Header for Projet de loi portant modification de1° la loi modifiée du 18 décembre 2015 relative à la Norme commune de déclaration (NCD);2° la loi modifiée du 24 juillet 2015 relative à FATCA

Projet de loi portant modification de1° la loi modifiée du 18 décembre 2015 relative à la Norme commune de déclaration (NCD);2° la loi modifiée du 24 juillet 2015 relative à FATCA

Dës Ried hunn ech den 09/06/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification de1° la loi modifiée du 18 décembre 2015 relative à la Norme commune de déclaration (NCD);2° la loi modifiée du 24 juillet 2015 relative à FATCA” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech wollt och profitéieren, fir dem Rapporter, dem Guy Arendt, hei e grousse Merci ze soe fir säin exzellente Rapport, virun allem och well en nach eng Kéier op eng Fro zréckkomm ass, déi ech an der Kommissioun opgeworf hat, wat eeben déi Amendeforfaitairen, iwwert déi mer hei schwätzen, ubelaangt.

Et ass net üblech oder net heefeg, datt mer hei an der Chamber esou eng konsequent Hausse u sech vun enger Amende forfaitaire stëmmen. An ech mengen, datt et dofir och wichteg war, dat an de parlamentareschen Aarbechten ze erwänen. An dofir nach eng Kéier e grousse Merci un de Rapporter, deen dat exzellent op geschafft huet.

Ech mengen, wat d’Basis vun deem heite Projet ass, souwuel wat d’NCD wéi och de FATCA ubelaangt, gouf scho vill gesot, souwuel vum Rapporteur wéi vun de Kolleegen, deem kann ech mech just uschléissen.

Fir eis Piraten ass et immens wichteg, datt mer heimadder eng weider Bréck am Kader vum Kampf géint Steierhannerzéiung, Geldwäsch an aner nefast Aktivitéiten op der Bankeplaz u sech kënne leeën, datt mer domadder sécher stellen, datt mer eeben net op enger groer oder souguer op enger schwaarzer Lëscht lan den, datt mer derfir suergen, datt d’Transak tiounen hei op der Plaz propper sinn.

Ech mengen, mir hunn hei d’Chance, fir Virrei der ze sinn, fir net als Nachzügler, wéi mer dat an der Vergaangenheet virun e puer Jorzéngten awer gären emol waren, ze sinn, mee datt mer wierklech hei Virreider sinn. Datt mer weisen: Zu Lëtzebuerg akzeptéiere mer eebe kee Schmu. Mir schaffe mat eisen Nopeschlänner zesummen, mir schaffe mat eise Partnerlänner zesummen, an dat, wann et drëm geet, fir d’Kriminalitéit auszerotten.

An ech mengen, dat ass dee wichtege Mes sage, dee mer haut ginn. An dofir wäerte mir dëse Projet och matstëmmen.