Header for Projet de loi 1. relative à la protection sanitaire des personnes contre les dangers résultant de l’exposi-tion aux rayonnements ionisants et à la sécurité des sources de rayonnements ionisants contre les actes de malveillance ; 2. relative à la gestion des déchets radioactifs, du transport de matières radioactives et de l’importation ; 3. portant modification de la loi modifiée du 21 novembre 1980 portant organisation de la Direction de la santé

Projet de loi 1. relative à la protection sanitaire des personnes contre les dangers résultant de l’exposi-tion aux rayonnements ionisants et à la sécurité des sources de rayonnements ionisants contre les actes de malveillance ; 2. relative à la gestion des déchets radioactifs, du transport de matières radioactives et de l’importation ; 3. portant modification de la loi modifiée du 21 novembre 1980 portant organisation de la Direction de la santé

Dës Ried hunn ech den 26/03/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi 1. relative à la protection sanitaire des personnes contre les dangers résultant de l’exposi-tion aux rayonnements ionisants et à la sécurité des sources de rayonnements ionisants contre les actes de malveillance ; 2. relative à la gestion des déchets radioactifs, du transport de matières radioactives et de l’importation ; 3. portant modification de la loi modifiée du 21 novembre 1980 portant organisation de la Direction de la santé” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten).- Här President, et deet mer leed. Mir haten nach eng Fro iwwert d’Wahlrecht, wat jo och nach dës Woch thematiséiert gëtt.

M. André Bauler (DP).- Dir sidd entschëllegt!

M. Sven Clement (Piraten).- Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, …

(Interruption)

Plusieurs voix.- Ooh!

(Hilarité et coups de cloche de la présidence)

M. Mars Di Bartolomeo (LSAP).- Dir sidd bestraalt ginn!

M. Sven Clement (Piraten).- Ech si bestraalt ginn; verstraalt kann een och heiansdo soen.

Dësen Text ass eng Première fir mech als Deputéierten an och eppes, wat ech nach net ganz heefeg an der Chamber gesinn hunn. Et ass zwar d’Transpositioun vun zwou Direktiven, mä et si keng Direktive vun der Europäescher Unioun, mä vun Euratom. Euratom ass jo ewell 1957 gegrënnt ginn an domadder eng vun deenen eelsten Organisatiounen, déi haut d’Fundamenter vun der Europäescher Unioun duerstellen, fir eben d’Nuklearfuerschung ze fërderen.

Och wann Euratom haut all Gremie mat der Europäescher Unioun deelt, bleift et awer eng eegestänneg international Organisatioun. An ech wollt dat op dëser Plaz net vergiessen.

Zum Text selwer gouf ewell ganz vill gesot, ënner anerem vum honorabelen Här Mars Di Bartolomeo, dee sech gréisser Fräiheete mat der Zäit geholl huet, fir dat duerzeleeën, deen awer en exzellente Rapport gemaach huet, fir dësen technesch dach komplizéierten Dossier méi verdaubar ze maachen.

Ech mengen, datt mer haut alleguerten e bësse méi schlau erausginn aus dëser Plenière, well et ebe grad en Thema ass, wou mer, mengen ech, alleguerten net am Alldag ganz vill domadder ze dinn hunn, well, wéi d’Madamm Lorsché et virdrun och sot, ee Radioaktivitéit nun emol weder richt nach fillt nach schmaacht nach gesäit.

Dofir menge mer och, datt dësen Text als Transpositioun vun den Direktiven e wichtegen Text ass, well en eis zu Lëtzebuerg méi kloer Regelen am Kader vun der Nuklearsécherheet gëtt. Dëst net en vue vun engem neie Projet Remerschen, dee jo glécklecherweis begruewe gouf, mä am Kader vun der Sécherheet fir eis all.

Datt do dernieft och nach d’Sécherheet vu Mënschen, déi all Dag mat radioaktivem Material, mat ioniséierender Stralung schaffen, gestäerkt gëtt, ass nëmmen ze begréissen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, dëse Projet, ech sot et ewell, ass technesch dach ganz komplizéiert, an et huet een et un der Hällewull vu Rapporten, vun Avisen, déi de Rapporteur virdrun zitéiert huet, gemierkt. Et ass keen Text, deen einfach „zwischen Tür und Angel“ ka behandelt ginn. An dofir begréisse mer och, datt hei e bësse méi e groussen Debat konnt stattfannen.

Dofir och hei nach eng Kéier Merci un den Här Rapporteur fir de Rapport, dee jo weist, datt et net ëmmer ganz esou streng mat der Zäit op der Tribün geholl gëtt.

Här President, vu datt et sech hei ëm d’Transpositioun vun zwou Direktiven handelt, wäerten d’Piraten dëse Projet matdroen.

Villmools Merci.