Header for Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 12 décembre 2016 portant création des sociétés d’impact sociétal

Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 12 décembre 2016 portant création des sociétés d’impact sociétal

Dës Ried hunn ech den 29/06/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 12 décembre 2016 portant création des sociétés d’impact sociétal” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt e grousse Merci un de Rapporter Georges Engel hei fir de mëndlechen a schrëftleche Rapport. Ech kéint elo ganz laang decortiquéieren, wat elo grad gezielt gouf. Ech loossen dat awer sinn, well ech mengen, datt eng Rëtsch vun deenen Argumenter scho vir bruecht goufen, och an de Kommissiounsaarbech ten, an datt mer do net nach eng Kéier mussen drop agoen.

Mat dësem Gesetz, an dat ass, mengen ech, dat Wichtegst, entlaaschte mer kleng Organisatiounen, déi sech zu Lëtzebuerg fir de gudden Zweck aset zen, sougenannten SISen.

Mat dësem Gesetz musse se also net méi fir all Bi lan direkt bei e Réviseur d’entreprises goen. Kee Wonner, datt d’Réviseurs d’entreprises dat net esou gutt fonnt hunn; dat ass ëmmerhin hinnen d’Botter vum Brout geholl. Mee virun allem fir déi Kleng, déi en Actif vu manner wéi 100.000 Euro hunn, war dëst einfach eng onnéideg a virun allem eng ze grouss finanziell Belaaschtung. An duerfir be gréisse mir Piraten och dës Gesetzesännerung.

Mir fuerderen, datt all den Organisatiounen, déi sech hei am Land fir e gudden Zweck asetzen, esou mann wéi méiglech administrativ Steng an de Wee geluecht ginn. An dat hate mer och schonn 2018 gemaach, wéi mer eng Proposition de loi depo séiert haten, fir bei den ASBLen d’Obligatioun vun der Publikatioun vum Membersregëster ze sträi chen, eng ganz kuerz Propositioun vun engem Saz.

De Conseil d’État huet et leider bis haut net a säi Kalenner bruecht, fir en Avis zu där Proposition de loi ofzeginn, eppes, wat ech ganz schued fannen. A vläicht, esou wéi virdrun hei en Appell fir de Covid Check gemaach gouf, dann hei net en Appell un eis selwer, mee vläicht eng Kéier en Appell un de Staatsrot: Deen Text läit elo dräi Joer do, kuckt Iech en eng Kéier un! En ass wierklech net laang, an da kënne mir hei an der Chamber eis Aarbecht maa chen.

Dat gesot, léif Kolleeginnen a Kolleegen, musse mer derfir suergen, datt kleng Strukturen, déi sech fir de gudden Zweck asetzen, net vun onnéideger Bürokratie blockéiert ginn. Mir mussen hinnen de Wee einfach maachen a mir musse se encouragéie ren. A genau dat probéiere mer mat deem heite Pro jet. An duerfir wäerte mir Piraten en och direkt mat Jo stëmmen.

Merci.