Header for Projet de loi visant à mettre en place un fonds de relance et de solidarité et un régime d’aides en faveur de certaines entreprises et portant modification de:1° la loi modifiée du 4 décembre 1967 concernant l’impôt sur le revenu;2° la loi modifiée du 20 décembre 2019 concernant le budget des recettes et des dépenses de l’État pour l’exercice 2020;3° la loi du 3 avril 2020 relative à la mise en place d’un régime d’aides en faveur des entre prises en difficulté financière temporaire et modifiant la loi modifiée du 19 décembre 2014 relative 1) aux mesures sociales au bénéfice des artistes professionnels indépendants et des intermittents du spectacle 2) à la promotion de la création artistique

Projet de loi visant à mettre en place un fonds de relance et de solidarité et un régime d’aides en faveur de certaines entreprises et portant modification de:1° la loi modifiée du 4 décembre 1967 concernant l’impôt sur le revenu;2° la loi modifiée du 20 décembre 2019 concernant le budget des recettes et des dépenses de l’État pour l’exercice 2020;3° la loi du 3 avril 2020 relative à la mise en place d’un régime d’aides en faveur des entre prises en difficulté financière temporaire et modifiant la loi modifiée du 19 décembre 2014 relative 1) aux mesures sociales au bénéfice des artistes professionnels indépendants et des intermittents du spectacle 2) à la promotion de la création artistique

Dës Ried hunn ech den 22/07/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi visant à mettre en place un fonds de relance et de solidarité et un régime d’aides en faveur de certaines entreprises et portant modification de:1° la loi modifiée du 4 décembre 1967 concernant l’impôt sur le revenu;2° la loi modifiée du 20 décembre 2019 concernant le budget des recettes et des dépenses de l’État pour l’exercice 2020;3° la loi du 3 avril 2020 relative à la mise en place d’un régime d’aides en faveur des entre prises en difficulté financière temporaire et modifiant la loi modifiée du 19 décembre 2014 relative 1) aux mesures sociales au bénéfice des artistes professionnels indépendants et des intermittents du spectacle 2) à la promotion de la création artistique” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt emol e grousse Merci un d’Rapportrice, déi et verstanen huet, deen heite Projet de loi ze illustréieren an e ganz bildlech duerzestellen, wat déi eenzel Fäll betrëfft.

Ech erspueren Iech dann och, fir nach eng Kéier op den Detail an iwwert d’Wierkungsweis vun dësem Fong ze schwätzen. Ech mengen, ech wëll just op zwee Punkten agoen, déi awer eis Piraten um Häerz leien.

Den éischte Punkt, dat ass deen, an ech hunn et op dëser Plaz hei schonn e puermol gesot, datt mer hei e weidert Instrument schafen, wat ech prinzipiell begréissen, datt een awer mat engem weideren Instrument och seet, datt et eng weider Prozedur gëtt.

Et gëtt erëm eppes, wat en Entrepreneur, e Ge rant selwer muss maachen, wat e muss éisch tens um Site fannen, ënner engem ganze Kata log vun anere Prozeduren. E muss also déi rich teg auswielen. An da muss en déi och nach all Mount ausfëllen. Hei hätt ee sech, am Kader vun der Simplification administrative, e méi einfa chen Outil kéinte wënschen, zumindest am Sënn, datt een et eemoleg géif maachen. Dat gouf jo och an engem Avis ewell thematiséiert. Insgesamt hätte mir eis, am Kader vun där ganzer Pandemiebekämpfung, grad wat d’Wirt schaftsrelance ubelaangt, net nëmmen e flotte Slogan wéi „Neistart Lëtzebuerg“ fir dee Ge samtpackage erwaart, mir hätten eis och ënner „Neistart Lëtzebuerg“ erwaart, datt et en One StopShop fir Entrepreneure géif ginn. An éier elo ee mer seet: „Ma dat ass dach myguichet. lu!“ Jo, dat ass vläicht en OneStopShop, mee et ass awer e relativ oniwwersiichtlecht Regal, wat dorannersteet, wou ee sech nach déi rich teg Mesurë muss selwer zesummesichen. Hei ass nach e bëssen eppes ze maachen, wat d’Simpli fication administrative ubelaangt.

Dat gesot, soll dat awer net de Meritt vun dë ser Mesure a Fro stellen. Et soll just iwwert d’Form: „Wéi kommen ech zu där Aide?“ schwätzen.

An dann den zweete Punkt, an dat hunn d’Kol leege vun déi Lénk gutt ugeschwat, dat sinn déi 25 %, déi een trotzdeem kann entloossen, obwuel een déi Aide hei kritt. Mir deelen do d’Suerge vun der Chambre des Salariés, datt dat en ze héije Seuil ass. Mir hunn e bësse Bauchwéi domadder. Nichtsdestotrotz sollt een net wéinst engem Punkt, wou ee Bauchwéi huet, komplett géint de Projet sinn. Deementspriechend wäerte mer dëse Projet matdroen. Ech sinn awer der Meenung, datt een hei definitiv nach nobessere kéint, voire nobessere misst a virun allem och ee ganz kon kreete Monitoring muss maachen, wéi grad dës Dispositioun an Zukunft genotzt gëtt, well wann d’Majoritéit vun de Betriber herno géif ënner, oder ganz just op dee Seuil kommen, dann hu mer definitiv net dat erreecht, wat mer mat deem Projet hei wëlle maachen. An da musse mer eis dat fir d’Zukunft mierken.

Ech soen Iech Merci.