwat, duerfir loossen ech et domadder gutt sinn.

Här President, dëse Pak wäert relativ séier Konse quenzen op d’EUBaussegrenzen hunn. Deen neie „preentry screening“, vun deem ech nach net konnt schwätzen, well d’Zäit awer relativ knapp bemooss ass fir dëst komplett Theema, soll nach dëst Joer an enger Direktiv oder an engem Reglement ëmge sat ginn. En Antimigranteschmuggelplang ass fir d’nächst Joer virgesinn.

Am Fazit kann ee soen, datt d’EUKommissioun sech dëse Pakt hätt kënne spueren, wann d’EU end lech géif unerkennen, datt kee Mënsch illegal ass. En ass e Schrëtt an déi komplett falsch Richtung a wäert weeder zu enger Entlaaschtung vun de südle che Memberstaaten duerch eng Kooperatioun um Niveau vun der Verdeelung vun de Flüchtlinge féie ren, nach derfir suergen, datt dës Leit endlech an Europa esou behandelt ginn, wéi se sollten: wéi Mënschen!