Header for Projet de loi portant création du Fonds spécial de soutien au développement du logement

Projet de loi portant création du Fonds spécial de soutien au développement du logement

Dës Ried hunn ech den 21/03/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant création du Fonds spécial de soutien au développement du logement” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Merci och der Rapportrice fir de Rap port. Ech hu mer och vu mengem Parteikolleeg soe gelooss, datt d’Gesetz soll mat Jo beschei negt ginn. Et ass e gutt Gesetz. Et suergt fir méi Transparenz. Et suergt derfir, datt déi Fongen, déi virdrun op enger ganzer Rëtsch Plaze stoungen, endlech regruppéiert ginn. An do duerjer s, datt ee méi Transparenz kritt, mierkt ee vläicht dann och, wou et vläicht eng Kéier un de Sue mangelt, an da kann een och méi einfach géigesteieren.

Ech wëll awer dem Yves Cruchten Merci soe fir wierklech d’Lancéiere vun engem Debat, deen, mengen ech, ganz wichteg ass. An dat ass, datt mer grad an enger Kris net déi nächst Kris däerfen eropbeschwieren. An Däitschland huet d’Regierung ewell eng Gesetzespropositioun op de Wee bruecht, wou se eebe grad d’Evic tioun wärend der Coronakris wëlle verbidden.

Ech wëll net esou wäit goen an der Regierung elo scho soen: „Maacht dat oder dat!“ Mee ech denken, datt Der an aussergewéinlechen Zäi ten aussergewéinlech Léisunge musst huele fir aussergewéinlech Problemer. An ech hoffen, datt mer do an deenen nächsten Deeg well d’Enn vum Mount an domadder d’Deadline, fir de Loyer ze bezuelen, kënnt ëmmer méi no konsequent Schrëtt wäerten huelen, fir eebe genau dat doten ze verhënneren: Datt um Enn vum Mount, um Enn vum nächste Mount net nëmme Leit am Spidol leien, mee och nach Leit op der Strooss sëtzen, well se eebe grad näischt méi vir an näischt méi hannen haten, fir de Loyer ze bezuelen.

Eleng op de gudde Wëllen ze goen, ech mengen, do musse mer eis alleguer näischt vir maachen! De gudde Wëlle fonctionéiert, wann de Baileur deen ass, deen ee kennt aus dem nämmlechten Haus, vläicht nach aus där nämmlechter Strooss. Wann dat awer en inter nationalen Immobiliefong ass, do ass d’Chance fir ze verhandelen dach vläicht däitlech méi kleng, mengen ech.

Deementspriechend: Merci, Yves, fir déi Propo sitioun. Ech mengen, datt mer do alleguerten eis Responsabilitéit mussen huelen an datt dat eppes ass, wou mer och sollten déi nächst Woche ganz séier dru schaffen.

Dat gesot, ginn ech awer den Aval fir dëse Pro jet.