Header for Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 1er août 2001 concernant la circulation de titres

Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 1er août 2001 concernant la circulation de titres

Dës Ried hunn ech den 14/02/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 1er août 2001 concernant la circulation de titres” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten).- Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, deen heite Projet de loi ass de Beweis, firwat et technesch affin Mënschen an de Parlamenter brauch. Mir hunn elo erkläert kritt, wat Blockchain ass, net ass oder vläicht ass. An den Zesummenhang mam Gesetzesprojet, dee mer grad debattéieren, ass zumindest net ëmmer ganz kloer eriwwerkomm. An dofir erlaabt mer als Éischt eng Kéier e kuerze Resumé, wat dann elo tatsächlech hei lass ass.

Mir stëmmen of iwwer eng Sazännerung am Gesetz iwwert d’Titrisatioun. Eppes ganz Triviales, eppes wou ech och an der Kommissioun schonn drop higewisen hunn, datt mer héchstwahrscheinlech, soulaang et intern Blockchaine vun de Clearing-Haiser sinn, net emol hätte missen d’Gesetz änneren, well: Eng Datebank ass eng Datebank, ob se ënner Blockchain- Form ass oder ob se relationell ass oder ob et einfach en Textfichier ass oder ob se tatsächlech, ganz „old school“, op Pabeier an engem Tirang iergendwou stockéiert gëtt.

Alles dat ass e Wee, fir Donnéeën ze stockéieren. U sech sollten eis Gesetzer technologieagnostesch sinn, fir esou Piste fir d’Zukunft net zouzemaachen. Dat heescht, wa mir elo hei eppes ganz Spezielles eraschreiwen, dann ass dat a mengen Aen éischter eng PR-Moossnam, fir ze soen: Kuckt hei, bei eis däerft Dir legal d’Blockchain-Technologie benotzen.

Ech si scho frou, datt mer nëmme Blockchain drageschriwwen hunn an datt mer net nach iwwer eng spezifesch Ausprägung vun de Blockchaine geschwat hunn, well do gëtt et mëttlerweil eng Hällewull. Déi bekanntsten, natierlech ëffentlech, ass Bitcoin, mä och Lëtzebuerg huet mëttlerweil e puer privat Blockchainen, déi ganz gutt am Asaz sinn.

Den Här Bauler huet virdru gesot als Rapporteur – a Merci fir de Rapport an och Merci fir d’Erklärung, déi Der ginn hutt iwwert Blockchain am Ganzen -: „Lëtzebuerg huet ni gezéckt.“

Här Bauler, et deet mer leed, hei muss ech Iech onrecht ginn. De Statsrot huet et gesot, d’Chambre de Commerce huet et gesot: Hei zéckt Lëtzebuerg! Éischtens schreiwe mer eng konkret Technologie an d’Gesetz, wou mer et, an eisen Aen, net gebraucht hätten. An zweetens gi mer wierklech net wäit genuch.

Den Här Wagner huet zwar vill Froen opgeworf, mä en huet awer och gesot, datt mer mat der Blockchain vill Avantagë kéinte kréien, datt mer iwwer eng komplett Dematerialisatioun hätte kënnen nodenken. Den Här Mosar seet dat nämlecht.

Ech mengen, d’Chambre de Commerce, de Conseil d’État, eng ganz Rëtsch Politiker, mä och technesch a vill Mënschen dobausse soen: „Hei gi mer net wäit genuch.“ An ech denken, dat sollte mer eis unhéieren an drop reagéieren. An dofir freeën ech mech genausou wéi d’CSV-Fraktioun dann op déi nei Gesetzesprojeten, fir méi wäit ze goen, fir eng komplett Dematerialisatioun matzemaachen.

Et muss een dann awer – an dat ass vläicht, fir zum Schluss ze kommen – soen: Et ass wichteg, datt mer op de Wee vun der Digitaliséierung ginn. All klenge Schrëtt ass ze begréissen, och wann et wierklech nëmmen e klenge Schrëtt, Fouss viru Fouss ass, an net dee grousse Sprong, dee mer eis an aneren Domänen heiansdo zoutrauen, an, wann et ëm Digitaliséierung geet, vläicht net zoutrauen.

Vläicht sollt een, grad op enger Finanzplaz wéi Lëtzebuerg, sech dee grousse Sprong zoutrauen an domat eng konsequent Digitaliséierung vun deene Prozeduren, déi et haut ginn, no vir bréngen, esou wéi et am Avis vum Statsrot a vun der Chambre de Commerce stoung.

Mir Piraten wäerten all klenge Schrëtt, deen a Richtung vun engem méi digitale Lëtzebuerg geet, natierlech ënnerstëtzen. Mä mir wäerten en awer och ëmmer kritesch begleeden an a Richtung vun engem nogeduechtenen a weidergeduechtenen digitale Projet fir Lëtzebuerg matdroen.

Villmools Merci.