Header for Projet de loi portant attribution d’une aide financiere exceptionnelle aux organismes de formation engageant des apprentis dans le domaine de la formation professionnelle

Projet de loi portant attribution d’une aide financiere exceptionnelle aux organismes de formation engageant des apprentis dans le domaine de la formation professionnelle

Dës Ried hunn ech den 14/09/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant attribution d’une aide financiere exceptionnelle aux organismes de formation engageant des apprentis dans le domaine de la formation professionnelle” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Merci och dem Rapporter Claude Lamberty fir deen exzellente schrëftlechen a mëndleche Rapport.

Mat dësem Gesetzesprojet wëlle mer jo d’Chancë fir déi jonk a manner jonk Apprentien erhéijen, fir trotz Covid eng Léierplaz ze fannen. Vill Firmen hu jo nach ëmmer Mataarbechter am Homeoffice, ver schiddener hunn ëmmer nach manner Opträg an eng Rei kënne wéinst engem Manktem u Material net esou vill Clienten unhuelen, wéi se u sech wéil ten.

All dëst si Grënn, déi et den Apprentien och 2021/2022 nach méi schwéier maachen, eng Aus bildungsplaz ze fannen. Duerfir ënnerstëtze mir Piraten dëst Gesetz, dat déi Betriber belount, déi säit dësem Fréijoer Apprentien agestallt hunn a gläichzäiteg duerch d’Konditioun vun den iwwerstanenen dräi Méint Proufzäit derfir gesuergt hunn, datt keen Apprenti soll eng Plaz versprach kréien, just fir ee Mount duerno, wann d’Aidë vum Staat um Kont sinn, erëm entlooss ze ginn.

Ech wëll op dëser Plaz dann nach en Appell un d’Patrone maachen, déi e Meeschterbréif hunn, fir vun dësen Aiden ze profitéieren an de Léierbouwen a meedercher eng Chance ze ginn. Well nëmme wa se kënnen hir Ausbildung an Ärem Betrib ofschléis sen, hu se och eng Chance, herno gutt qualifizéiert um Aarbechtsmaart ze sinn. An och dës Kris wäert laanschtgoen an no der Kris, wann d’Optraagsbi cher erëm gefëllt sinn a wann d’Material erëm do ass, da ginn dës Leit, gutt qualifizéiert, dréngend gebraucht. Mee duerfir muss een elo dervu profi téieren, fir se auszebilden.

Ech soen Iech Merci.