Header for Projet deloi modifiant la loi modifiee du 17 juillet 2020 sur les mesures de lute contre la pandemie Covid19

Projet deloi modifiant la loi modifiee du 17 juillet 2020 sur les mesures de lute contre la pandemie Covid19

Dës Ried hunn ech den 08/01/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet deloi modifiant la loi modifiee du 17 juillet 2020 sur les mesures de lute contre la pandemie Covid19” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

1.

M. Sven Clement (Piraten). Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt Merci dem Rapporter fir den ausféierleche mëndlechen a schrëftleche Rapport. Virun allem, well dëse Rap port, et ass e bëssen zur Gewunnecht ginn, ëmmer wichteg Klarifikatioune bréngt zu den Onkloerhee ten, déi an deenen haseleg geschriwwenen an dann deposéierte Gesetzer awer nach iwwreg bleiwen.

Mat dësem Covidgesetz sollen also elo d’Schoulen nees opgoen, den net essenzielle Commerce nees Geschäfter maachen an d’Leit dierfen och nees gemeinsam a Gruppe vu bis zu zéng Persounen ze summe Sport maachen. Alles Saachen, déi bis elo verbuede waren. Trotzdeem huet d’Gesondheets ministesch an hirer Pressekonferenz betount, datt et sech heibäi net ëm Oplockerunge géif handelen an d’Situatioun weiderhi ganz eescht wär. Datt eppes, wat virdru verbuede war, elo nees erlaabt soll sinn, héiert sech vläicht verdächteg no enger Oplockerung un. Mee, jo, dat ass awer net esou.

Och d’Josée Lorsché huet jo virdrun hei vun erëm opmaache geschwat, woubäi dat e bësse kokass ass. Mir maachen et nämlech zou, fir eis duerno op d’Schëller ze klappen, datt mer et erëm opgemaach hunn. Also, pardon. Entweeder et ass ee kon sequent an et seet een: „Mir stinn dozou, datt dat zou ass“, an da léisst een et zou, oder et seet een: „Ech wëll et oploossen“, an da stëmmt een et och net mat, wann een zoumécht. Bref, Kohärenz.

D’Situatioun an eise Spideeler ass schliisslech ëmmer nach net gutt. Den Impakt vun de Feierdeeg an d’Ausbreedung vun der neier mutéierter oder vun den neie mutéierte Varianten ass net ofzegesinn an d’Solde sti jo och nach virun der Dier! Wie kéint do och schonn u Lockerungen denken? Wat och ëmmer dëst Gesetz also ass, eng Oplockerung soll et, der Ministesch no, net sinn. Vläicht huet d’Regie rung eng aner Definitioun vun enger Oplockerung wéi de Rescht vun eis. Oder zumindest wéi 29 vun eis. Vläicht wëllt se sech och einfach net d’Blouss ginn, zouzeginn, datt Lëtzebuerg grad, entgéint all deem, wat an eisen Nopeschlänner entscheet gëtt, agéiert. Mee op alle Fall ass dat heiten alles anescht wéi eng kohärent Kommunikatioun.

Mir kënnen dat hei nennen, wéi mer wëllen, sief et elo eng Oplockerung oder eng Adaptatioun, dëst Gesetz wäert dozou féieren, datt d’Kontakter an der Populatioun nees an d’Luucht ginn an d’Mënschen nees eng Rei méi Fräiheeten an hirem Alldag ge néisse wäerte kënnen. An do stellt sech dann awer d’Fro vun der Kohärenz, wann een op där enger Säit seet, d’Zuele wäre schlecht an d’Situatioun nach net ënner Kontroll, an op där anerer Säit e Gesetz stëmme wëllt, wat manner streng Mesurë virgesäit. De Message schéngt ze sinn: D’Situatioun ass eescht! Mir wëssen net genee, wou mer stinn, an net, wat de mutéierte Virus wäert fir en Afloss hunn, mee mir maachen d’Schoulen an d’Geschäfter emol nees op. An Dir kënnt och all nees bis zu zéng Persoune Sport maachen an zu nach méi an de Kino goen. Gitt awer just net an de Restaurant! Esou schaaft ee kee Vertrauen an d’Regierungsaarbecht.

Datt de Gesondheetsministère en Dokument iwwert d’epidemiologesch Situatioun am Land publizéiert, an deem sech kloer géint Oplockerungen ausge schwat gëtt, wärend gläichzäiteg dëse Gesetzes projet hei deposéiert gëtt, vermëttelt d’Gefill, datt d’Regierung net weess, wat se mécht. Ganz ze schweigen dovun, datt hei schonn nees eng Kéier verpasst gouf, mat der Groussregioun zesummen en Usaz auszeschaffen, deen net mécht, wéi wa Lëtzebuerg eng Insel wär.

(Interruption)

Ech si frou, datt d’Lëtzebuerger Sprooch dat schéint Wuert Kuddelmuddel kennt, well ech wéisst éierlech gesot soss net, wéi ech déi aktuell Situatioun anescht sollt beschreiwen. Ech widderhuele mech hei säit Wochen a Méint an et kënnt mir och esou lues zu den Oueren eraus, mee wa mer wëllen, datt d’Leit sech un d’Mesuren halen, da mussen d’Reege len esou sinn, datt d’Grënn dofir novollzu kënne ginn. Ech kann hei awer scho säit Laangem eng ganz Rei Entscheedungen net méi novollzéien. An ech sinn do, mengen ech, net eleng, wann ech menge Virried ner nolauschteren.

Dëst Gesetz gesäit elo scho fënnef verschidde Sätz u Reegele vir. Déi eng gëllen am Privaten, déi aner an de Geschäfter, nach anerer beim Sport, erëm anerer an de Schoulen an zu gudder Lescht ginn et dann och nach eenzel Aschränkunge fir den Horeca, deen et am häertste getraff huet.

Stelle mer eis kuerz vir, mir géifen e Schüler aus dem Lycée, dee sech perfekt un all déi nei Reegelen hält, en Dag duerch säin Alldag begleeden, e pedago gescht Beispill souzesoen!

Moies doheem mat der Famill gëlle keng Aschrän kungen. Um Busarrêt um Wee fir an d’Schoul trëfft e seng Frënn. Do muss een dann zwee Meter Ofstand halen an, jee nodeem zu wéi vill Kolleege se um Bus arrêt stinn, och nach eng Mask undinn oder net. Am Bus selwer muss een dann eng Mask unhunn, mee keen Ofstand méi anhalen. A wann ee bis am Klasse sall ukomm ass mat senge Frënn, da brauch ee wee der Mask nach Ofstand, ausser et ass een an enger Schoul, an där vun der gesetzlecher Fräiheet Ge brauch gemaach gouf, fräiwëlleg eng Maskeflicht an zeféieren, jo nee, da bleift d’Mask op. Okay, éischt Stonn iwwerlieft.

D’Schoul ass schliisslech eng kleng Welt à part. Do gëllen extra Reegelen an déi ginn och léiwer mat Circulairen an Notten ouni déi lästeg Chamber ge holl, obwuel et dréngend noutwendeg wär, méi kon kreet Dispositioune fir d’Schoulen och an dëse Covidgesetzer ze verankeren, an zwar ënnert dem demokratesche Contrôle vun der Chamber.

Mee zréck zu eise Schüler: No den éischte Schoul stonne kënnt dann d’Mëttespaus, wou se an d’Schoulkantinn iesse ginn. Do kann een da mat gewëssenem Ofstand zu senge Frënn „sécher“ seng Moolzecht genéissen, wärend dat selwecht an engem Restaurant „ongeaante Risikoe“ kéint mat sech bréngen an dofir verbueden ass.

No der Schoul geet et da mat de Frënn an de Sport. An do kann een dann och direkt beweisen, datt een an der Mathé gutt opgepasst huet. Do muss een nämlech permanent zwee Meter Distanz halen, wann een zu méi wéi zwee ass, et brauch een dofir awer keng Mask. An den Terrain muss fir eng Per soun mindestens 15 m2 grouss sinn, fir zwou Per soune 50 m2 an ab dräi Persounen eng Quadratme terzuel pro Persoun vu mindestens 30 hunn, woubäi eng Gesamtzuel vun zéng Spiller net iwwerschratt dierf ginn.

Wiem elo de Kapp vun den Zuele schwirrt, majo dee wäert net deen Eenzege sinn, well mir mierken: Et ginn dräi verschidden Distanzreegelen oder Fläche reegelen fir u sech déi nämmlecht Aktivitéit.

Nom Training geet et dann nach séier an de Super marché. Wie vill trainéiert, gëtt schliisslech och hongereg. Net duuschtereg, well Alkohol am ëffentleche Raum ass och verbueden. Also kommt net op d’Iddi, Alkohol ze kafen, dat kéint Iech nach schlecht ausgeluecht ginn!

Am Supermarché ukomm, huet een dann nees seng Mask un, brauch dofir awer keng zwee Meter Of stand anzehalen an et brauch ee just nach eng Sur face vun 10 m2 pro Persoun, ausser dat ganzt Ge schäft huet erëm manner wéi 20 m2, da fält déi Ree gel ewech an da sinn einfach nëmmen nach zwee Clienten am Geschäft erlaabt.

An eisem Beispill si mer elo awer an e grousse Su permarché gaangen, an duerfir si mer elo och zu méi wéi zéng amgaang, eis um Feierowend duerch de Geméisrayon ze schlängelen, wärend mer eis am Rayon mat de Bürosartikelen an aller Rou e Bic aus siche kéinten, d’Persounenunzuel ass nämlech limi téiert, mee d’Fluxen an de Geschäfter ginn net ge leet. E Problem, dee säit Laangem bekannt ass gemaach gouf awer näischt!

Zum Schluss geet een dann nach eng leschte Kéier mam Bus heem, wou dann d’Quadratmeter an d’maximal Unzuel vu Persounen nees egal sinn, mee de Mask awer natierlech ëmmer nach Flicht, éier mer nees doheem sinn.

Do ass dann elo grad d’Boma op Besuch, déi zwar bei eis däerf kommen net soll bei eis kommen, mee däerf kommen , mee mir däerfe si net besiche goen, well dräi plus eent ass erlaabt an eent plus dräi ass net erlaabt. Okay! Mat Mathé huet dat Ganzt näischt méi ze dinn. Et ass arbiträr. Vertraue schaaft een esou net. Kohärenz gesäit anescht aus. Bref, mir schwirrt de Kapp vun deene villen Zuelen!

Wien dat doten auswenneg kann opzitéieren an zu all Zäitpunkt an all Dag weess, ob e sech elo grad un d’Reegelen hält oder net: Gratulatioun! Dir hutt d’Ge setz gutt gelies an all Ambiguitéiten och nach versta nen. Ech weess net, ob jiddwereen dat bréngt. A wéi mer an deene leschte Wochen a Méint gemierkt hunn, kritt een och, jee nodeem wien ee freet an der Regierung oder wien ee freet an de Verwaltungen, ënnerschiddlech Äntwerten op déi nämmlecht Froen. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, et ass wichteg, datt een op verschidde Situatioune verschidde rea géiert. Et gëtt eebe leider net einfach just déi eng Léisung, déi zu all Moment gülteg ka sinn. An ech denken och net, datt d’Leit hei am Land net fäeg wären, zu verschiddene Momenter ënnerschiddlech Mesuren anzehalen. Mee ech mengen, datt mer de Bou esou lues awer ufänken ze iwwerspanen!

D’Lektür vum Gesetz gëtt ëmmer méi komplizéiert an d’Verschiddenheet vun de Mesuren an d’Ge schwindegkeet, mat där se geännert ginn, stinn a kengem Verhältnis méi zum Notzen. Dat féiert éischter zu Frustratioun wéi zu enger besserer Maîtrise vun der Situatioun.

Wann een an engem Bësch steet, an deem een nach ni war, da kann ee sech streiden, wéi ee Wee een dann elo huele soll. Wann ee sech dann awer fir eng Richtung entscheet hunn, da muss een déi Richtung bäibehalen a kann net no all zéng Schrëtt nees en zwousch anescht hilafen, soss leeft ee just an der Mëtt vum Bësch hin an hier an et kënnt een ni eraus.

Mir Piraten hunn déi aktuell Mesuren net matge stëmmt virun zwou Wochen. Mee d’Majoritéit huet sech fir e Wee entscheet. Dat éiert se. Se huet sech fir e Wee entscheet. Mee da solle mer awer wéinstens kucken, bis mer op där nächster Kopp sinn, fir ze gesinn, ob dee Wee dann dee richtegen ass an net à michemin, wärend mer nach lauter Beem ronderëm eis hunn, eis schonn nees ëmdréi nen ëm e puer Grad, sprinten, dann erëm bremsen. Nee, mir sollte besonnen hei e Wee aschloen an deen dann och goen, bis mer d’Resultater vun deem Wee noweise kënnen!

Ech hunn hei nämlech d’Gefill, mir lafen hei am Zick zack a kee weess méi, firwat a wisou. Dat kann et net sinn! Egal, fir wéi eng Mesurë mir eis entschee den, musse mer eis dach mindestens d’Zäit ginn, den Impakt ze erkennen. Wa mer ze séier ze vill Ent scheedungen treffen, kënne mer jo guer net méi erkennen, wéi eng Mesuren dann elo eppes bruecht hunn a wéi eng net.

A wat nach méi schlëmm ass: Mir riskéieren dat, wat mer schonn erreecht hunn, nees ze verléieren. Et gëtt héich Zäit, datt mer nees méi Rou an dëse Prozess kréien an eis engagéieren, grenziwwerschreidend Léisungen ze fannen.

Lëtzebuerg huet an deene leschte Méint gäre bemän gelt, eis Noperen hätten eesäiteg Entscheedunge ge traff a sech net mat eis ofgeschwat. Ma mir maa chen et elo awer och net besser!

Deen Dag, wou an der Belsch d’Geschäfter nees opginn, gi se bei eis zou, respektiv dee Moment, wou se an der Belsch zougaange sinn, waren eis nach op. Ech weess, d’Regierungsparteien hunn hei virdrun erzielt, dat wär alles ganz kohärent. A wann een hinne gutt noglauschtert huet, huet ee bei all Riedner gemierkt, datt ëmmer mindestens ee Land vun den Nopeschlänner oder Lëtzebuerg en eegene Wee géif goen. Bei all Mesure, déi gezielt gouf, ass ëmmer mindestens ee vun deene véier, deen e Sonnerwee geet.

Dat heescht, datt déi Mesuren um Enn net kon sequent an enger Groussregioun applizéiert ginn, wat dozou féiert, datt an engem Espace, wou d’Leit, déi Presseproduite vun alle véier Länner deelweis consomméieren, net méi kohärent informéiert sinn an et Doutte gëtt. Wou ee wierklech kéint weisen, datt d’Zesummeliewen an der Groussregioun géif fonctionéieren an datt mer zesumme kéinten zu enger Entscheedungsfannung kommen, illustréiert déi sech hei jo leider nëmmen duerch chaotesch national Elenggäng.

Dat heite Gesetz ass fir eis keng Verbesserung. Et ass éischter eng Verschlimmbesserung. Dat Een zegt, wat mer kënne begréissen, ass, datt dee grondrechtswiddrege Couvrefeu dann elo erëm ëm zwou Stonne verkierzt gëtt, mee dat geet net duer, fir dësem Gesetz eis Zoustëmmung ze ginn.

Dofir wäerte mir dergéint stëmmen. Ech soen Iech Merci.

2.

M. Sven Clement (Piraten). Och domadder geet en Ampelsystem.