Header for Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid19

Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid19

Dës Ried hunn ech den 12/03/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid19” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir wëssen et alle guerten: En traurege Joresdag kënnt op eis duer.

D’nächst Woch wäert et e ganzt Joer sinn, säit deem d’Biergerinnen an d’Bierger hirem Alldag nëmmen nach ënner strenge Restriktiounen no komme kënnen. Säit engem ganze Joer hält d’Pan demie eist Land an Otem an en Enn ass, trotz der Existenz vun diversen Impfstoffer, nach net wierk lech en vue.

Ze lues komme mer mat den Impfunge virun an ze heefeg kënnt et zu Liwwerenkpäss, well d’Patent rechter vun den Entreprisë virun d’Bedierfnisser vun de Mënsche gestallt ginn. Eng gesetzlech Obliga tioun, fir d’Zesummesetzung an d’Hierstellungspro zesser vun Impfstoffer oppen ze leeën, wär an dë ser Situatioun nëmme gerecht. Verschiddene Firme Lizenzen auszestellen, fir zäitlech limitéiert patentéiert Vaccinen hierstellen ze kënnen, misst och net op d’Käschte vun den Entwéckler an de Patent besëtzer goen, wann eng entspriechend finanziell Entschiedegung virgesi wär, a géif d’Produktioun vu sécheren Impfstoffer awer optiméieren.

Sech hanner COVAX ze verstoppe fir ze soen: „Mee mir hëllefen!“, geet net duer! Ech erënneren drun, datt d’Pharmaindustrie fir 30 Milliounen Doudeger um afrikanesche Kontinent responsabel war wéinst de Patenter op den Aidsmedikamenter! 30 Milliou nen Doudeger! Dat ass, fir eng Gréisstenuerdnung ze ginn, déi gréisste Katastroph vum leschte Joer honnert. An dat wär vermeidbar gewiescht. An ech hoffen, datt et bei dëser Impfcampagne elo net zu änleche Schied kënnt. Ech hoffen, datt mer déi néi deg Impfstoffer, mat allen zur Verfügung stoende Moyenen, séier kënne produzéieren.

D’wirtschaftlech Kompetitivitéit vun eenzelne Fir men ze schützen, wärend Mënsche stierwen, well se un engem Virus erkranken, géint dee se hätte kënne geimpft ginn, ass eng inakzeptabel Onge rechtegkeet! Dofir ass et vun enormer Wichtegkeet, datt Lëtzebuerg sech op internationalem Niveau fir d’Ausstelle vun Zwangslizenzen aussprécht. Mee dovun hunn ech, leider, vusäite vun eiser Regierung nach wéineg héieren. Dat kann awer och sinn, well d’Motioun jo nach an der Kommissioun muss be handelt ginn. Et ass jo net, wéi wann et ëm Deeg a Woche géif goen.

Wa mer d’Pandemie ënner Kontroll kréie wëllen, da musse mer méi séier impfen, mee Geschwindeg keet ass awer net alles. Et muss och eng gerecht Verdeelung assuréiert ginn. D’Regierung huet sech dofir eng Impfstrategie ginn. Mee wéi déi rezent Entwécklunge gewisen hunn, huet net jidderee sech un dës gehalen.

Et ass Iech warscheinlech bekannt, datt ech mech mam Problem vun de sougenannten „Impfdrängler“ dach och schonn un de Procureur hu misse wen den, well ech der Iwwerzeegung sinn, datt dëst Ver halen och schonns géint déi aktuell Gesetzgeebung verstéisst. An d’Enquête leeft, well ech gouf net méi spéit wéi gëschter vun der PJ invitéiert, fir hin nen dann déi weider Informatiounen ze ginn, déi se zwar och deelweis aus de Presserapporte kéint kréien, a wou ech och hoffen, datt dann, sou wéi HRS dat annoncéiert huet, och dee Rapport vu fën nef … oder vläicht awer aacht, well zielt de Conseil d’administration dann elo zu deene fënnef Inkohärenzen, ech weess et net scho weidergaan gen ass. Op alle Fall: Deen Dossier ass alles anescht wéi zou, den Dossier ass wäit op. An et gëllt elo, do ze enquêtéieren an dann och déi néi deg Konsequenzen ze zéien.

Ech mengen awer, datt et, an dësem ganz spezielle Fall, wichteg wär, konkreet Strofe fir Impfdrängler am Covidgesetz festzehalen, sou wéi dat jo bei spillsweis och an Däitschland aktuell diskutéiert gëtt, an dat iwwert de Verstouss géint staatlech Konventiounen oder eventuell de Vol oder Abus de confiance eraus.

Ech reechen dofir dës Motioun an, mat där ech d’Regierung wéilt opfuerderen, dee bestoende Re gimm fir Strofe fir Leit, déi sech entgéint dem fest geluechte Plang vun der Direktioun vun der Santé impfe loossen, ze iwwerschaffen, fir esou Abusen an Zukunft ze verhënneren.

Här President.

M. Fernand Etgen, Président. Merci, Här Clement.

M. Sven Clement (Piraten). En aneren Aspekt, deen am Zesummenhang mat den Impfunge steet an och méi transparent gereegelt misst ginn, ass dee vun den Impfdosen, déi um Enn vum Dag an de Flacone Rescht bleiwen.

Ech denken, datt mer eis eens sinn, datt keng Impfdosis verschwent däerf ginn an datt dofir all Ampull muss eidel gemaach ginn, och wann un engem Dag keng Rendezvouse méi virgesi sinn. Fir awer ze verhënneren, datt um Enn vum Dag rescht lech Impfdosen u Persoune geimpft ginn, déi ei gentlech keng Prioritéit hätten, wär et wichteg, kloer Reegelen iwwert d’Verdeelung gesetzlech festzehalen. Bis elo feelt et hei nach un enger klo rer Gesetzgeebung, och wann d’Regierung op eng dréngend parlamentaresch Fro vu mir gëschter geäntwert huet, datt d’Impfzentere Reegele fir d’Verwäertung vun iwwregbleiwendem Impfstoff kruten.

Déi Reegele sinn och an dëser Phas vläicht nach suffisant, mee si baséieren drop, datt de Koordina tor vum Impfzenter um Enn vum Dag da Leit mobili séiert, den 112 urifft, fir eventuell nach Securisten ze impfen, a ganz zum Schluss dann nach Leit, déi en iergendwéi erreecht. Wéi en déi da soll fannen, ass net wierklech ersiichtlech. Eenzeg Konditioun: Et däerf net Famill sinn. Dat fannen ech gutt! Et soll zumindest e gewëssene Schutz ginn, mee et geet eis net duer. Mir géifen hei fir eng Léisung optéie ren, déi iwwer en neutralen an automatiséierten No tifikatiounssystem géif fonctionéieren, e bëssen esou, wéi mir hei an der Chamber fir dréngend Sit zunge per SMS an Telefon convoquéiert ginn, wann déi traditionell Convocatiounen net duerginn.

An dofir Här President, reechen ech Iech hei eng weider Motioun an, fir datt eebe grad esou een au tomatiséierte System opgestallt soll ginn, fir datt mer och an Zukunft, wann dann de Ketchup endlech aus der Fläsch kënnt an d’Impfungen disponibel sinn, owes nach ëmmer all Dosis kënne verimpfen.

M. Fernand Etgen, Président. Merci.

M. Sven Clement (Piraten). Här President, ganz allgemeng schéngt bei der Gesetzesupassung, vun där mer haut schwätzen, d’Devise gewiescht ze sinn: ofwaarden an ausharren. Ausser dem Datum vun der Lafzäit vum Gesetz gëtt näischt Déifgräi fendes geännert. Dobäi géif et genuch Sujete ginn, iwwert déi legiferéiert misst ginn, wéi ech hoffent lech mat deem, wat ech virdru scho gesot hunn, däitlech gemaach hunn.

Do dernieft gouf probéiert, endlech eng legal Basis fir d’Schoul ze schafen, mee leider ass dat der Re gierung net gelongen, well se wuel no engem Joer iwwerrascht waren, datt een eng Base légale fir Ent scheedunge misst hunn. Léif Kolleeginnen a Kollee gen, ee Joer méi spéit gëtt en Text geschriwwen, deen dann no informellen Diskussioune mam Staatsrot zréckgezu gëtt an duerch en Amende ment ersat gëtt, deen nëmmen e Brochdeel vun deene Saachen ofdeckt, déi u sech néideg ge wiescht wären. Bref, mir huelen dat dann esou zur Kenntnis.

Um Ufank vun der Pandemie war et wichteg a rich teg, d’Kontakter duerch Restriktiounen erofzefueren an dann ofzewaarden an ze kucken, wat geschitt.

Mëttlerweil liewe mer awer schonns e ganzt Joer mam Virus an et gëtt héich Zäit, méi ze maache wéi nëmmen ze observéieren. Mir musse Weeër op zeechnen, wéi d’Kris ka geréiert ginn a wéi d’Mën sche mam Virus liewe kënnen. Déi unhalend Res triktioune sinn eng grouss Erausfuerderung fir d’mental Gesondheet a grad och fir den Horeca Secteur, dee jo als eenzege Secteur ëmmer nach verbuede kritt, sengem Geschäft nozekommen. An dat ass do och eng grouss finanziell Belaaschtung.

Mir kënnen dës Covidkris net einfach éiweg duerch halen. Déi éischt Zuelen, déi sech mat der Santé mentale wärend der Kris befaassen, weise ganz kloer, datt d’Situatioun net esou weidergoe kann. E Gesetz, dat net vill méi ännert wéi en Datum, ass do an eisen Aen net dee richtege Wee.

Mir brauche Léisunge fir all déi, déi elo schonns vill ze laang nëmme mat 80 % vun hirem Salaire aus kommen. Kuerzfristeg kann ee Lounausfäll a Redu zéierungen iwwerbrécken, mee net Méint a Joren. A mir brauchen och Léisungen, fir Mënschen an dëser schwéierer Zäit ze encadréieren, an dat och, wann hir Suen net duerginn, fir sech en deiere Psycholog oder Therapeut leeschten ze kënnen, oder se eeben net genuch Geld hunn oder dee richtege Posten hunn, fir sech da beim Impfen an déi éischt Rei ze stellen.

Datt d’Méiglechkeet, e Remboursement vun der Krankekeess ze kréien fir eng Psychotherapie grad wärend enger vun de schlëmmste Krise vun de leschte Joerzéngten, ëmmer nach schleeft, ass eng Katastroph. Hei misst ee sech iwwerleeën, ob een, soulaang wéi et keen Accord gëtt fir e laangfristege Remboursementssystem, net d’urgence zumindest emol eng Iwwergangsléisung op d’Bee stelle kéint, fir de Mënschen duerch dës Kris ze hëllefen.

Mir hunn an a manner wéi engem Joer iwwer 600 Leit un de Virus verluer. Méi wéi 600 Mënschen hunn hiert Liewe gelooss, 24 eleng d’lescht Woch!

Dat ass eng Zuel, déi sech nach am leschte Sum mer kee virstelle konnt an déi komescherweis elo awer einfach onkommentéiert higeholl gëtt. Virun engen aacht, néng Méint stoung ech op dësem Pult hei an ech hu Prognose vu Research Luxembourg kommentéiert, déi eis deemools, am Juli, gesot hunn: „Wann näischt geschitt, da gëtt et 5.000 Dou deger; mat de Mesuren, déi Der huelt, prognosti zéiere mir Iech der 500.“ A mir stoungen alleguer ten hei an dësem Raum an alleguerten, déi hei um Pult d’Wuert geholl hunn, hu gesot: „Dat sinn der ze vill!“ Haut, nach kee Joer méi spéit, ass de Constat do, datt d’Fuerscher Recht haten, datt se souguer nach e bëssen ënnerdriwwen haten. A mir hu Mesurë ge holl a si sinn net duergaangen. Däers musse mer eis bewosst sinn an dat musse mer och no dëser Pandemie wierklech nach eng Kéier am Detail ana lyséieren, wat wéini wou schifgelaf ass iwwer 600 Mënschen, dat heescht iwwer 600 Familljen, déi virun engem Joer net woussten, datt se dëst Joer Trauer géifen droen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’stei gend Presenz vun der brittescher Variant vum Virus an der Bevëlkerung an d’Zuelen aus de Kläranlage weise ganz kloer, datt mer musse virsiichteg blei wen. Et ass dofir wichteg a richteg, datt bestëmmte Restriktioune geholl ginn. Mee d’Situatioun recht fertegt awer net, datt mer einfach blann Wochen a Wochen dat selwecht maachen, ouni anstänneg Evaluatioun an obwuel et e grousse Besoin un Adaptatioune géif ginn.

Mir hunn ëmmer nach eng Ausgangsspär, fir déi et keng wëssenschaftlech Rechtfertegung gëtt; kee bezuelbaren Encadrement vun der Santé mentale, well den Dossier iwwert d’Remboursementer vun der CNS net virukënnt; keng konkreet Aussiichte fir den Horeca, net nëmme wärend der Kris, mee och vun der Sortie de crise; keng gesetzlech festgehale Reegelen iwwert d’Verwendung vun den Impfdosen, déi Rescht bleiwen, a virun allem keng spezifesch Strofe fir déi, déi sech an déi éischt Rei drécken.

Dëst Gesetz gëtt der aktueller Situatioun deemno absolutt net gerecht. An dofir wäerte mir Piraten dëse Projet haut och net matstëmmen. Merci.

3.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, Här President. Fir d’Ronn komplett ze maachen: Ech wëll just dem Här Premierminister awer liicht widderspriechen.

Ech ginn awer dem Marc Baum Recht: D’Regierung huet e Vertrieder an der Presidentekonferenz der bäi, da kënne se fir en anere Modell plädéieren. Ech hunn elo grad nach zur Kolleegin Martine Hansen gesot: Wann et esou ass, froe mer allkéiers de Mo dell 4. Dat ass dat Eenzegt, wat dann nach iwwreg bleift. Wat awer d’Minutten ugeet: De Premier huet elo grad gesot, d’Regierung hätt en Aachtel vun der Chamber. Ech wëll just eng Kéier drop hiweisen, datt d’Chamber jo awer der Regierung mat enger Majoritéit de Réck stäipt, …

Mme Martine Hansen (CSV). Très bien!

M. Sven Clement (Piraten). … dat sinn also dräi Parteien. An ech hunn eng Kéier kuerz gekuckt: D’Majoritéitsparteien hunn zesummen 61 Minutten als Parteien, de Rapporter huet 15 Minutten an d’Regierung huet och nach eng Kéier 15 Minutten.

Dat heescht, mir hunn, summa summarum, 91 Mi nutten, wou d’Majoritéitspolitik kann erkläert ginn, géint 61 Minutten, wou d’Oppositiounspolitik kann erkläert ginn.

(Brouhaha)

Et ass awer an der Chamber esou, datt et 31 Depu téiert vun der Majoritéit gëtt an 29 vun der Opposi tioun. Da misst dat rebalancéiert ginn! Et kann net sinn, datt mer 91 Minutten dat Eent hunn an dat nach iwwerzu gëtt!

4.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci, Här President. Ech kommen heihinner, fir datt dann duerno och net ee seet, en hätt mech net héieren oder verstanen. Mir wësse jo dat mat der Akustik!

Also zu der éischter Motioun, mat de Strofen: Ech ginn dem Här Engel absolutt Recht, datt et ka vir kommen, datt déi, déi elo insinuéiert Täter sinn, vläicht net Täter waren, mee vläicht accessoire vun engem aneren ageschriwwe goufen. Ech wëll dat

guer net ausschléissen, dofir soll d’Justiz jo och hir Aarbecht maachen.

(Brouhaha)

Ech mengen, dat ass dat eent.

Dat anert ass: Mir brauchen awer e Kader, e Cadre légal, fir dat Ganzt ze encadréieren a fir och Strofe festzeleeën. Datt dat méi komplex ass, ass mer bewosst, dofir hunn ech och net en Amendement deposéiert, ech hunn och net eng Proposition de loi deposéiert. Mee déi Motioun soll wierklech der Re gierung den Optrag ginn, eppes auszeschaffen, do madder dann an eng Jointe ze kommen, an da kënne mer an der Jointe jo doriwwer schwätzen.

Mee ech mengen, datt mer d’Motioun stëmme soll ten, fir der Regierung deen Optrag ze ginn. An da kënnt d’Regierung jo vläicht bei der nächster Covid iteratioun, vläicht bei der Iteratioun duerno mat engem konkreeten Text, dee mer dann och kënnen diskutéieren, gäre mat deenen zoustännege Kom missiounen.

Zu der Motioun 2: Also ech si frou, datt se ge stëmmt gëtt. Ech wollt just op dat äntwerten, wat Der gesot hutt, datt et keng Reschtimpfunge géif ginn. Ech muss soen, datt ech do gëschter eng aner Äntwert krut an der Question parlementaire urgente 3814, wou nämlech explizitt gesot gouf, datt, wann owes eng Reschtdosis do ass, et dem Coordinateur vum Impfzentrum zoufält, fir een ze fannen, deen déi kritt. Et ass also net esou, datt mer all Owend ëmmer pilepoil erauskommen. Et kënnt vir, datt et Dose gëtt, wou et kee Rendezvous gëtt. An dann ass et de Coordinateur, deen haut d’Responsabili téit huet, fir een ze fannen.

An dee Prozess, deen ech gëschter an där Question parlementaire urgente duergeluecht krut, fonctio néiert a mengen Aen am Moment, wäert awer, „wann dann de Ketchup bis endlech aus der Fläsch kënnt“, fir d’Wierder vum Yves Cruchten ze benot zen, net méi duergoen. An da brauche mer e Sys tem, dee méi stabill leeft, deen och méi neutral leeft wéi nëmmen dem Coordinateur déi Charge opzeerleeën. Dofir hunn ech déi Motioun hei mat bruecht. Ech sinn awer ganz frou, datt se matge droe ka ginn.

Merci.

5.

M. Sven Clement (Piraten). Bon, also, pardon, ech muss lo awer e bësse méi wäit aushuelen. Ech sinn nach bereet, den Term „SMS“ ze sträichen, ëm Gottes wëllen, et geet mer net ëm eng Technologie!

Den „automatiséierte System“ soll awer ausdré cken, datt et net eng Persoun, den Impfkoordinator am Zentrum ass, deen entscheet „à la tête du client“. Ech wëll deene Leit wierklech näischt virge heien, mee ech wëll och net, datt se herno eng Kéier engem Virworf ausgesat sinn, well si maa chen eng Aarbecht, déi net déi einfachst ass, an da musse mer se net och nach an de Risiko bréngen, datt se eppes ausgesat sinn. Ech kann domat lie wen, datt mer dee „per SMS“ sträichen. Mee de Selektiounssystem, wien als nächste geruff gëtt, als nächsten invitéiert gëtt, …

(Brouhaha)

…sollt automatiséiert sinn, fir dat ze verhënneren.

Zum Dateschutz: Dateschutz soll net eppes sinn, fir Leit ze penaliséieren oder fir eppes méi kompli zéiert ze maachen. Dateschutz, wann ee sech …

(Interruptions)

Nee, nee! Wann ëmmer …

(Brouhaha)

Wann een … Also, ech wonnere mech heiansdo, wéi verschidde Leit Dateschutz zitéieren, wann et se ar rangéiert, an dann, wann et se net arrangéiert!

(Brouhaha)

Ech wëll just drop hiweisen: Wann ee sech fräiwël leg op eng Lëscht aschreift an domadder dann och e Consentement gëtt, da läit dee Consentement vir!

Ech kann domadder liewen, wa mer an der Digicom doriwwer schwätzen, mee ech kennen de Kalenner vun der Digicom an ech fäerte ganz, datt dee leschte Lëtzebuerger geimpft ass, éier déi Digicom zesummekënnt.

(Brouhaha)

6.

M. Sven Clement (Piraten). Nee!

M. Fernand Etgen, Président. Nee?

M. Sven Clement (Piraten). Mir hate gesot, mir géifen déi ofstëmmen.

7.

M. Sven Clement (Piraten). Also, Här President, als Auteur ass et jo awer …

(Interruption)

8.

M. Sven Clement (Piraten). Den Här Engel huet gesot: „Mir kënne se och matstëmmen.“

9.

M. Sven Clement (Piraten). Bon. Här President, ech verstinn d’Welt mengen ech net méi. Bref. (Exclamations)

Et steet hei ganz kloer dran, de „Regimm […] ze iwwerschaffen“.

M. Georges Engel (LSAP). Wéi een?

M. Sven Clement (Piraten). De bestoende Re gimm. Wann et kee gëtt, wann et keng Strofe gëtt, dann ass et un der Regierung … Déi Motio un hei in vitéiert d’Regierung, …

(Brouhaha)

… Strofen ze schafen oder ze iwwerschaffen. Ech weess net, wat d’Valeur ajoutée dovunner ass, wa mer eng Kommissiounssëtzung maache n, wou mir als Éischt eng Kéier géigesäiteg driwwer diskutéie ren, wat mir eis virstelle kéinten, wann d’Regierung herno keng Propos mécht.

Wann Dir dat net wëllt … Dir kënnt dat hei sym pathesch fannen, soulaang Der wëllt. Entweeder Dir stëmmt et oder Dir stëmmt et net. Mee sot eis net: „Et ass eis sympathesch a mir stëmmen dergéint“, well dat ass awer e bëssen hypokritesch.

10.

M. Sven Clement (Piraten). Här President, ech si jo keen onräsonabele Mënsch zumindest meesch tens net!

(Exclamations)

Ech kann domadder liewen, se an d’Kommissioun ze verweisen, wa mer se z äitno an do kucken ech dann de President vun der Kommissioun kënnen op den Ordre du jour huelen. Ech weess awer, datt mer e ganz chargéierten Ordre du jour hunn. Dat heescht, mir misste vläicht do iergendwou da Plaz fräisc hëppen. Mee ech hu vollst Vertrauen an den Här Arendt, datt en dat fäerdegbréngt. Fir mech kann dat an d’Kommissioun.

Vote sur le renvoi de la motion 2 en commission