Header for Projet de loi concernant le budget des recettes et des dépenses de l’État pour l’exercice 2021 et modifiant:

Projet de loi concernant le budget des recettes et des dépenses de l’État pour l’exercice 2021 et modifiant:

Dës Ried hunn ech den 17/12/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi concernant le budget des recettes et des dépenses de l’État pour l’exercice 2021 et modifiant:” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

1.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci, Här President. Mir si prinzipiell och fir eng Finanztrans aktiounssteier. Mir géifen et och ganz gäre gesinn, wa se a méi Länner wéi nëmmen engem gläichzäi teg géif kommen. Mir fannen awer déi heite Mo tioun ze restriktiv, well se sech direkt scho festleet op weltwäit respektiv zumindest d’OECD. D’OECD ass grouss an awer relativ heterogeen. Deement spriechend gesi mer dat als e bëssen ze restriktiv. An duerfir wäerte mir déi Motioun hei och net mat stëmmen.

2.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci, Här President. D’Iddien hannert der Motioun si mer zu engem groussen Deel sympathesch, mee ech hu ganz éierlech keng Anung, wat dat dote fir en Im pakt op de Staatsbudget hätt. Ech hunn och net direkt eng Anung, wat datt all eenzel Mesure fir sech geholl fir en Impakt op de Wunnengsmaart hätt. An ech denken, datt dat dote méi breet muss diskutéiert ginn, wéi just op engem Blat Pabeier hei als Motioun séier ofgestëmmt ginn.

Wann et an d’Kommissioun geet, kéint ech mech deem uschléissen. Wann net, enthale mir eis, well et awer ze onkloer ass fir eis, wat dat do betrëfft.

3.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Ech verstinn, wat den Här Roth gemengt huet, an ech hu mech och säit gëschter mir haten d’Mo tioun jo elo schonn e bësse virleien nach eng Kéier e bësse méi intensiv mat deem Dossier beschäf tegt, well et eppes ass, wat mer awer um Häerz läit. Et sinn nämlech grad déi Leit mat deem nid dregsten Akommes, déi jo vum Steierfräibetrag am meeschte profitéieren. Wat ee méi verdéngt, wat ee méi Steiere bezilt. Ech mengen, dat ass e Prinzip, dee mer héichhale sollten. Dat sinn eeben déi breet Schëlleren, vun deene mer gäre schwätzen, déi e bësse méi droen.

De Problem ass, datt duerch d’Upassunge vum Min destloun … Eleng duerch d’Upassung vum Mindest loun dee geet dann elo an d’Luucht, mir hunn dat hei alleguer gestëmmt verdéngen déi Leit méi, mee de Steierfräibetrag geet net an d’Luucht.

Dat bedeit, datt déi Suen, déi se elo méi kréien, déi d’Chamber hinne méi gestëmmt huet, déi en Droit acquis sinn a wou keen heibanne kontestéiert huet, datt déi Erhéijung soll kommen, déi féieren dozou, datt ee gudden Deel dovunner schonn nees a Steiere ginn. Dat fannen ech iergendwou awer, wann et net esou traureg wär, fir ze laachen.

Mir ginn erëm mat enger Hand a mir huelen direkt mat där anerer erëm e bëssen ewech. An da schwätze mer och iwwert den Index. Mir hunn en Indexsystem, fir eng Progressioun vun de Salairen ze hunn. Mir hunn en Index, fir en Ausgläich vun der Inflatioun ze hunn. Dat ass eng gutt Saach. Dat huet eis soziale Fridden hei zu Lëtzebuerg garan téiert an deene leschte Joerzéngten.

Mee allkéiers wann den Index kënnt, kréien d’Leit zwar méi brutto, mee den Netto wiisst net mat deem nämmlechten Taux wéi hire Brutto. Dat fan nen ech net eng equitabel Reegelung. An deement spriechend wäerte mir och dës Motioun hei ënner stëtzen, well anescht wéi den Här Roth et gelies huet, mengen ech, steet hei och net dran, datt et eng Obligatioun gëtt, datt et en Automatismus gëtt, mee et ass e Soll, an datt d’Regierung do muss ak tiv ginn, fir dat ze maachen. An deementspriechend mengen ech och net, datt hei en Automatismus ex plizitt gefuerdert ass.

Ech gesinn et esou, datt d’Regierung hei d’Méig lechkeet kritt, fir eeben a reegelméissegen Ofstänn all zwee Joer e Rapport ze maachen an dann déi kal Progressioun och ze kompenséieren. Dat ass zumindest meng Lektür. Mee ech mengen, datt den Auteur vun der Motioun eis do méi opkläre kann, wéi et gemengt ass, wéi ech. Mir wäerten op alle Fall déi Motioun hei matdroen, well et kann net sinn, datt mer mat där enger Hand ginn a mat där anerer direkt erëm e Batz dovunner ewech huelen.

4.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, déi Mo tioun hei ass vläicht och net chiffréiert. An ech soen och direkt, ech hu keng konkreet Iddi, wat fir ee Montant een do misst usetzen, well eis als Chamber déi Zuelen einfach feelen. Ech stelle just fest, an dat ass e Constat, dee scho méi oft ge schitt ass: Déi Méiglechkeet, an de Fraisd’obtentio nen e Bureau à domicile ofzesetzen, ass eppes, wat just Leit kënne maachen, déi u sech bessergestallt sinn.

Éischtens emol muss ee Proprietär sinn, fir iwwer haapt dovunner kënnen ze profitéieren. An da muss et laut där Circulaire 105/2 och nach e Raum sinn, deen dediéiert ass, dee principalement fir en Home office benotzt gëtt. An et däerf och keen Duerch gangsraum sinn. Dat heescht, wann een iergend wou nach e Schloff ënnert der Trap oder soss am Trapenhaus hätt, deen däerf een och net ofsetzen. Et muss also wierklech e Raum mat véier Maueren an enger Dier sinn. Ech weess net, ob dat nach esou zäitgeméiss ass, wéi déi Circulaire vun 1998 dat klénge léisst. Ech froe mech, ob se 1998 iwwer haapt zäitgeméiss war.

Bref, et ass keng gesetzlech Basis. D’gesetzlech Basis ass den Artikel 105 L.I.R. Et ass eng Circu laire vum Direkter vun der Steierverwaltung. Et ass eppes, wat relativ einfach kéint geännert ginn. A mir hu gesinn, datt jiddweree, dee konnt Home office maachen, incitéiert gouf an den Homeoffice ze goen. An elo sollte mer déi Leit, déi dat dann och gemaach hunn, déi och deelweis an hirer Stuff, déi deelweis am Kannerzëmmer, déi am Trapenhaus souzen, fir hiren Teletravail ze maachen, datt déi awer déi Käschten, déi hinnen doduerch entstane sinn, och kënne steierlech geltend maachen.

Et ass vläicht eng Drëps op de waarme Steen. Et ass awer virun allem och d’Méiglechkeet, fir ze wei sen, datt mer wierklech zum Teletravail incitéieren an net nëmme bei deene Leit incitéieren, déi e Raum à part hunn, dee se grad net brauchen, mee datt mer et wierklech incitéiere bei jiddwerengem an dann och steierlech géife begënschtegen.

Aner Länner hunn do Forfaiten, Pauschalbeträg festgesat. Dat kéint eng Pist sinn. Eng aner Pist kéint natierlech sinn, d’Realkäschte kënnen ofzeset zen. Dat wëll ech an där Motioun hei guer net fest formuléieren. Ech denken, datt et do u sech un der Regierung wär. D’Chamber géif heimadder d’Regie rung invitéieren, eppes ze maachen an domadder dann deene Leit entgéintzekommen. Vu datt et eng Circulaire vun der Steierverwaltung ass, kann d’Steierverwaltung ganz eleng dat maachen. An duerfir brauche mer keng Gesetzesännerung an duerfir ass hei och de Wee vun der Motioun, men gen ech, dee richtegen.

5.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Ech kann eng Offer un d’Majoritéitsparteien …, ech ka ganz gutt domadder liewen, wa mer et géifen an der Kommissioun behandelen. Ech verweisen awer op d’Deadline, fir d’Steiererklärung vun dësem Joer ze maachen, déi am Mäerz d’nächst Joer ass, sou datt et wierklech eng zäitno Kommissiounssëtzung muss sinn, wou mer doriwwer schwätzen, well soss riskéiere mer, datt mer déi éischt Steiererklärungen deposéiert hunn, éier mer doriwwer geschwat hunn, an dat wär definitiv net dat, wat d’Intentioun vun där Motioun hei ass.