Header for Projet de loi portant approbation de la Convention n° 122 de l’Organisation internationale du travail sur la poli tique de l’emploi, signée à Genève, le 9 juillet 19647518 Projet de loi portant approbation de la Convention n° 144 de l’Organisation internationale du travail sur les consultations tripartites relatives aux normes internationales du travail, signée à Genève, le 21 juin 19767519 Projet de loi portant approbation de la Convention n° 187 de l’Organisation internationale du travail sur le cadre promotionnel pour la sécurité et la santé au travail, signée à Genève, le 15 juin 20067521 Projet de loi portant approbation du Protocole P029 Protocole de 2014 relatif à la convention sur le travail forcé, 1930, adopté par la Conférence générale de l’Organisation in ternationale du travail, fait à Genève, le 11 juin 2014

Projet de loi portant approbation de la Convention n° 122 de l’Organisation internationale du travail sur la poli tique de l’emploi, signée à Genève, le 9 juillet 19647518 Projet de loi portant approbation de la Convention n° 144 de l’Organisation internationale du travail sur les consultations tripartites relatives aux normes internationales du travail, signée à Genève, le 21 juin 19767519 Projet de loi portant approbation de la Convention n° 187 de l’Organisation internationale du travail sur le cadre promotionnel pour la sécurité et la santé au travail, signée à Genève, le 15 juin 20067521 Projet de loi portant approbation du Protocole P029 Protocole de 2014 relatif à la convention sur le travail forcé, 1930, adopté par la Conférence générale de l’Organisation in ternationale du travail, fait à Genève, le 11 juin 2014

Dës Ried hunn ech den 03/12/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant approbation de la Convention n° 122 de l’Organisation internationale du travail sur la poli tique de l’emploi, signée à Genève, le 9 juillet 19647518 Projet de loi portant approbation de la Convention n° 144 de l’Organisation internationale du travail sur les consultations tripartites relatives aux normes internationales du travail, signée à Genève, le 21 juin 19767519 Projet de loi portant approbation de la Convention n° 187 de l’Organisation internationale du travail sur le cadre promotionnel pour la sécurité et la santé au travail, signée à Genève, le 15 juin 20067521 Projet de loi portant approbation du Protocole P029 Protocole de 2014 relatif à la convention sur le travail forcé, 1930, adopté par la Conférence générale de l’Organisation in ternationale du travail, fait à Genève, le 11 juin 2014” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, haut stëmme mer also iwwer eng ganz Rei vu Gesetzer of, déi op Konventioune vun der OIT, der internationaler Aar bechtsorganisatioun, baséieren.

Erlaabt mer als Éischt, dem Rapporter Merci ze soe fir dee gudde schrëftlechen, awer och deen infor mative mëndleche Rapport fir direkt véier Texter.

Bei verschiddenen Texter, an dat huet de Rapporter och ugedeit, ännert sech guer net esou vill un der jëtzeger rechtlecher Situatioun hei zu Lëtzebuerg, wéi bei der Konventioun fir d’Sécherheet an d’Ge sondheet op der Aarbecht an der Konventioun fir d’Promotioun vum Plein emploi, bei där all Staat, deen dës Konventioun ënnerschreift, sech enga géiert, datt et eng effikass Berodungsstruktur të schent Staat, Gewerkschaften a Patronatsvertrieder soll ginn.

No dëser Konventioun muss all Joer eng Tripartite organiséiert ginn, wat een nëmmen ënnerstëtze kann. Well wéi soll ee sozial Problemer léisen, wann d’Acteuren um Terrain net matenee schwät zen? Dat wär schwiereg bis onméiglech.

Dofir, als kleng Klammer: Wa mer vun Tripartite schwätzen, kéint een och eng Kéier iwwerleeën, d’Konzept vun den Tripartitten op aner brennend Problemer vu Lëtzebuerg auszewäiten. Ech denken do vläicht un de Wunnengsmaart, eppes, wat d’Pira ten och an der Vergaangenheet scho mol gefuer dert hunn.

Mee zréck bei de Programm, zréck bei d’Konven tiounen, iwwert déi mer haut ofstëmmen. Déi Konventioun, déi mir am wichtegste schéngt, ass d’Konventioun zum Travail forcé. Laut der OIT si 24,9 Millioune Leit op der Welt Affer vu moderner Sklaverei. Dës Leit erwirtschafte bis zu 150 Milliar den Euro d’Joer fir hir Cheffen, oder kommt,mir sinn éierlech, hir Sklavenhalter. Oft steet dëse Problem a Verbindung mat sexueller Ausbeutung vun de Be traffenen. An Europa stellt sech an dësem Zesum menhang dofir virun allem de Problem vum Mën schenhandel, meeschtens vu Fraen a Kanner, déi an der Prostitutioun oder an illegale Wuerenhaiser ge notzt ginn. Mat dëser Konventioun sollen d’Staate sech elo verflichten, fir méi géint déi gezwongen Aarbecht ze maachen an deene Leit, déi dervu be traff sinn, eng Méiglechkeet ze ginn, sech ze wieren. Dës Konventioun betrëfft, wéi schonn ugedeit, haaptsächlech extreem vulnerabel Leit. Leit, déi zum Beispill keng Openthaltsgeneemegung hunn a sech dofir oft net trauen, sech vun offizieller Säit hëllefen ze loossen. D’Länner sollen dofir net nëm men d’Justiz drop virbereeden, mee och en nationa len Aktiounsplang ausschaffen, fir dës Aart vun Ausbeutung ze verhënneren.

Lëtzebuerg hat an dësem Kontext jo schonn Infor matiounscampagnë lancéiert. D’Efforten, déi zu dësem Theema gemaach ginn, mussen awer nach eng Kéier verstäerkt ginn. Laut dem Global Slavery In dex vun 2016 liewen a Lëtzebuerg ronn 0,18 % (veuillez lire: 0,02 %) vun der Bevëlkerung a moder ner Sklaverei. 0,02 % kléngt no net vill, kléngt quasi no näischt, mee an absolutten Zuele wären dat 110 Mënschen (veuillez lire: 100 Mënschen). 100 een zel Schicksaler, déi eis net dierfen egal sinn. Et ass eng erschreckend héich Zuel, déi an deene leschte véier Jore wuel leider net méi kleng ginn ass.

Fir dass dëst net einfach nëmmen e juristeschen Text bleift, mee zu enger reeller Verbesserung um Terrain féiert an och virun allem eng reell Verbesse rung fir déi Betraffen, muss mat den Acteuren um Terrain zesummegeschafft ginn. Hei huet d’Kom missioun vun de Mënscherechter den Appell ge maach, dass de Rôle vun den Associatioune misst am Text matverankert ginn. Dat gouf leider net zréck behalen.

Och d’Riichtere musse fir dëse Fall geschoult ginn. An d’Patrone mussen duerch den Aktiounsplang sensibiliséiert ginn. Wann een de Leit wëllt hëlle fen, déi zur Aarbecht gezwonge ginn, muss ee mat hiren éischten Uspriechpartner zesummeschaffen. An dat sinn nun emol oft ONGen, déi sech fir déi Leit an hir Rechter asetzen.

Am Kontext vun der Ausbeutung vun den Aarbech ter muss een awer oft net esou wäit siche goen. Net nëmme Leit ouni Pabeiere si betraff. Net nëmme Sklavenaarbecht ass direkt betraff. Mir Piraten gesinn och bei Interimsagencen e grousse Problem. Well Interimsagencë benotzen Aarbechter als bëlleg Kräft a ginn hinne keng Perspektiv. Dës Leit ginn zwar bezuelt, verdéngen awer nëmmen en Apel an e Stéck Brout am Verglach zu der Marge, déi op si gemaach gëtt. An oft hu se keng Méiglechkeet, fir sech géint schlecht Aarbechts konditiounen ze wieren, well si sinn nun emol nëm men op Ofruff beschäftegt.

Ech maachen dofir op dëser Plaz nach emol den Appell, fir d’Interimsaarbecht ze begrenzen an d’Steiergesetz unzepassen, datt et soll en Nodeel ginn, wann ee sech fir esou dach awer inhuman Methoden entscheet.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, et ass gutt, datt Lëtzebuerg dës Konventioune ratifizéiert a mir Piraten wäerten dës Projeten och all mat stëmmen. Mee mir mussen och kucken, datt no eisem Vott dës Texter tatsächlech zu enger Ver besserung vun den Aarbechtskonditioune vun de Leit dobausse féieren.

Bei all dësen Texter muss ganz kloer mat de Leit um Terrain zesummegeschafft ginn. Dës Gesetzer sollen net nëmme vun uewen erof eng Realitéit fuerderen, déi et herno einfach net gëtt. Dëst muss zum Deel awer och duerch en Aktiounsplang ge schéien. All d’Leit hei am Land mussen informéiert ginn, wat hir Rechter sinn an u wie si sech kënne wenden, wann dës net respektéiert ginn. Fir Mën sche viru moderner Sklaverei ze schützen, brauch een nämlech e bësse méi wéi nëmmen e puer Blat Pabeier.

Ech soen Iech Merci.