Header for Projet de loi portant modification de la loi du 17 mars 1977 concernant l’heure légale

Projet de loi portant modification de la loi du 17 mars 1977 concernant l’heure légale

Dës Ried hunn ech den 11/03/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification de la loi du 17 mars 1977 concernant l’heure légale” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. D’Heure légale, dat ass en Theema, wat op deen éischte Bléck immens dréche kléngt, well kee wierklech weess, wat et domat op sech huet. Mir wëssen alleguerten, datt mer eng Auer hunn, mee déi meescht Aueren heibanne weise warscheinlech net grad déi nämmlecht Auerzäit un.

Fir eis Technologie ass et awer immens wichteg, datt d’Auere ganz prezis ginn an datt d’Auere genau wëssen, weltwäit, wéi vill Auer et grad ass. Ënner anerem zum Beispill: Jiddweree vun eis huet e Lux Trust. Fir Iech eppes ze soen: Dee Code, deen OTP, deen Token, deen Der hutt, funktionéiert just, well dat Gerät genausou weess, wéi vill Auer et grad ass, wéi de Server, op deem Der Iech grad connec téiert. An do muss een op 30 Sekonne près sinn, soss geet et net.

Genau dowéinst ass et esou wichteg, datt een eng ganz kloer Definitioun vun enger Auerzäit huet. An dat ass eeben heimadder geschitt, datt mer dat technesch besser verankeren, datt mer net méi op en Urmeter oder op eng Urminutt zréckgräifen, mee datt mer hei wierklech op d’Atomzäit zréckgräifen. An datt mer dobäi e bëssen d’Zäitzonen ugepasst hunn, ass eng gutt Iddi. Duerfir klauen ech dann och net méi vun Ärer Zäit den Owend an ech soen: Mir ginn eisen Accord.