Header for Projet de loi portant dérogation à la loi modifiée du 6 février 2009 concernant le personnel de l’enseignement fondamental

Projet de loi portant dérogation à la loi modifiée du 6 février 2009 concernant le personnel de l’enseignement fondamental

Dës Ried hunn ech den 17/06/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant dérogation à la loi modifiée du 6 février 2009 concernant le personnel de l’enseignement fondamental” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Här Pre sident, léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt villmools merci, sou wéi den David Wagner et gesot huet, fir de siwente Rapport an deenen heiten Dossiere vum Gilles Baum. Ech denken, datt der do nach e puer nokomme virun der Summervakanz, en huet eis et annoncéiert. An deementspriechend wäerte mer nach e bëssen eppes ze schaffe kréien hei.

Wéi scho beim Projet de loi 7588 ugedeit, si mir weiderhin derfir, d’Schoulklassen an zwou Gruppen anzedeelen, a mat der Zoustëmmung zum 7588 ass et dann och logesch, datt mer d’Konsequenze vun engem Zweegruppesystem natierlech matdroe mussen. Et ass esou, datt, wien A seet, och B matdroe muss, respektiv, wien eng AGrupp huet, brauch och eng BGrupp. Et ass nämlech esou, datt, wa mer méi Gruppen hunn, mer méi Personal brauchen. A grad wa mer dann och nach vulnerabelt Personal hunn, musse mer dat ersetzen.

Optimal wär et, wa mer iwwerall gutt ausge bilte Leit op Ofruff prett hätten, déi déi Ausfäll oder déi Méiaarbecht kéinten ersetzen. Mir wëssen alleguerten, datt dat grad am Léierwie sen net de Fall ass, datt mer do keng grouss Reserven hunn, wou een einfach emol esou déi Méiaarbecht kéint ofdecken.

Deementspriechend ass dëse Projet de loi u sech eng Noutléisung. Et ass eng Léisung, déi séier huet misse getraff ginn, fir engem Besoin um Terrain gerecht ze ginn a fir domadder ze garantéieren, datt d’Schülerinnen an d’Schüler iwwerhaapt konnten an d’Schoul goen, an dat an engem aneren, mee zumindest an engem Kader.

Mir Piraten begréissen duerfir, datt et séier goung, schonn am Règlement grandducal d’urgence geholl gouf an elo eebe per Gesetz. Mir stëmmen awer och der Kritik vun der Chambre des Fonctionnaires et Employés publics zou, datt d’Kandidaten awer wéinstens e Minimum un Experienz am Beräich Kanner betreiung sollten hunn, wann dat och nëmmen iergendwou méiglech ass, an ech soen: „wann dat iergendwou méiglech ass“. Dat ass, wann ee realistesch bleift, natierlech net ëmmer méiglech. A mir hunn einfach, och mat den Unien, déi ausgesat sinn, net genuch qualifizéi ert Studentinnen a Studenten, fir der aktueller Demande kënne gerecht ze ginn.

Duerfir deelen ech dem David Wagner säi Gefill, datt ech net weess, wéi een et anescht hätt kënne maachen, wann ee genuch Personal an der Schoul wëllt a muss mobiliséieren. Et wär also gutt, wann déi Kandidaten eng inten siv Formatioun géife kréien.

Et wär gutt, wann déi Kandidate vläicht och duerch dat Schnupperen hei um Schoulwiese de Goût dru kréichen a vläicht am nächste Schouljoer eeben da sech op de Wee maachen, fir regulär kënne rekrutéiert ze ginn. Wann e puer vun deene Kandidaten, déi do konnte re krutéiert ginn, dee Wee géifen aschloen, dann hätt dëse Gesetzestext net nëmmen den Avan tage gehat, datt mer enger Urgence konnte Rechnung droen, mee och deen, datt mer vläicht souguer eng Klengegkeet gutt gemaach hunn, fir laangfristeg méi Personal am Unter rechtswiesen ze mobiliséieren.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, et ass en Noutnol, dee mer hei stëmmen. Mee nichtsdestotrotz musse mer e stëmmen. An duerfir wäerten och d’Piraten den Accord ginn. Ech soen Iech Merci.