Header for Projet de loi portant approbation de l’Accord modifiant le traité instituant le mécanisme européen de stabilité, signé à Bruxelles les 27 janvier et 8 février 2021 7838 Projet de loi portant approbation de l’Accord modifiant l’Accord concernant le transfert et la mutualisation des contri butions au Fonds de résolution unique, signé à Bruxelles les 27 janvier et 8 février 2021

Projet de loi portant approbation de l’Accord modifiant le traité instituant le mécanisme européen de stabilité, signé à Bruxelles les 27 janvier et 8 février 2021 7838 Projet de loi portant approbation de l’Accord modifiant l’Accord concernant le transfert et la mutualisation des contri butions au Fonds de résolution unique, signé à Bruxelles les 27 janvier et 8 février 2021

Dës Ried hunn ech den 14/07/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant approbation de l’Accord modifiant le traité instituant le mécanisme européen de stabilité, signé à Bruxelles les 27 janvier et 8 février 2021 7838 Projet de loi portant approbation de l’Accord modifiant l’Accord concernant le transfert et la mutualisation des contri butions au Fonds de résolution unique, signé à Bruxelles les 27 janvier et 8 février 2021” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech profitéieren dann och direkt dervunner, dem Rapporter Merci ze soe fir déi sechs Rapporten, déi en haut hei presen téiert huet, sechs ausgezeechent schrëftlech, awer och mëndlech Rapporten.

Ech schwätzen och direkt zu deenen zwee Projeten, dann erspuere mer eis, datt ech nach eng Kéier muss à charge kommen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mat dësen zwee Gesetzesprojete soll d’Parlament eng Ofännerung engersäits vum Fonds de résolution, dem FRU, a vum Mécanisme européen de stabilité, oder kuerz ESM, unhuelen.

Dësen ESM ass jo zanter 2012 a Kraaft a gouf schonn am Kader vun der Eurokris agesat. Notam ment Griicheland, Spuenien, Irland a Portugal hu scho vun dësem Mechanismus „profitéiert“. Firwat soen ech dat esou? Ma well déi Länner, déi dee mools Geld aus dem Stabilitéitsmechanismus kru ten, alles anescht wéi „profitéiert“ hu vun dëser Si tuatioun. Länner wéi Griicheland hu bekannterweis misse ganz grav Aschnëtter an hire soziale Syste mer virhuelen, fir déi sougenannten „Hëllefen“ ze kréien. D’Austeritéitspolitik, déi dës Länner vun aneren EUMemberen opgezwonge krut, huet an dëse Länner vill Schued ugeriicht. D’TVA gouf a Griicheland op 23 % erhéicht, de Pensiounsalter gouf gehéicht an et gouf en neie Plaffong fir d’Pen sionéiert agefouert. Maximal 2.300 Euro Pensioun huet de griichesche Bierger nach zegutt.

Wann ee bedenkt, wéi héich de Chômage virun allem bei deene Jonke war an dass d’Famill d’Pen sioune vun den Eltere respektiv de Grousseltere ge braucht huet, fir iwwerhaapt nach duerch de Mount ze kommen, da war dëst eng Sozialkris, déi d’EU an den FMI ze verantworten haten. De Chef vun der BCE sot deemools, datt d’Länner an der Eurozon, déi sech net un d’Stabilitéitskrittären halen an déi dowéinst eng Kéier missten op Geld aus dem ESM zréckgräifen, missten ënner eng Tutelle financière gestallt ginn. Eng änlech Sprooch huet een och haut hei héieren. Ech wëll net weider drop agoen.

Ech fannen dat ganz, ganz schrecklech, well esou Aussoe schockéieren, well se en immensen Agrëff an d’Souveränitéit vun engem Land duerstellen! Mir Piraten fannen, datt d’Budgetspolitik eng reng Kom petenz vun den nationale Parlamenter ass an och bleiwe soll.

En anere Punkt, op deem een den ESM muss kriti séieren, ass, dass dësen nëmmen indirekt un d’EU gebonnen ass. Et handelt sech weeder ëm eng eu ropäesch Institutioun nach ëm eng europäesch Agence. D’Europaparlament huet also zum Beispill guer keen Afloss op d’Entscheedunge vum ESM, an dat, obwuel d’EUDeputéiert déi eenzeg op deem Niveau direkt vum Vollek gewielte Vertrieder sinn.

Duerch d’Ännerungen, déi dëst Joer beschloss goufen, soll den ESM da méi Muecht kréien. E soll net nëmme méi einfach Gelder zur Verfügung stellen, mee e soll mat der EUKommissioun eng Evaluatioun maachen, wéi eng effikass a stabill Gouvernance auszegesinn huet. Den ESM a säi Conseil de directeurs kontrolléieren dann och de Respekt vun de Mesuren, déi engem Memberstaat géifen operluecht ginn.

Wärend dëser sanitärer Kris huet de Stabilitéitsme chanismus de Memberlänner Prêten ugebueden.

Bis elo huet awer kee Land vun dëser Méiglechkeet profitéiert, dëst, obwuel de Prêt dës Kéier u keng Konditioune gebonne war. Firwat? Well Länner wéi Italie ganz schlecht Erfarunge mam ESM gemaach hunn an derfir gekämpft hunn, fir eebe grad keng Prêten, mee richteg Hëllefe vun der EU ze kréien.

D’Memberlänner hunn eebe kee Vertraue méi an dë sen Outil. Dat soll eis all ze denke ginn. An et weist, datt den ESM misst grondleeënd reforméiert ginn.

E misst eng EUInstitutioun ginn a vum Parlament kënne kontrolléiert ginn.

Här President, d’Piraten hoffen, datt kee Land méi muss op Geld aus dem ESM zréckgräifen. A falls et awer an Zukunft zu weidere Krise sollt kommen an d’Memberlänner op Hëllef ugewise sinn, dierfe mer net d’Feeler aus der Eurokris nach eng Kéier widder huelen.

Austeritéitspolitik a Krisenzäiten ass dee falsche Wee. Austeritéitspolitik a Krisenzäite kann e grous sen Deel vun der Gesellschaft an Aarmut stierzen.

Mir Piraten sti fir e méi transparent an demokra tescht Europa. An den ESM a senger jëtzeger Form gehéiert fir eis do net derzou. An dofir wäerte mir eis och haut beim Volet ESM enthalen.

Elo dann also och nach zur Ofännerung, zum Accord vum Fonds de résolution. No der Kris vun 2008 gouf jo dësen Outil geschaf, fir ze verhënne ren, datt et zu weidere Faillitte vu sougenannte „systemrelevante“ Finanzinstituter ka kommen. Dës sougenannten „too big to fail“Banke si virun allem dem ze labbere legale Kader geschëlt gewiescht, dee virun der Kris a verschiddenen Deeler, awer och nach no der Kris an deenen Deeler bestanen huet.

D’Banke sinn haut relativ gutt encadréiert an hunn an deene leschte Jore ganz vill an d’Compliance mussen investéieren. Aner, manner duerchsiichteg Finanzinstituter erfëllen dës Standarden nach net.

Mir Piraten haten no der Kris eng onofhängeg Iwwerpréiwung vun de Rettungsmoossname fir Finanzinstituter gefrot, well eiser Meenung no hät ten d’Banken, déi gerett hu musse ginn, nach méi staark an d’Verantwortung misse gezu ginn. Et ass ze ontransparent mat dëse Gelder ëmgaange ginn, déi jo awer finalement dem Steierzueler gehéiert hunn.

Mat dëser Ännerung soll jo awer an d’Zukunft ge kuckt ginn an dofir wëll ech dann elo kuerz op d’Än nerungen ze schwätze kommen. Elo soll jo zum Beispill e CommonBackstopSystem agefouert ginn. Doduerch kënne gemeinsam Kreditter mat Ga rantie vum ESM duerch den FRU, also de Fonds de résolution unique, un d’Länner an hir Banke gi ginn.

Duerch d’Covidkris soll de Backstop elo schonn ufanks 2022 a Kraaft trieden. 55 Milliarden Euro sinn dofir scho gesammelt ginn. Duerch dëst neit Sécherheetsnetz sollen d’Banken am Noutfall kën nen opgefaange ginn. Dës Milliarde kommen da jo och net méi aus der Täsch vum Steierzueler, mee goufen elo scho säit Jore vun de Banke selwer abe zuelt. Am Fall, wou eng Bank, och ënnert der Tutelle vum FRU, seng Finanzen net méi ka kitten a virun der Faillite steet, muss innerhalb vun engem Dag eng Entscheedung getraff ginn, wéi d’Bank soll ge rett ginn.

Här President, doduerch, datt den FRU mat Gelder vun de Banke selwer opgestallt gouf, an doduerch, datt mer 2008 bei de Lehman Brothers gesinn hunn, datt mer verschidde Banken a Krisenzäiten einfach net méi kënne sech selwer iwwerloossen, kënne mir Piraten mat dësem Projet hei averstane sinn.

De beschte Wee, fir ze verhënneren, datt awer dës Suen eng Kéier mussen zum Asaz kommen, ass de finitiv, fir weider op kloer Gesetzer a Compliance ze setzen. Fäll wéi dee vu Wirecard an Däitschland, awer och rezent CYBERservices zu Lëtzebuerg wei sen nämlech, datt et och nach ëmmer Lächer an de Sécherheetsnetzer gëtt an datt um Terrain nach laang net alles esou fonctionéiert, wéi et sollt.

Blannt Vertrauen a Wirtschaftspréiwer féiert hei ansdo derzou, datt ee verlooss ass, datt d’Suen awer vläicht futsch sinn, datt iergendeen awer mat de Suen duerch d’Bascht ass. A genau da brauche mer eng Méiglechkeet, fir eebe Banken ze retten, fir datt d’Clienten net herno am Ree stoe gelooss ginn.

Ech mengen, vum Reen hu mer haut jo méi wéi ge nuch matkritt.

Dat gesot, léif Kolleeginnen a Kolleegen, nach eng Kéier: Zum ESM wäerte mir eis enthalen an zum FRU kënne mer eisen Accord ginn. Ech soen Iech Merci.