Header for Projet de loi portant modification de la loi du 19 décembre 2020 concernant le budget des recettes et des dépenses de l’État pour l’exercice 2021

Projet de loi portant modification de la loi du 19 décembre 2020 concernant le budget des recettes et des dépenses de l’État pour l’exercice 2021

Dës Ried hunn ech den 09/06/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification de la loi du 19 décembre 2020 concernant le budget des recettes et des dépenses de l’État pour l’exercice 2021” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt e grousse Merci un de Rapporter André Bauler, deen hei, wéi gewinnt, en ausféierleche Rapport souwuel mënd lech wéi och schrëftlech virgeluecht huet.

Mir Piraten si prinzipiell d’accord mat der Verlänge rung vum Abattement fir Proprietären, déi hire kom merzielle Locatairë manner respektiv kuerzzäiteg guer kee Loyer froen.

Dat, wat d’Madamm Oberweis elo grad hei op der Tribün presentéiert huet, ass eng generell Kritik vun dem System vun Abattementer am Steierwiesen. Et ass esou: Wie méi verdéngt, dee bezilt méi en héije Steiersaz. Dat heescht, wa mer en Abattement maachen, profitéiert e méi dervun.

Dat ass e Kritikpunkt, dee mer schonn e puermol hei formuléiert hunn. Dat geet vum Vëlo, vum elektresche Vëlo, iwwert d’Aiden, den Abattement zum Beispill fir Fraisdomestiquen. Wie méi ver déngt, dee bezilt méi Steieren, méi en héijen Taux, kritt also méi eraus, wann en déi ofsetzt. Esou ein fach ass et u sech. Dofir, mengen ech, ass et eng ganz berechtegt Kritik, déi hei formuléiert gouf. Eng Kritik, déi mer och generell, wa mer elo iwwert d’Steierreform schwätzen, musse berécksiichtegen.

An ech denken, datt mer do jo op deene richtege

Schinne stinn, fir deen Debat an abseebarer Zäit hei an der Chamber kënnen ze féieren.

Zréck awer zu dësem Text. Dësen Abattement hëlleft a priori deene Betriber, déi eebe Problemer an der Kris kruten. Déi Betriber, déi bei hire Proprietär ginn a soen: „Ech ka mer et am Moment net leeschten.

Kanns de mer dat heiten noloossen?“ A fir datt dee Proprietär eebe grad keng Perte huet, gëtt en Abatte ment geschaf. Dat ass grondsätzlech ze begréissen.

Mir wëllen et klenge Betriber erméiglechen, duerch d’Kris ze kommen. Mir wëllen et erméiglechen, datt se eebe grad hire Bailleure kënnen de Loyer bezuelen, dee geschëllt ass, respektiv wa se dat net kënnen, datt et do opgeet um Enn vum Dag.

Et gëtt awer ee klenge Couac nach an deem heite Projet, e Couac, wou et éischter drëm geet, fir Flexi bilitéit ze weisen. Et geet nämlech drëm, datt ee muss noweisen, datt ee covidbedéngt eng prekär Situatioun huet. Den Afloss vum Virus op de Betrib ass awer net ëmmer einfach ze beweisen. Dat kann een elo vläicht bei engem Hotel oder bei engem Restaurant, deen eng Fermeture administrative hat, ganz einfach noweisen. Bei engem normalen Handelsgeschäft ass et awer vläicht scho méi schwéier. Spéitstens wa mer dann an d’Büroe ginn, fänkt et un, ganz schwiereg ze ginn, fir vläicht am Detail nozeweisen, datt dat heite covidbedéngt eng prekär Situatioun ass. Mir géifen eis also wënschen, datt hei d’Steierverwaltung déi néideg Largesse géif weisen, déi néideg Largesse, fir eeben derfir ze suer gen, datt, wann dat deklaréiert gëtt a plausibel gemaach ka ginn, datt dat dann och ugeholl gëtt.

D’Aféiere vun engem Abattement ass also sécher lech ni perfekt, mee awer eng wichteg Mesure am Kontext vun dëser Kris. An dat gesot, ginn ech den Accord vun de Piraten fir dës Mesure. Merci.