Header for Projet de loi du XX portant modification: 1° du Code du travail;2° de la loi modifiée du 19 décembre 2008 portant réforme de la formation professionnelle

Projet de loi du XX portant modification: 1° du Code du travail;2° de la loi modifiée du 19 décembre 2008 portant réforme de la formation professionnelle

Dës Ried hunn ech den 16/07/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi du XX portant modification: 1° du Code du travail;2° de la loi modifiée du 19 décembre 2008 portant réforme de la formation professionnelle” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, Stagë gi gemaach, fir datt ee sech mat deem Beruffs bild, fir wat ee léiert, besser ufrënne kann. Wann een et kenneléiert, datt ee sech schonn e bësse wuelfillt, datt een en éischte Schrëtt an d’aktiivt Liewe ka maachen. Eppes, wat immens wichteg ass! Eppes, wat esou wichteg ass, datt mer net däerfe vernoléissegen, wann et zu engem Creux vu Stageplaze géif kom men.

Et ass awer och esou, an dat däerfe mer bei alle Lueweshymnen op d’Stagen net verkennen, datt ganz heefeg Stagiairen Aarbechte maa chen, fir déi se u sech nach net qualifizéiert sinn. Et kënnt vir, datt Stagiairen Aarbechte maachen, déi u sech misste vun engem festen Employé an hirem Betrib gemaach ginn. An ech mengen, datt een do och net däerf einfach d’Ae virdrun zoumaachen.

Wat awer richteg ass a wat mat deem heite Gesetz elo gemaach gëtt, ass, datt änlech wéi d’Employéen d’Stagiairen dann och den Dag Congé bäikréien. Et ass a mengen Aen e bësse schued, datt deen Dag Congé ee Joer méi spéit wéi fir d’Employéë kënnt. Mee, wéi seet een esou schéin, besser spéit wéi ni!

Wat fir eis Piraten awer och e gudden a wich tege Schrëtt ass, ass, fir déi véier CCPen ëm ee Joer ze verkierzen. Et ass e Gest, fir déi Ausbil dung méi attraktiv ze maachen. Eng Ausbil dung, déi awer trotzdeem valoriséiert soll sinn.

Dat heescht, et gëtt sportlech. Et gëtt sportlech, wa mer dat heiten haut stëmmen, fir am Hierscht déi néideg Programmer stoen ze hunn, fir esou … an ech mengen, dat huet d’CSL jo och an hirem Avis ugemierkt, datt u sech d’Ver kierzung eréischt ab dem Schouljoer 2021/2022 sënnvoll ass, well et soss einfach net ze rea liséiere wier.

Mir begréissen et also fir dëse CCP, dës véier CCPe méi attraktiv ze maachen, fir esou hof fentlech e puer méi Schüler, déi vläicht soss aus dem Bildungswiesen och géifen ausscheeden, eng weider Pist, eng weider Dier opzemaa chen.

An dann, dee leschte Punkt, dee mer awer ganz vill um Häerz läit an deen ech och net wëll ver giessen, ass dat vun den nationalen an internationale Meeschterschaften a Concoursen. Näischt ass méi schéi fir e Schüler, wéi wann e sech ka mat anere Schüler aus sengem eegene Gebai, aus anere Gebaier, mee och aus anere Länner moossen. Wann ee ka weisen, datt ee säin Handwierk gutt geléiert huet. A fir datt do d’Konditiounen optimal ginn, bidde mer dann an dësem Gesetzesprojet och zousätzlech elo deene Leit, déi d’Schülerinnen an d’Schüler begleeden, e Recht op individuelle Congé de formation un.

Ech mengen, datt dat e wichtegt Signal ass. E Signal, datt mer als Politik esou Concourse fërderen, datt mer weisen, datt mer houfreg sinn op déi, déi en Handwierk ausüben an dat och op engem Concours beweise wëllen.

Dëst gesot, gi mir eisen Accord fir dëse Projet.

Ech soen Iech Merci.