Header for Projet de loi concernant le budget des recettes et des dépenses de l’État pour l’exercice 2019 et mo- difiant :1° le Code de la sécurité sociale ; 2° le Code du travail ;3° la loi générale des impôts modifiée du 22 mai 1931 (« Abgabenordnung ») 4° la loi modifiée du 30 juin 1947 portant organisation du Corps diplo- matique ; 5° la loi modifiée du 4 décembre 1967 concernant l’impôt sur le re- venu ;6° la loi modifiée du 12 février 1979 concernant la taxe sur la valeur ajoutée ;7° la loi modifiée du 10 décembre 1998 portant création de l’établisse- ment public dénommé « Fonds d’as- sainissement de la Cité Syrdall » ; 8° la loi modifiée du 8 juin 1999 sur le budget, la comptabilité et la tré- sorerie de l’État ;9° la loi modifiée du 24 décembre 1999 concernant le budget des re-cettes et des dépenses de l’État pour l’exercice 2000 ;10° la loi modifiée du 22 décembre 2006 concernant le budget des re- cettes et des dépenses de l’État pour l’exercice 2007 ;11° la loi modifiée du 14 décembre 2016 portant création d’un Fonds de dotation globale des communes 7451 - Projet de loi relatif à la pro- grammation financière pluriannuelle pour la période 2018–2022 et

Projet de loi concernant le budget des recettes et des dépenses de l’État pour l’exercice 2019 et mo- difiant :1° le Code de la sécurité sociale ; 2° le Code du travail ;3° la loi générale des impôts modifiée du 22 mai 1931 (« Abgabenordnung ») 4° la loi modifiée du 30 juin 1947 portant organisation du Corps diplo- matique ; 5° la loi modifiée du 4 décembre 1967 concernant l’impôt sur le re- venu ;6° la loi modifiée du 12 février 1979 concernant la taxe sur la valeur ajoutée ;7° la loi modifiée du 10 décembre 1998 portant création de l’établisse- ment public dénommé « Fonds d’as- sainissement de la Cité Syrdall » ; 8° la loi modifiée du 8 juin 1999 sur le budget, la comptabilité et la tré- sorerie de l’État ;9° la loi modifiée du 24 décembre 1999 concernant le budget des re-cettes et des dépenses de l’État pour l’exercice 2000 ;10° la loi modifiée du 22 décembre 2006 concernant le budget des re- cettes et des dépenses de l’État pour l’exercice 2007 ;11° la loi modifiée du 14 décembre 2016 portant création d’un Fonds de dotation globale des communes 7451 – Projet de loi relatif à la pro- grammation financière pluriannuelle pour la période 2018–2022 et

Dës Ried hunn ech den 24/04/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi concernant le budget des recettes et des dépenses de l’État pour l’exercice 2019 et mo- difiant :1° le Code de la sécurité sociale ; 2° le Code du travail ;3° la loi générale des impôts modifiée du 22 mai 1931 (« Abgabenordnung ») 4° la loi modifiée du 30 juin 1947 portant organisation du Corps diplo- matique ; 5° la loi modifiée du 4 décembre 1967 concernant l’impôt sur le re- venu ;6° la loi modifiée du 12 février 1979 concernant la taxe sur la valeur ajoutée ;7° la loi modifiée du 10 décembre 1998 portant création de l’établisse- ment public dénommé « Fonds d’as- sainissement de la Cité Syrdall » ; 8° la loi modifiée du 8 juin 1999 sur le budget, la comptabilité et la tré- sorerie de l’État ;9° la loi modifiée du 24 décembre 1999 concernant le budget des re-cettes et des dépenses de l’État pour l’exercice 2000 ;10° la loi modifiée du 22 décembre 2006 concernant le budget des re- cettes et des dépenses de l’État pour l’exercice 2007 ;11° la loi modifiée du 14 décembre 2016 portant création d’un Fonds de dotation globale des communes 7451 – Projet de loi relatif à la pro- grammation financière pluriannuelle pour la période 2018–2022 et” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten).- Här Pre- sident, léif Kolleeginnen a Kolleegen, kee vun eis hätt geduecht, datt mer an dëser Woch, an där eise fréiere Statschef eis fir ëmmer verlooss huet, iwwert de Budget missten debattéieren, well dat u sech jo schonn am Hierscht eva- kuéiert gi wär, wa mer net deen neie Kalenner vun de Wahlen hätten.

Ech, an ech menge souguer mir all, deelen d’Trauer vum ganze Land ëm den Doud vun dësem grousse Statsmann. An ech erlabe mer dofir och, am Numm vun de Piraten der groussherzoglecher Famill eist déifst Bäileed auszeschwätzen.

De Grand-Duc war e Statschef, deen d’Land an d’Leit gär hat, an d’Leit hunn him genee déi Referenz zréckginn.

Trotz eisem déiwe Leed musse mir awer no vir kucken an haut gemeinsam diskutéieren an an de kommenden Deeg Entscheedungen treffen, fir ze vermeiden, datt dëst Land, dat de Grand- Duc ni vergiesse wäert, wéinst engem feelende Budgetsgesetz dach dann op eemol hand- lungs onfäeg géif ginn.

(Interruption par M. Alex Bodry)

Dofir erlaabt mer, Här President, léif Kollee- ginnen a Kolleegen, …

Ech zielen do op d’Stëmme vun der Regie- rungsmajoritéit, Här Bodry.

Plusieurs voix.– Aah!

(Interruption)

M. Sven Clement (Piraten).- Dofir erlaabt mer, Här President, léif Kolleeginnen a Kollee- gen, dach op dëse Budgetsprojet ze schwätzen ze kommen.

Als Éischt wollt ech dem honorabelen Här Bauler Merci soe fir deen extensive Rapport, deen en a Rekordzäit hei geschriwwen an och virgedroen huet. Datt ech net mat allem, wat drasteet, averstane sinn, dat ass, mengen ech, menger Sëtzplaz hei am héijen Haus zouzeschreiwen.

Une voix.- Sot Dir!

M. Sven Clement (Piraten).- Nodeems mer alleguerten den Houfert vum Här Gramegna matkruten, datt de Bilan 2018 eng schwaarz Null opzeweisen hätt, erstaunt et eis ëmsou méi, datt de Budget vun 2019 a genee déi aner Richtung geet.

Wéi déi lescht Statsbudgeten ënnert der blo- rouder Regierung gewisen hunn, kann een op eng schwaarz Null oder op een Excedent kom- men, mä dëst Joer ass alles anescht. Do, wou fiskal Responsabilitéit gepriedegt gouf, gëtt elo de Portmonni grouss opgemaach, fir säin Inhalt iwwert dem Land auszeschëdden.

Jo, et gëllt Luef auszeschwätze fir d’Resultater vun 2018. Mir haten eng besonnesch gutt Konjunktur an et gouf e massiven Encaissement vu Steierréckstänn. Mä dëst, dat wësse mer all, sinn eemoleg Recetten a keng sech widder- huelend. A beim Budget goufen d’Depensë fir d’lescht Joer iwwerschat. An och dofir hu mer e besonnesch gutt Joer hanner eis.

De Luef sollt dofir virun allem fir de spuer- samen Ëmgang mat den ëffentleche Gelder ausgeschwat ginn, en Ëmgang, deen et erlaabt huet, fir d’éischte Kéier an dësem Jorzéngt e Plus am Statsbudget auszeweisen.

Dofir erschreckt et mech ëmsou méi, datt d’Re- gierung bei der Budgetspropos vun 2019 all Prinzipie vun der virsiichteger Haushaltsféie- rung iwwer Bord geworf huet. Konsequent schätzt se de Wirtschaftswuesstum méi héich a wéi d’EU-Kommissioun an aner international Akteuren. Konsequent gi potenziell Verschlech- terunge vum Weltklima, de Brexit oder aner Krise klenggerechent oder ignoréiert. Et gëtt gemaach, wéi wa Lëtzebuerg „eine Insel der Glückseligen“ wär an déi Krisen eis net direkt géifen treffen.

Do verwonnert et da wéineg, datt och dëst Joer am Gesetz erëm en Emprunt vun enger Milliard autoriséiert gëtt. Hei bedauere mer, an dat hu mer och an der Kommissioun méi wéi eng Kéier gesot, datt d’Regierung immens on- transparent mat deenen Zuele vun autoriséier- ten Emprunten ëmgeet.

Besser wier et, wann d’Autorisatiounen ëmmer nëmme fir ee Budgetsjoer géife gëllen oder zu- mindest all Joers am Budgetsgesetz een Ta- bleau vun de Restante vun de Jore virdru mat- gereecht géif ginn. Insgesamt dierf d’Regie- rung näämlech, wann dëst Budgetsgesetz bis gestëmmt ass, nach 3,2 Milliarden nei Schol- den ophuelen, ouni e weidere Vott oder Debat hei an der Chamber.

Hei wier et sech ze wënschen, datt eng nei Statsverscholdung ëmmer och den Aval vun der Chamber sollt kréien, amplaz à discrétion der Regierung zur Verfügung steet. D’parla- mentaresch Kontroll soll d’Norm sinn an net d’Ausnam, wann et ëm nei Statsemprunte geet.

Natierlech muss de Stat dierfen investéieren. E Stat soll souguer investéieren, fir als eegenen Akteur um Marché dach dësen um Dréien ze halen. Mä wat d’Investitioune vum Stat ugeet, gëtt et e grousse Problem, an zwar deen, datt et zum Deel eigentlech guer keng richteg Investitioune sinn, well, wann ech mäin Ecoscours richteg an Erënnerung hunn, sinn Investitiounen normalerweis eppes, wat u Valeur gewënnt, an net Transferen.

Dës Regierung probéiert, eis verbessert Sozial- leeschtungen als Investitiounen ze verkafen, fir ze argumentéieren, datt ee se mat neie Schol- den dierft finanzéieren. Nei sozial Mesurë soll- ten awer nëmmen aus engem Excedent finan- zéiert ginn, fir zukünftege Generatiounen duerch laangfristeg Engagementer net ëmmer méi opzehalsen. Fir elo gutt dozestoen, ass ze kuerz geduecht. Mir mussen och un d’Genera- tioune vu muer denken.

Elo wäerten d’Regierungsfraktiounen eis natier- lech soen, an den Här Berger huet et och scho gesot: Am Verglach zum PIB geet d’Statsschold zréck a mir sollten eis dach wannechgelift un déi international Norme vun der Statsschold am Verglach zum PIB halen.

Jo, an de Previsioune vun der Regierung geet d’Statsschold am Verglach zum PIB zréck, ënnert der Konditioun, datt d’Prognose vum Wuesstum vum PIB stëmmen, mat der Unnam, datt dës Prognosen antrieden. Dat ass awer, wéi ech virdru scho gesot hunn, wäit vu sécher, well aner Institutiounen de Wirtschaftswues- stum fir Lëtzebuerg ganz anescht aschätze wéi d’Regierung hei am Projet.

Dat heescht, d’Fro bleift op, ob net awer hei Politik fir haut op d’Käschte vun de Genera- tioune vu muer gemaach gëtt. Do derbäi gëtt och nach verpasst, an enger Zäit vun niddre- gen Zënsen de klenge Spuerer duerch d’Op- maache vu Statsobligatioune fir d’Privatspuerer zumindest e marginal besseren Zënssaz ze of- fréieren, wéi se en aktuell op hirem Spuerbuch kréien, an dat mat der Garantie vum ganze lët- zebuergesche Stat derhannert. Dëst wier eng Méiglechkeet gewiescht, fir Kapital ze mobili- séieren, wat aktuell op der Bank schléift, wärend gläichzäiteg d’Käschte fir de Stat redu- zéiert kéinte ginn an d’Zënse fir d’Spuerer steige kéinten.

De ganze Projet, deen hei virläit, huet ee roude Fuedem, näämlech deen, datt mat der Géiss- kan iwwert d’Land gefuer gëtt, …

M. Mars Di Bartolomeo (LSAP).- Strenz!

M. Sven Clement (Piraten).- … fir jidd- werengem e klenge Kaddo ze maachen.

Lokalen Dialekt, Här Di Bartolomeo!

(Hilarité)

Ech sot et awer och ewell a menger Ried zur Regierungserklärung: …

(Interruption)

Hei gëllt et opzepassen, datt et keng vergëft Kaddoe sinn. Sou seet d’Chambre des Salariés

beispillsweis ganz richteg, datt déi nei Mesure vu gratis Schoulbicher net d’Kierzung vun de Familljenzoulagen ausgläicht.

(Interruption)

D’Regierung gëtt also mat där enger Hand an hëlt mat där anerer!

D’nämlecht Klack och am Beräich vun der Be- tribsbesteierung. Wéi d’Chambre de Com- merce richteg duerstellt, gëtt et engersäits nei Vergënschtegungen, anerersäits kënnt et zu engem « élargissement de la base imposable ». An elo hunn ech hei nach nëmmen zwou

offensichtlech Mesurë genannt!

Wat nach vill méi frappant ass bei der Analys vum Budget, ass, datt ganz vill Iddien, déi d’Regierung an de leschte Méint avancéiert huet, wéi zum Beispill eng Steierreform, déi d’Schafung vun enger eenzeger Steierklass zur Konsequenz soll hunn, hei guer net erwäänt ginn. Och gi keng weider Moossname fir d’Ausgläiche vu sozialen Ongerechtegkeete ge- nannt.

Dëse Budget setzt d’Jalone fir eng Rëtsch vu Mesuren, déi een direkten Impakt op all eis Matbiergerinnen a -bierger wäerten hunn. An trotzdeem vermësse mir als Piraten hei éischt reell Usätz, fir d’Regierungsverspriechen an d’Realitéit ëmzesetzen. Villes gouf versprach a wéineg dovunner gouf bis ewell chiffréiert. Heefeg gëtt drop verwisen, datt als Éischt nach Studie gemaach musse ginn, grad ewéi wann déiselwecht Parteien net ewell fënnef Joer an der Regierung gewiescht wieren an dës Etüden net scho längst achevéiert kéinte sinn. Wärend an dësem Budget op Honnerte vu Millioune verzicht gëtt, fir d’Betribsbesteierung redu- zéieren ze kënnen, wat och néideg fir d’Kom- petitivitéit ass, feelt et un engem gläichwäerte- gen Invest, fir géint d’wuessend sozial On- gläich heete virzegoen.

Grad deen Dag, nodeem d’Salariatskummer an hirem Panorama social de Constat dresséiert, datt déi Ongläichheete weider auserneeginn, hätt ee sech hei e bësse méi Akzenter an deem Thema kënnen erwaarden.

All dës Problemer ginn am Budget ganz wéi- neg thematiséiert. Et wier awer, an dat ass, mengen ech, en Haaptpunkt bei dësem Bud- get, e Verrot un de Biergerinnen a Bierger, elo e Budget ze stëmmen, dee schonn defizitär ass, deen eis Marge de manœuvre hëlt, fir kënnen dann d’nächst Joer oder d’iwwernächst Joer ze soen: „Majo, dat, wat mer Iech versprach hunn, kënne mer elo leider opgrond vun der budgetärer Situatioun net ëmsetzen. Spillraum fir weider Verbesserungen ass leider net méi do.“ Genee esou géif ee Politikverdrossenheet kultivéieren. An ech hoffe ganz staark, datt déi Marge de manœuvre, déi d’Regierungsfrak- tioune bis elo hei avancéiert hunn, sech dann tatsächlech wäert esou erauskristalliséieren.

Ech deelen och der Statsbeamtekummer hiert Bedaueren, datt net elo schonn Iwwergangs- mesurë getraff goufen, fir de Steiersystem fir Elengerzéiend, Familljen, Wittfraen a Wittmän- ner méi gerecht ze maachen. Et hätt een net déi ganz Reform direkt misse maachen, mä éischt Mesurë jenseits vum Mindestloun wiere sécherlech vun deene Betraffenen immens be- gréisst ginn.

Soit! Villes hätt ee kënnen am Budget virge- sinn, mä leider ass dëst bei kengem vun den ugeschwate Punkte bis elo de Fall. Si sinn am Budget net ze fannen. Neen, ganz am Con- traire. De Budget reduzéiert duerch säin Defizit d’Marge de manœuvre fir zukünfteg sozial Mesuren a steierlech Entlaaschtungen. Grad puncto Steierbelaaschtung hätte mer eis ge- wënscht, datt hei d’Ausgabe méi equitable

tëschent Betriber an och Privatpersounen op- gedeelt gi wären.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen: « Gouverner, c’est prévoir. » Dat ass och esou een Ausdrock, deen ee ganz heefeg héiert, wann ee sech mam Budget beschäftegt. An eppes huet mech als neien Deputéierten er- schreckt, näämlech déi wéineg Fiabilitéit vun den Zuelen, op deene mer hei operéieren.

De Statec selwer gëtt zou, datt mer immens Problemer hunn, de PIB am Moment ze be-

rechnen. Gläichzäiteg maache mer Schätzun- gen. Mir maachen eng gewëssen Navigation à vue, well eis d’makroekonomesch Viraussiicht feelt. Dat ass net e Feeler, well mer net déi lescht Jore probéiert hunn, déi Instrumenter ze

schafen. Dat ass zum Deel op eis Situatioun als klengt Land an enger oppener Welt zréck- zeféieren, zum Deel awer och dorobber, datt mer eis net nei Outilen, aner Outile vläicht ginn hätten, wéi d’Cour des comptes et proposéiert, wéi zum Beispill Irland et ëmgesat huet, wéi och de Statec et a verschiddenen Notte schonn thematiséiert huet.

Hei géif ech mer wënschen, datt mer fir déi nächst Budgetsexercicë méi fiabel Donnéeën hätten, fir esou kënnen och besser ze plangen, besser virauszegesinn.

Här President, dës Regierung schwätzt vun Transparenz an Oppenheet. Si hält sech och nach drun, andeems se d’Presentatioun vum Budget online accessibel mécht, e grousse Pro- grès am Verglach zu Joren, déi zréckleien. Ech erënnere mech nach, wéi ech mer ganz Nuech- ten ëm d’Ouere geschloen hunn, fir aus deem kryptesche PDF vun der Steierverwaltung en Excelstableau ze maachen, fir en der Popula- tioun méi accessibel ze maachen. Ech si ganz frou, datt ech mer déi Aarbecht déi lescht Jore spuere konnt. Dofir felicitéieren ech do der Re- gierung, datt se op d’Pist vun engem méi oppene Budget gaangen ass.

Leider kommen déi gefuerdert Transparenz an d’Oppenheet um Niveau vum Gesamtbudget un hir Grenze bei de Spezialfongen. Bei der Dette publique a bei de Steiere feelt et, wéi ugeschwat, nach un Transparenz. An dat be- mängelen net nëmmen ech, mä och d’Cour des comptes – mat hirem privilegéierten Accès – huet an hirem Rapport notéiert, datt et heiansdo un Accès zu Donnéeë géif feelen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, wa mir schonns bei Transparenz sinn, da muss een och uschwätzen, jo souguer fuerderen, datt de PSC an de PNR net nëmmen an der Chamber virgestallt solle ginn, mä och duerch e Vott approuvéiert sollte ginn. Sou kéint een en zousätzlechen Debat iwwert dës Projete virun hirer Transmissioun op Bréissel er- méiglechen an esou d’Roll vum Parlament an och d’Demokratie am Ganze stäerken.

Duerch de verréckelte politesche Kalenner be- handele mir déi véier Dossieren, de Statsbud- get, de Pluriannuel, de PSC an de PNR, – ganz vill – haut, zesummen an engem gemeinsamen Debat. D’Piraten géifen eis hei méi Méig lech- keete wënschen, fir op déi eenzel wichteg Komponenten anzegoen a fuerderen dofir, datt d’Chamber och fir de PNR an de PSC de Pou- voir kritt, e Vott ofzegi respektiv zumindest en Debat dozou ofzehalen.

Deementspriechend, aus deem Grond, Här Pre- sident, deposéieren ech Iech och hei eng Mo- tioun, déi d’Regierung invitéiert, fir an Zukunft de PSC an de PNR matzäiten, zesumme mat enger Demande, fir en Débat de consultation ze organiséieren, der Chamber zouzestellen, fir esou en demokrateschen Debat an enger ëffentlecher Séance ze erméiglechen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, wärend am Budget engersäits wichteg Poste feelen, fanne mer anerersäits bei deene ver- schiddenste Ministèren, vun der Aussepolitik iwwert d’Finanze bis hin zum Wirtschaftsminis- tère, awer eng ganz Rëtsch Posten, déi sech widderhuelen an déi bedauerlecherweis nach ëmmer net einfach zesummenzerechne sinn. Ech denken do engersäits un déi ganz Budgete fir d’Promotioun vum Image vu Lëtzebuerg an der Welt, och deelweis e Budget Nation Bran- ding genannt, wou d’Press jo och schonns d’Fro opgeworf huet, ob hei net deelweis vun eenzelne Ministèrë probéiert gëtt, fir och selwer eemol kënne Subsiden ze verdeelen.

D’Fro vun der Dimensioun vun der Transparenz stellt sech och am Hibléck op de Poste fir d’Frais d’experts et d’études, déi bei bal all Ministère existéieren, Ausgaben, déi am Ganze 25 Milliounen am ganze Budget ausmaachen. Ech kommen op déi Zuel, andeem ech mech dohin- nergesat hunn an tatsächlech bei all Ministère, bei all Soussektioun dee Posten erausgesicht hunn an en op der Hand zesummegerechent hunn. Ganz esou einfach ass dat nach ëmmer net, trotz där neier Transparenz vum Budget. Hei kéint ee sech erwaarden, datt een an Zukunft e bësse méi transparent mat deene Chifferen ëmgeet an eventuell och nei Visualiséierungen um Site vum Budget géif virgesinn, fir no Code- fonctionnellen zum Beispill ze gruppéieren.

Här President, et ginn natierlech och e puer positiv Punkten am Budget, déi ech dann och ervirsträiche wëll. Méi Geld fir de Sport ass bei- spillsweis richteg an noutwendeg. D’Resultater vun de leschte Joren hu gewisen, datt eng Pro- fessionaliséierung vun eise Verbandsstrukturen och zu bessere Resultater vun eise Sportler féiere kann.

Schonns laang Jore waren d’Jongen an d’Mee- dercher mam roude Léiw op der Broscht net méi esou erfollegräich wéi déi lescht Joren. Dës gutt Visittekaart vum Land sollte mir weider fër- deren, an dobäi ass dëse Budget en éischten a wichtege Schrëtt. Do dernieft sollte mer grad beim Sport derfir suergen, datt moossbar Re- sultater och moossbar an de Finanzement vun de Veräiner afléissen. Et soll net eleng nom Géisskaneprinzip geschafft ginn. De Qualité+ (veuillez lire : De Subside qualité+) ass do eng Mesure, déi sécherlech gutt Jugendaarbecht belount. A genau an déi Richtung sollte mer zesumme weider iwwerleeën.

Och d’Erhéijung vun den Ausgabe fir d’Ent- wécklungspolitik ass nëmmen ze begréissen. Näischt ass fir de Fridden op der Welt méi wichteg, wéi jiddwerengem eng Perspektiv am Liewen ze erméiglechen, jiddwerengem Zou- gang zu Waasser an Energie ze garantéieren a generell de Liewensniveau vu jiddwerengem unzehiewen. Fluchtursaache bekämpft een net mat véier Millioune fir Frontex op den EU-Baus- segrenzen, mä mat konsequenter Entwéck- lungs hëllef um Terrain.

Hei gëllt et opzepassen, datt mer kohärent Poli- tik maachen an net inkohärent engersäits mat wichteger Entwécklungspolitik Fluchtursaache bekämpfen, wärend mir gläichzäiteg duerch d’Finanzéierung vu beispillsweis GovSat, dee fir den Dronekrich benotzt ka ginn, nei Fluchtur- saache schafen.

Virum Hannergrond vun dëser Inkohärenz froe mir Piraten eis, ob hei net d’Entwécklungspoli- tik benotzt gëtt, fir eisen Image, deen duerch eis Oprüstungspolitik däischter Flecke kritt, wäisszewäschen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, wann ech schonns vu Kohärenz schwätzen, da kommen ech och net derlaanscht, iwwert de Mangel u Kohärenz an der Politik vum Wun- nengsbau ze schwätzen. De Logement ass e Käruleies vun de Biergerinnen a Bierger a misst deementspriechend e Käruleies vun der Politik sinn. Mat bal zweestellegem Wuesstum vun der Valeur pro Joer ass den Immobiliemaart den Jackpot fir déi eng an en Hamsterrad fir déi aner.

Wärend aner Ministèrë wéi Mobilitéit, Travaux publics, Ëmwelt a Klima Budgete kréien, déi un d’Gravitéit vun de jeeweilegen ze traitéierende Situatiounen ugepasst sinn, ass de Budget fir de Logement onkreativ an net erfollegsver- spriechend. Et géif eis erstaunen, wann d’Loge- mentspolitik mat dësem klenge Budget méi wéi nëmmen eng Drëps op de waarme Steen géif fäerdegbréngen.

De Logementsproblem schéngt eng waarm Gromper ze sinn, déi vu Minister zu Minister, vu Legislatur zu Legislatur ëmmer just weider- gereecht gëtt, ouni datt sech wierklech eppes deet.

Wa mir e méi soziaalt a gerecht Lëtzebuerg wëllen, wou d’Chancen, en adequaten Daach iwwert dem Kapp ze hunn, net dovunner ofhänken, a wéi enger Famill ee gebuer gëtt an ob de Bopa Terrainen hat oder net, da muss massiv an de locative Wunnengsbau investéiert ginn. Datt dëst op laang Vue och nach e Ren- dement fir de Stat kéint generéieren an esou de Budget mëttel- a laangfristeg ausbalancéiere kéint, dierf een dobäi net vergiessen.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, erlaabt mer och nach, e puer Momenter beim Thema vun der Kohärenz ze bleiwen an nach e weidert Beispill fir d’Feele vun dëser ze ginn. Mir schwätze vill vun der Diversifikatioun vun der lëtzebuerge- scher Ekonomie. Certes goufen eng Rëtsch Me- surë geholl, fir d’Ekonomie ze diversifiéieren. Leider spigelt sech dat nach ëmmer net bei de Recettë vun der Steierverwaltung erëm. Ganz am Contraire geet d’Part vum Finanzmarché, a ganz besonnesch vun de SOPARFIen, un de Re- cettë vum Stat ëmmer an d’Luucht an en Enn ass net en vue.

Mir brauchen also och an Zukunft keng Politik, déi zwar ewell de Bréifboîtten Äddi gesot huet, déi awer nach ëmmer vill ze vill op Bëton a Glas setzt. Wa mir kohärent an eise politeschen Entscheedunge wëlle sinn, da musse mir de kli- mateschen Impakt vun all eise Wirtschaftsaktivi- téite moossen a berücksichtegen.

Eng Pist heibäi kéint et sinn, fir generell e Bilan opzestellen, wéi eng Aktivitéite wéi een Impakt op d’Klima an d’Ëmwelt hunn, fir esou d’Aktivi- téite mat enger héijer Valeur ajoutée a propor- tional geréngem Impakt op d’Ëmwelt konkret ze fërderen.

Här President, an der Regierungserklärung gouf vill vun de Chancë vun der Digitaliséierung ge- schwat an et goufen och Pisten opgewisen, wéi duerch en intelligenten Asaz vun neien Techno- logien d’Käschte vum Stat kéinte gesenkt ginn. Dir verstitt dann an deem Kontext mäin Erstau- nen, wéi ech am Budget bei der Steierverwal- tung gesinn hunn, datt d’Käschte fir Pabeier a Bréiwer sech verduebele wäerten. Gläichzäiteg liesen ech haut op RTL, datt d’Police op Face- book d’Biergerinnen an d’Bierger driwwer muss a Kenntnis setzen, datt elektronesch Park- scheiwen ënner Poursuite pénale verbuede wä- ren. D’Digitaliséierung gëllt also wuel nëmme fir déi grouss Linnen, am Detail gëtt se seelen duerchdeklinéiert. Kohärenz gesäit anescht aus och. an eng erfollegräich Digitaliséierungspolitik Hei stellt sech zudeem jo dann och d’Fro, ob dës kleng Beispiller nëmmen e puer vu ville sinn, oder ob et sech vläicht och nach op anere Plaze widderhëlt, wou et awer just vläicht ver- deckt mat anere Posten duerchgewonk gëtt. Beim Thema Digitaliséierung si mir och bei engem vun eisen historesche Kärthemen. Wéi gestalte mer d’Zukunft an enger Gesellschaft, déi ëmmer méi digital gëtt? Wou eng Dekon- nexioun technesch deelweis guer net méi méiglech ass, well soss Haushaltsgeräter, den Auto oder souguer Gaardegeräter net méi fonctionnéiere wëllen?

Den honorabele Budgetsrapporteur André Bauler huet heizou eng ganz Rëtsch vu Schlag- wierder zitéiert an deelweis definéiert, ouni dës awer an engem konkrete Plang ze encadréie- ren.

Mir brauchen eng Politik, déi d’Digitaliséierung als Chance fir eis Zukunft begräift, ouni awer an enger Opbrochstëmmung all Bedenken iwwer Bord ze werfen. Zu wat et féiert, wann ee seng Ängschten an d’Netverstoe vun der digitaler Welt iwwert d’Chancë vun neien Tech- nologië setzt, weisen d’Diskussiounen iwwert d’Droits d’auteur an d’Upload-Filteren, ëm falsch verstane Risiken an onentdeckte Chan- cen.

D’Digitaliséierung zu Lëtzebuerg, léif Kollee- ginnen a Kolleegen, muss op allen Niveauen duerchdeklinéiert ginn, ouni awer Mënschen, deenen déi néideg Kenntnisser feelen, ze pena- liséieren. Mir brauchen och weiderhin d’Méig- lechkeet, datt jiddwereen, dee kee Webbanking benotzt, seng Bankgeschäfter an enger Agence maache kann, ouni zousätzlech Fraisen an onofhängeg vu sengem Alter. Dofir dierfe mir bei der Digitaliséierung och net nëmmen op d’Formatioun vu Jonke setzen, mä mussen dës och duerch Mediekompetenztraininge fir all Alters tranche komplettéieren.

Dir Dammen an Dir Hären, d’Digitaliséierung op allen Niveauen duerchzedeklinéieren heescht, datt mir net nëmmen eng Bëtons- a Kabelpolitik promouvéiere sollten, wou mir iwwert d’Baue vun Datenzentren, neie Fiber- Kabelen a weideren Infrastrukture schwätzen. Mir brauchen en Debat iwwert d’Valeur ajou- tée, déi een duerch déi Servicer op Basis vun dësen néidegen Infrastrukture schafe kann. Do- fir brauche mir e konsequente Realignement vun eiser Digitaliséierungspolitik hin zu engem Stat, deen eng Plattform offréiert, fir privaten Initiativen ze erméiglechen, genee dës Valeur ajoutée zu de Basisservicer, déi vum Stat of- fréiert ginn, ze leeschten.

Den Internet ass net zu deem ginn, wat en haut ass, well d’amerikanesch Regierung dee- mools den ARPANET zougehalen huet, mä well eng Interkonnexioun vu virera gewënscht a souguer gefërdert gouf.

Wien erënnert sech nach un déi zoue Reseaue wéi MSN, AOL oder, nach méi wäit zréck, un de Minitel an de Bildschiermtext vun der däit- scher Bundespost? Genee, dës Reseauen hu géint den Internet verluer!

M. Charles Margue (déi gréng).- Ech kennen déi.

M. Sven Clement (Piraten).- Dat freet mech, Här Margue, datt Der Iech dodrun erën- nert. Mä se hu géint den Internet verluer, well et zoue Reseaue waren. Et ware Reseauen, wou een net konnt iwwergräifend sech domat ver- netzen. A genausou wäerten Ekonomien an Zu- kunft verléieren, déi e Repli op sech selwer maachen a sech esou verschléissen.

Mir brauchen also eng oppen Ekonomie mat engem oppene Stat, dee keng nei Monopoler, wéi zum Beispill a Form vu LuxTrust, schaaft. Mir brauchen dofir awer och net nëmmen d’Plattform, mir brauchen och gutt ausgebilte jonk a manner jonk Leit um Aarbechtsmarché, déi verstinn, dës Chancen ze notzen.

Här President, ech kommen nach ganz kuerz op een Thema ze schwätzen, dat eis alleguerte beschäftegt an zu risegen Demonstratioune vu Jonke queesch duerch Europa gefouert huet: de Klimawandel.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, e lëtzebuerge- sche Budget ass sécher net d’Plaz, fir eleng d’Welt ze retten. An trotzdeem hätt ee sech e puer Akzenter méi kënnen erwaarden, fir dem Klimawandel entgéintzetrieden.

Jo, de Klimawandel ass eng Urgence a mir kënnen net waarden, bis et nach méi schlëmm gëtt, ier mer handelen. Dofir geet et awer net duer, iwwer een oder zwee Cent um Bensinns- präis ze schwätzen. Dës Mesure, déi zu engem groussen Deel professionell Transporteuren trëfft an domadder e Verkéiersopkommes, dat mer brauchen, fir eis Ekonomie um Dréien ze halen, ass am gréissere Kontext vun de rezente Präishaussë vum Pëtrol näämlech éischter reng symbolesch.

Mir mussen iwwer konsequent Investitiounen an ëmweltfrëndlech Energie schwätzen, well, wéi et ausgesäit, verpasse mer aktuell eis Ziler fir 2020, an dat net ze knapps.

Do dernieft musse mer och an Zukunft iwwer Alternativen zu ëmweltbelaaschtenden Aktivi- téiten nodenken. Ech sot et an ech widderhue- len et och nach eng Kéier: Eng Politik, déi reng op Infrastrukture setzt an net genuch op d’Va- leur ajoutée vun den Alternativen, dréit mat zu engem klimaschiedleche Wuesstum bäi.

Hei hätt ech mer nei Pisten, jo couragéiert Pis- ten erwaart, déi eng kloer Sprooch schwätzen an duerstellen, wéi Lëtzebuerg sech en vue vun soll.den Challengë vum Klimawandel positionéiere Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir hunn als Piraten d’Regierungserklärung matgedroen, well vill gutt Iddien an dëser skizzéiert goufen a mer der Regierung deem- entspriechend e gewëssene Vertrauensvirschoss wollte ginn.

(Interruption)

De Budgetsprojet ass elo déi éischte Kéier an dëser Legislatur, wou de Regierungsprogramm mat der haarder Realitéit vun der Finanzmathe- matik konfrontéiert gëtt. An do gesi mer, datt villes, wat an der Regierungserklärung stoung, weder am Budget nach direkt am Pluriannuel virgesinn ass.

Ech sot et haut ewell: Et feele Piste fir eng Steierreform, déi elengerzéiend a verwitwet Persounen entlaascht. Et feele kohärent Piste fir d’Digitaliséierung, déi iwwer e rengt Mandat vun der Simplification administrative eraus- ginn …

(Interruption)

… a Lëtzebuerg fest als First Mover am 21. Jor- honnert verankeren.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, dat gesot, ginn ech d’Hoffnung net op, datt d’Regierung hir Verspriechen aus dem Regie- rungsprogramm nach aléise wäert. D’Legislatur huet jo nach e puer Joer.

Plusieurs voix.- Aah!

M. Sven Clement (Piraten).- A wann déi gutt Proposen aus dem Koalitiounsaccord dann och iergendwann hiren Nidderschlag an engem Budget fanne sollten, da wäerte mer dëse selbstverständlech nees unhand vu senge Meritte moossen an dann hoffentlech zu enger anerer Konklusioun komme wéi haut.

En vue vun dësem defizitäre Budget wäert et awer schwéier ginn, fir eng weider Marge de manœuvre ze schafen, fir an Zukunft déi drén- gend néideg Reformen ze finanzéieren, déi am Regierungsprogramm skizzéiert goufen.

Grad dofir hätt ech mir jo en anere Budget gewënscht, e Budget, bei deem ee keng nei Scholde fir Transfere gemaach hätt an d’Marge vum Excedent vun 2018 genotzt hätt, fir Inves- titiounen ze maachen, déi u Valeur gewonnen hätten, oder fir Scholden zréckzebezuelen, fir esou eis Zënsbelaaschtung ze reduzéieren. Leider ass dëst awer aktuell net de Fall. Esou läit de Ball elo bei der Regierung, fir der Chamber an de kommende Joren, ufänkend am Hierscht vun dësem Joer, e Budget ze proposéieren, deen hiren urspréngleche Visiounen a Versprie- che méi gerecht gëtt. Deementspriechend kënne mir de Budget haut a muer net mat- droen.

Ech soen Iech awer villmools Merci fir d’No- lauschteren.

(Interruption)