Header for 8. Heure de questions au GouvernementQuestion n° 63 du 23 octobre 2019 de M. Sven Clement relative à l’embauche des « Quereinsteiger » dans l’enseignement primaire, adressée à M. le Ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse

8. Heure de questions au GouvernementQuestion n° 63 du 23 octobre 2019 de M. Sven Clement relative à l’embauche des « Quereinsteiger » dans l’enseignement primaire, adressée à M. le Ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse

Dës Ried hunn ech den 23/10/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “8. Heure de questions au GouvernementQuestion n° 63 du 23 octobre 2019 de M. Sven Clement relative à l’embauche des « Quereinsteiger » dans l’enseignement primaire, adressée à M. le Ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Här Bildungsminister, aktuell ass d’Unzuel vu Persounen, déi sech fir de Concours vum Stage am Enseignement fonda u fräie Posten ze decken. mental mellen, net héich genuch, fir d’Unzuel Duerfir gi vum Educatiounsministère zousätz lech sougenannt „Quereinsteiger“ rekrutéiert, dëst op Basis vun engem Gesetz vun 2018. Well et sech bei dëser Prozedur duerfir ëm eng relativ nei Mesure handelt, ergi sech um Terrain elo eng Rei Froen. An de Fait, datt et an der Praxis elo véier verschidde Kategorië vu Per soune ginn, déi ënnerriichten, mécht et natier lech net méi einfach.

Do sinn et näämlech d’Jofferen an d’Schoul meeschteren, déi e Bachelor an de Sciences de l’éducation hunn, d’Quereinsteiger, d’Chargés de cours an nach d’Remplaçants temporaires, alle véier mat verschiddenen Ausbildungen an awer um Terrain mat därselwechter Aufgab be traut, näämlech där, eise Kanner en interessan ten an informative Cours an der Schoul ze bid den.

Duerfir wéilt ech dem Här Bildungsminister fol gend Froe stellen:

Ass e Quereinsteiger, dee seng Coursen um IFEN, de Stage an och de Concoursexame ge packt huet, gläichgestallt mat enger Persoun, déi e Bachelor an de Sciences de l’éducation huet an de Stage och gepackt huet?

Kéint also e Quereinsteiger, dee seng Coursen um IFEN, de Stage an och den Examen concours gepackt huet, iergendwann och Direkter oder Schoulmeeschter fir Kanner mat Besoins spécifiques, also en IEBS ginn?

Ass et fir Quereinsteiger méiglech, Coursen um IFEN an de Stage ze absolvéieren, mä de Concoursexamen eréischt zu engem spéideren Zäitpunkt ze maachen? Falls jo, wéi vill Zäit däerf maximal tëscht dem Schreiwe vum Exa men an dem Hale vun der leschter Schoulstonn bezéiungsweis dem Absolvéiere vum leschte Module um IFEN leien?

An dann nach: Ass de Minister der Meenung, datt d’Chargéen, déi méi wéi fënnef Joer Er fahrung am Beruff vum Enseignement hunn, déi néideg Qualifikatiounen hunn, fir och als Quereinsteiger ugeholl ze ginn? Falls deem net esou ass, wéi géif de Minister da rechtfertegen, datt dës Persounen trotzdeem eleng a Klasse Schoul halen? A falls deem esou ass, wéi gesinn d’Dispositiounen aus, fir datt déi am vollen Ëm fang vun den Dispositioune vum Quereinstei gerprogramm kënne profitéieren?

Villmools Merci.