Header for 7. Débat sur le Programme de stabilité et de croissance (PSC) et sur le Programme national de réforme (PNR)

7. Débat sur le Programme de stabilité et de croissance (PSC) et sur le Programme national de réforme (PNR)

Dës Ried hunn ech den 05/05/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “7. Débat sur le Programme de stabilité et de croissance (PSC) et sur le Programme national de réforme (PNR)” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Här Pre­ sident, léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt emol ass et mer e Pleséier, datt mer haut, esou wéi an enger Motioun gefrot, déi d’lescht Joer vun der Majoritéit refuséiert gouf, da kënne separat iwwer PSC a PNR schwätzen.

PSC a PNR, dat kléngt e bësse wéi d’Buschta­ wenzopp, mat där Fanta 4 och an hirem Lidd MfG da gesongen hunn, well wat sech hannert deenen dräi Buschtawe pro Projet verstoppt. Dat ass net ëmmer direkt ganz kloer. Deementspriechend erlaabt mer, dass ech op eenzel Punkten aginn an net op déi ganz Projeten, well eleng de PNR ass dach e relativ déckt Dokument. An ech mengen och net, datt ech a 15 Minutte kéint dat ganzt Dokument resuméieren.

De PSC ass e bësse méi knackeg gehalen. Ech mengen, dat ass och deem gescholt, datt et do ëm reng Zuele geet an Zuelen dach méi ein­ fach a méi knackeg kënnen duergestallt ginn. Dat heescht, wa mer déi Dokumenter liesen an analyséiere kënnen an hei diskutéieren, da kann een och eng éischt Analys maachen. Beim Duerchliese vun deene ville Säite fält direkt emol op, datt d’EU­Kommissioun dach ver­ schidde Saachen ­ an do schwätzen ech vum PNR ­ ëmmer erëm a Fro stellt an ëmmer erëm kritiséiert. An ech schwätzen do net vun der Privatiséierung vun iergendwelche Secteuren, mee ech schwätzen do ganz konkreet vum Logement.

Bréissel huet widderholl gesot, datt de Lo­ gement zu Lëtzebuerg e Problem ass. An ech mengen, datt et fir keen heibannen eng Nouvelle ass, datt mer e Problem am Logementssecteur hunn. Esou ass am Rapport ze liesen, datt d’Investitiounen am Wunnengsbau ze niddreg sinn an d’Offer u Wunnengen net duergeet. Bref, sot mer eppes Neies!

Et ginn nämlech net genuch Ustrengunge gemaach, fir op Bauterrainen nei Wunnengen ze bauen. Och do, dee Constat hu mer heibanne schonn e puermol gemaach. Dëst huet Konsequenzen op d’Liewensqualitéit zu Lëtzebuerg, well eis Matbierger vill Suen aus der eegener Täsch bezuelen, fir hire Loyer oder hire Wunnengskreditt ze bezuelen.

D’Verschëldung vun de Menagë louch 2018 bei 174 % vum Revenu disponible. Mat der Entwécklung vun de Wunnengspräisser zan terdeem ass net vun enger Reduzéierung vun der Verschëldung auszegoen. D’Prête gi méi deier an d’Loyere gi méi deier. An d’Mënschen dobausse spieren dat.

An der leschter Etüd vum Observatoire de l’habitat weist sech ganz eendeiteg d’Entwécklung vun de Präisser. Vun Enn 2018 bis Enn 2019 sinn d’Präisser vun de Wunnengen an der Moyenne ëm ganzer 11 % an d’Luucht gaangen. Een Appartement, wat 2018 nach 400.000 Euro kascht huet, kascht Enn 2019 also ronn 444.000 Euro. Dat si 44.000 Euro méi wéi ee Joer virdrun. Fir eng Persoun, déi de Mindestloun verdéngt, sinn dat zwee Joresgehälter. An engem Joer ass eng Wunneng, déi vill Leit géifen als bezuelbar kategoriséieren, fir ee mam Mindestloun zwee Joresgehälter méi deier ginn. Gläichzäiteg schloe Groussgrondbesëtzer, Investitiounsfongen an och Immobilienagencë vill Suen aus dëser Situatioun. Dëst huet sech leider wärend der Coronakris och net geännert. Buedem a Steen hunn zu Lëtzebuerg net u Wäert verluer, am Géigendeel. A wien an deene leschten Deeg eng grouss Lëtzebuerger Dageszeitung gelies huet, dee gesäit, datt d’Analyse fir d’Zukunft genau dat nämmlecht virausgesinn, vläicht net en zweestellege Wuesstem, mee den Immobiliemaart wäert an deenen nächste Jore fir déi eng en Jackpot a fir déi aner en Hamsterrad bleiwen.

Dat ass, Kolleeginnen a Kolleegen, eng extreem geféierlech Entwécklung an et däerf net sinn, datt dat esou weidergeet. Mir mussen dës Entwécklung stoppen. D’Äntwert vun der Regierung am Programme national de réforme bréngt awer fir d’Mënschen dobausse keng direkt Erliichterung, well ausser de schonns ugekënnegte Mesuren ass wierklech keng Luucht um Enn vum Tunnel ze gesinn. Oder wann et Luucht ass, da kéint et och en Zuch sinn, deen eis entgéintkënnt.

Fir eis Piraten ass kloer: Mir musse méi wäit goe wéi dat, wat d’Regierung proposéiert. Eng Lex Koller, fir Immobiliespekulatiounen ze ënnerbannen, e groussen ëffentleche Promoteur, fir an d’Präisser vum Wunnengsmarché anzegräifen an, wéi de Marc Baum et gesot huet, wierk­ lech den Drock aus deem Kessel ze huelen, andeem de Staat als groussen Acteur nei Wunnengen zu bezuelbare Präisserwéi vun eis gefuerdert maximal 10 Euro de Meterkaree ­ ubidde kann, an e Pacte Logement, deen de Wunnengsbau zu enger nationaler Ugeleeënheet mécht, ënnert der Fiederféierung vun der Regierung amplaz vun 102 eenzel geféierte Gemengen.

Här President, ech wëll dann och op d’Recommandatioun vun der EU­Kommissioun betref­ fend eise Pensiounssystem agoen. D’EU mécht an hirem Rapport ganz kloer op zukünfteg Risike vun der Viabilitéit vun eisem Pensiounssys­ tem opmierksam. Se stellt fest, datt eis Regierung zënter hire leschte Recommandatioune kee Progrès gemaach huet, fir d’Viabilitéit ze stäerken.

D’Äntwert vun eiser Regierung op déi Analys ass, datt 2016 schonn eng Analys vum Pensiounssystem stattfonnt hätt an do festgestallt gi wär, datt alles finanziell esou an der Rei wär. Dat mag stëmme fir déi meescht Leit, déi hei­ banne sëtzen, well, wann ech mer déi lescht Analysen ukucken, Är Pensioune si geséchert. Ech kann Iech soen, wéi ech déi Zuele presentéiert krut déi éischte Kéier, war ech e bësse schockéiert, well deen Dag, wou ech theoreetesch kéint an d’Pensioun goen, ass näischt méi do. Dat heescht: Net nëmme fir mech, mee fir all déi, déi méi jonk si wéi ech, ass näischt méi do, wann et esou weidergeet wéi bis elo.

(Interruption)

Dat ass e Problem. Jo, Här Baum, vläicht sinn ech ze spéit op d’Welt komm, vläicht hunn awer och déi Generatiounen, déi bis elo do waren, et verpasst, de Pensiounssystem méi viabel ze maachen.

M. André Bauler (DP). Dir gehéiert zu den Digital Natives!

M. Sven Clement (Piraten). Fir eis ass et kloer, datt mer d’Pensioune vun eisen eelere Matbierger an och déi vun eis spéider séchere mussen, an domat haut schonn ufänke mussen.

An deem Kontext kënne mer och iwwert d’Investitioune vun dem Pensiounsfong schwätzen. An ech mengen, datt déi Liste négative, déi all Joer méi laang gëtt, well erëm iergendwou rausfonnt gouf, datt awer nach iergendwou e Waffenhiersteller mat derbäi ass, nach ëmmer net exhaustiv genuch ass, fir sécher ze sinn, datt mer wierklech hei eng nohalteg Investitiounspolitik suivéieren.

Fir eis Piraten wär zum Beispill eng Méiglechkeet, datt och de Pensiounsfong en nach méi groussen Acteur am Wunnengsbau zu Lëtzebuerg kéint ginn, anstatt a Bürossurfacen a Surface­commerciallen ze investéieren.

Mir hunn awer nieft dem Wunnengsmaart an eisem Pensiounssystem nach aner Erausfuerderungen, mengen ech, déi vu genausou wichteger Natur sinn. Eng dovunner ass sécherlech d’Digitaliséierung. Et gouf schonn dovunner geschwat.

De Rifkin­Plang gëtt ëmmer erëm dann erausgeholl, wann et opportun ass. Datt den Här Rifkin mëttlerweil net nëmme vun der Digitali­ séierung geschwat huet, mee och ëmmer méi op de Green New Deal ageet, mengen ech, ass och eng wichteg Pist. Mee mir mussen dee Rifkin ­Plang, deen elo awer schonn e puer Joer um Bockel huet, och iwwerdenken. Mir däerfen net einfach esou maachen, wéi wann déi lescht Joren zanter dem Erstelle vun deem Dokument näischt geschitt wär. Mir mussen dat Dokument lieweg halen. Mir mussen d’Digitaliséierung vu Lëtzebuerg lieweg halen. Mir däerfen eis net op Premisse vu virun e puer Joer baséie­ ren.

Mir mussen eis bewosst sinn, datt d’Aarbechtswelt vu muer anescht ausgesäit wéi déi vu gëschter a sécherlech och nach eng Kéier wéi déi vun haut. Well gëschter hätt kee sech virstelle kënnen, wéi vill Teletravail tatsächlech méiglech ass, wann et drop ukënnt. Haut wësse mer, datt vill méi Teletravail méiglech ass, wéi mer geduecht hätten, a muer wäert den Teletravail vläicht nach eng Kéier eng ganz aner Nues hunn.

Mir wëssen, datt verschidden Jobs, déi gären an der wëssenschaftlecher Literatur souguer Bullshit Jobs genannt ginn, an Zukunft net méi néideg sinn. Mir wëssen, datt haut nach Leit agestallt ginn, fir Donnéeë vun engem Blat Pabeier an en Excelstablo anzetippen, fir datt en ausgeprint gëtt, iergendwou higefaxt gëtt an dann erëm agetippt gëtt. Déi Jobs brénge weeder iergendengem Genugtuung nach brénge se der Ekonomie iergendeng Plus­value. Dës Jobs wäerte verschwannen. Mir mussen haut derfir suergen, datt déi Leit, déi dës Jobs haut hunn, well se näischt méi geléiert hunn, besser educéiert ginn, geupskilled ginn an datt dës Leit net zu de Verléierer vun der Digitaliséierung zielen.

D’EU­Kommissioun schwätzt an hirem Rapport duerfir och vun enger méiglecher Inadéquation des compétences. Duerfir brauche mer en Ausbau vun eiser Schoulinfrastruktur, fir méi Schü­ ler auszebilden, mee och besser auszebilden. Well dat schéinste Schoulgebaian den Här Roth huet virdru vu Lycéeë geschwat, wat eisen Defizit géif ausmaachen ­ bréngt näischt, wa mer keng Qualitéit vun der Léier doranner hunn.

Mir zéien duerfir e Fazit vum PNR: Lëtzebuerg huet am Moment net déi zolidd Basis, fir déi lëtzebuergesch Wirtschaft den zukünftegen Erausfuerderungen unzepassen, well eis aktuell an och mëttelfristeg déi qualifizéiert Main­ d’œuvre feelt. Deementspriechend musse mer am Kader vun der Digitaliséierung an eise Brain, an eis Gehierer, an eis Matière grise investéieren.

Well et feelen eis haut Méiglechkeeten, dës Main­d’œuvre kuerzfristeg aus­ oder ëmzebilden. Duerfir ass dëst e strukturelle Problem, dee mer an engem nächste PNR mussen ugoen, fir datt eebe grad de Rifkin­Prozess net zu engem Zombie verkënnt, mee zu engem liewege Prozess ka ginn. Soulaang mer awer kee Wirtschaftsa Sozialmodell, wéi zum Beispill e Grondakommes, hunn, wou och philanthropesch a karitativ Aarbechte valoriséiert ginn, wäerte mer eis hei als Gesellschaft fréier oder spéider verfueren, well wa mer eis just op dat Néidegt, op dat, wat Gewënn bréngt, konzentréieren a weiderhi Bullshit Jobs erlaben, well doduerjer d’Ekonomie awer weider dréit, da verfuere mer eis.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech wëll dann awer och nach e bëssen Zäit zum Stabilitéitsprogramm schwätzen, deen, dee méi dense ass, do, wou et ëm reng Zuele geet. An hei muss ech soen, datt duerch d’Covid­19­Pandemie warscheinlech all d’Zuelen, déi mer haut zur Verfügung hunn, souwisou op d’Kopp geheit ginn: déi Zuelen, déi mer haut hunn, déi Zuelen, déi mer eis fir d’Zukunft virstellen.

Dat erkläert och, firwat d’Europäesch Kommis­ sioun déi éischte Kéier an der Geschicht vum Maastrichter Wuesstums­ a Stabilitéitspak dës Klausel aktivéiert huet, fir eeben net op d’Ver­schëldungsniveauen ze kucken. Well mer wëssen, datt mer eng antizyklesch Investitiounspolitik brauchen, fir datt mer net nach méi Faillitten, net nach méi Chômage wäerte kréien. Beim PSC vun der Regierung froe mer eis awer, wéi ee wëlles huet, de Fënnefjoresplang, deen d’lescht Joer an enger ganz anerer Aussiicht opgestallt gouf, anzehalen.

Den urspréngleche Plang war, déi budgetär Ziler laangfristeg anzehalen an d’Staatsschol­ den ënnert der Grenz vun deenen 30 % vum PIB ze halen. Duerch d’Coronakris kënnen dës Ziler sécherlech net méi esou einfach erreecht ginn. Déi 30 % gesinn zwar am Moment um Pabeier nach esou aus, awer ënnert der Pre­ miss, datt mer d’nächst Joer erëm 7 % Croissance hätten, also en U oder e V, wat eis Ekonomie ugeet.

Wann ee weess, wou déi Ausso „et soll een engem keen X fir en U virmaachen“ hierkënnt, nämlech dohier, datt ee bei de réimeschen Zuele ganz einfach aus engem V konnt en X maachen, dat heescht, aus enger 5 op eemol eng 10, da stellen ech mer d’Fro, ob dat hei net e bëssen de Risiko ass, datt déi Zuelen haut vun deene 7 % Croissance genotzt ginn, fir eis an Zukunft emol ze berouegen, an noer Zukunft ze soen: „Mir brauche keng Steiererhéijung“, wat ech mat Satisfaktioun vum Finanz­ minister haut héieren hunn, fir dann awer vläicht an noer Zukunft ze kommen an ze soen: „Hm, also déi Premissen, ënnert deene mer dat dote gesot hunn, si leider net agetraff. Mir kënnen déi och net anhalen. An duerfir kommen elo awer Steiererhéijungen.“

Ech mengen, datt dat de Leit en X fir en U virgemaach wär. Dat wär d’Leit e bëssen un der Nues erëmgefouert.

Ech mengen, mir hu beim leschte Staatsbudget gesot, a gudden Zäite sollt een en Apel fir den Duuscht op d’Säit leeën. A gudden Zäite soll ee sech d’Marge de manœuvre gi fir a schlechten Zäiten. Mir kruten als Äntwert an dat steet och am PSC dran ­, datt d’Regierung sech jo eng gutt strukturell Basis ginn hätt. Bon, do si mer net mat Iech eens, Här Finanzminister.

Mir sinn der Meenung, datt mer an deene leschte Joren, anstatt verschidde Steiererliichterunge fir Firmen, vläicht besser gehat hätten, strukturell deen Apel fir den Duuscht op d’Säit ze leeën, vläicht eis Staatsschold en amont ofzebauen, fir datt eis Staatsschold elo net esou séier wiisst. Dat wär eng Méiglechkeet gewiescht, déi mer an der leschter Budgetsdebatt ugeschwat hunn a wou mer gesot kruten: „Nee, Här Clement, Dir verstitt jo net, wéi d’Staatsschold op de PIB gerechent gëtt, well a Wierklechkeet geet d’Staatsschold, andeem mer méi Scholde maachen, erof.“ Jo, ech weess, datt dat e mathemateschen Trick ass an datt ee ka soen: „Mir huele méi Scholden, mee well d’Wirtschaft wiisst, geet d’Schold am Kader vum PIB erof.“

D’Leit dobausse verstinn net, datt, wann e Prêt méi deier gëtt, d’Staatsschold dann erofgeet, och dann ­ an dat wëll ech soen ­, wa se am Verglach zum PIB natierlech prozentual méi kleng ginn ass.

(Interruption)

Här Bauler, Dir verstitt et och net. Dat freet mech, well Dir waart ëmmerhin deen, deen dat och d’lescht Kéier erzielt huet.

M. André Bauler (DP). Här Clement, ech hunn Iech net verstan. Dir sidd mer … Also wësst Der, et ass reng Arithmeetik. Et ass eng Affär vun engem Rapport, dat ass relativ an abolutt. Et ass deemno, wéi de Rapport evoluéiert.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, a mir hunn ëmmer gesot: „Absolutt klëmmt eis Staatsschold.“ An als Äntwert kréie mer: „Mee proportional zum PIB fält se.“ Jo, dat sinn …

M. André Bauler (DP). Mee international gëtt dat jo och ëmmer esou gekuckt, Här Clement.

M. Sven Clement (Piraten). Dat sinn zwou Säite vun där nämmlechter Medail.

M. André Bauler (DP). Vermëscht d’Saa­ chen net!

M. Sven Clement (Piraten). Ma Dir vermëscht et genausou, wann Dir eis sot: „D’Staatsschold fält!“, wa mir soen: „D’Staatsschold klëmmt!“ Béid Point­de­vuë si real.

M. André Bauler (DP). Mee et ass awer nëmmen eppes richteg.

M. Sven Clement (Piraten). An ech mengen, dat muss een einfach emol constatéieren.

Ech mengen, ofschléissend kann ech soen, well meng Zäit schonn ofgelaf ass, datt mer der Meenung sinn, datt de PNR an de PSC net duergi fir d’Zukunft vu Lëtzebuerg. Se hu wéi­ neg Léisunge fir existéierend Problemer. An et ass virun allem ze bereien, datt dës Regierung an deene leschte siwe Joer, wou mer eng gutt Konjunktur haten, keng responsabel Budgets­ politik bedriwwen huet, mee mat der Strenz eis Suen aus der Vergaangenheet debourséiert huet. D’Strenz, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ass leider elo eidel.

Ech soen Iech Merci.